Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Sandweiler

Am Joer 2008 huet Sandweiler den 250. Joeresdag vu senger Kierch gefeiert… Um Programm waren dofir eng Konferenz, eng Ausstellung, de Besuch vum Äerzbeschof, ënner anerem eng Lidder-Veillée an ee neit Buch. Fréier war der Gemeng Sandweiler hiert Gebitt méi grouss, haut ziele just de "Birelerhaff", de "Birelergrond" an de Findel dozou. Vun hiren 771 ha Bësch sinn iwwer 190 ha Besëtz vun der Gemeng. Si ass flächeméisseg eng vun de klengste mä och vun den eelsten am Land. 1316 war ewell de Numm vun engem Sandweiler Scheffen schrëftlech festgehalen.

De Sandweiler Wope spigelt d’Geschicht vun der Uertschaft erëm. Seng gëllen a rout Sträife komme vum Grof vu Lëtzebuerg, dat schwaarzt Kräiz erënnert un der Abtei Mënster hiert Patronatsrecht ….an d’Fliger-Silhouette un de Flughafen. Dass Sandweiler schonn zur Réimerzäit bestoung man Fundamenter an Daachzillen vun enger Réimervilla visibel. Dokumentéiert ass ‘t an der Abtei Mënster hirem Stëftungsakt vum Grof Konrad I.. Dësen ernimmt am Juli 1083 "Santwilre", aus deem den heitege Numm evoluéiert huet.. An d’Fräiheetscharte vum August 1244 un d’Stad Lëtzebuerg ernimmt och “Santweiler”... mat  t. Spéider war et heefeg als Landmeyerei Sandtweyler” agedroen, ënner anerem am Februar 1604 an ‘Aanvener’ Akten.

No 1945 entstoungen hei nei Haiser a Wunnstroossen, z.B, um "Réimerwee", "Am Happgaart", "Op der Houscht" an "Am Gronn". An 11 Geschäfter, 16 Bau- an 3 Transport-Entreprisen, 5 Banquen an 12 aner Firmen hu sech hei installéiert, deels an der Industrie- oder Handelszon. Säit 1960 fonctionnéiert nobäi a knapps 7 km vum Stadkär d’Kontrollstatioun. Dem Findel säin Aéroclub hat 1946 eng Météostatioun an eng "Kabais'che" nieft der Graspist kritt, 5 Joer drop konnt ee fir 300 Frang iwwer d’Land fléien… 1952 gouf d’Luxair gegrënnt an no 3 Joer ass d’Pist verlängert ginn op 2830 Meter.

D’Kierchemaueren vu Sandweiler hunn d’Duerf gesi wuessen. Den 250 jäerege Bau stoung nämlech ir d’Haaptstrooss do war, déi säit 1812 iwwer den Cents an d’Festung geet. An d’Por bestoung virun der Festung! Om Schneitpunkt, wou si, d’Schëtter Por, déi vun Hollerech a Weimeschkierch beienee koumen, hat de Siegfried seng Buerg opgeriicht. Op där Plaz  'am Stawee' déi haut nach ‘Ale Kierfech’ heescht war d’fréier Sandweiler Kierch. (Aus hir stamen de 6eckegen Dafsteen an eng kleng Klack.) Mä komme mer zréck bei di aktuell, déi zënter 1971 Denkmalschutz genéisst. Hire Grondstee war 1758 geluet ginn, no Plange vum Architekt-Entreprënner Robinet vun Äischen; hire Präis war 1100 Räichsdaler. Hire barocken Haaptaltor ass vum Sculpteur Bartholomé Namur, deen ewell mat 19 seng Bildhauer-Léier ofgeschloss hat. Di al säitlech Altär hat hien ugepasst un dee Neien. De Barockpriedegtstull koum wahrscheinlech iwwer Ëmweeer aus der fréierer Kierch vum Knuedler heihinn; e war  mat den Evangelisten, Engelen an de Fabelwiese mat Adlerkäpp am Sockel nom 'Itinéraire du Luxembourg germanique' vu 1844 de "schönsten des ganzen Grossherzogtums." D’Dräifaltegkeetskierch war 1876 vergréissert ginn a krut geschwënn eng mechanesch Tuerm-Auer. An Enn de 1950ger hu konschtvoll Fënstere vum Franz Kinnen di al ersat. An de 1970 Jore koumen d’Tuerm-Erhéigung an e neien Ducksall, Mëtt vun de ‘90ger d’Restauréierung vun der historescher Müller-Uergel. Si ass e rezenten Timbere-Motiv an huet ewell vill Mënschen héiere bieden a sangen, mol zouversiichtlech, mol op der Sich no Halt an Hoffnung. Kiermes ass hei sonndes no Mäertesdag.

P.S. 2008 koum dat herrlecht 285 Säiten déckt Buch ‘250 Joer Porkierch Sandweiler’ eraus. De Geschichtsveräin ‘Santwilre’ huet dofir munches zesummegedroen, iwwersat a fotographéiert... Den Erzbeschof Franck sot am Virwuert, dass zu hire Kostbarkeeten och Liewens- a Familljegeschichten zielen, an ‘nëmme wien seng geschichtlech Wuerzele kennt kann och e Bléck an d’Zukunft geheien..’ Vum Sandweiler Gesangveräin bléif nozedroen, dass hien 1863 Matgrënner vum 'allgemenge lëtzebuerger Musekveräin' war, der haitger UGDA! -  Iwwer de Rondpoint Jean-Pierre Büchler, soss bekannt als ‘Iergaard’ huet d’Lokalitéit Uschloss un dat europäescht Stroossennetz, an de noe Findel mécht de Leit d'Dieren op zu wichtege Metropolen.