Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Senneng

Vum géologesche point de vue verstoppt de Sennenger Schlassdomaine sech an enger Cuvette um Fouss vum Sennengerbierg. E läit an der Gemeng Nidderaanwen op ëm 315 m Héicht a just 8 km vum Stadzentrum. Déi no ëm 70 m déck Fielsen aus grès de Luxembourg späichere grouss Quantitéite Reewaasser a speisen dräi staark Quellen, déi als Waassergrief e Weier fëllen a sech duerno als Aalbaach hire Wee sichen. De Schlasspark war vum franséischen Industriellen Ernest Dervaux 1882 mat 100 Zorte Beem geduet als „jardin botanique“. A sengem Weier spiggele sech e puer herrlecher Lannen, deenen hir klengst mindestens 30 m héich ass... a seng Waasserfläch war enger Photozeil no (am Fréijoer) perfekt géint Kormoranen a Reiere protegéiert.

E pittoreskt Landschaftsbild vum Nicolas Liez veréiwegt ëm 1834 héich Millegebäier mat dräi Mille-rieder a weist esou e Stéck lokalgeschichtlech Vergaangenheet. Senneng hat säit dem Mëttelalter e puer Millen. Am 17. Joerhonnert huet z.B. d’Famill Wiltheim do eng Fruucht- an eng Uelegmille bedriwwen. Do sollt dann awer geschwënn Pabeier fir de Besoin vu Mönche fabrizéiert ginn an e klassizistescht Wunnhaus entstoen. Ee spéidere Besëtzer, de Jacques Lamort, huet vun 1835 un do (a net méi a Clausen) Tapéiten hirgestallt - an no him säi Jong bis zum 1870ger Krich. 1881 gouf d'Fabrik zougemat. An neie Proprietär vum Ganze gouf e franséischen Industriellen, deen ewell ernimmten Ernest Dervaux. Hien huet d'Millen ofrappen an d'Residenz an en neogotescht Schlass mat ‚Orangerie‘ an Annexe mat Säitefligelen, Fënsterkaderen an Portaler a schéine Cheminéeën ausbaue gelooss.

De Staat huet déi haut am Ausland als ‘Senningen Castle, a well hidden château’ benannte Propriétéit 1952 kaaft. Se gouf dann 1990 transforméiert fir Staatsgäscht am Salon um 1. Stack oder am ‚Jägerstübchen‘ mam Kamäin z’empfänken. Am eedle Kader sinn natierlech och Pressekonferenze mat ‚sproochlechem Pingpong‘ (..wéi de Marc Thill schreift.) An Nieweraim ass ënner aanrem d’staatlech Telefonszentral installéiert. Den ‘Accord de Senningen’, deen de 4. juin 1996 als ‘Mémorandum de Senningen’ tëscht de Benelux-Länner signéiert gouf, conçernéiert d’ “coopération dans le domaine de la police, de la justice et de l’immigration’. Säi ‘champ d’action’ gouf 2003 ëm dräi nei Themen erweidert, ëm “sécurité, politique en matière de drogues et coopération transfrontalière en matière de maîtrise des catastrophes et accidents”.

Kanneraufsätz kënnen opschlossräich sinn.. Ee fënnt di al Haiser ‘cool‘! An een erwähnt hei d‘al Molkerei, déi en Tuerm krut fir d’Pompiers-schläich opzehänken. En anere wonnert sech iwwer d‘al Schoul mat den zwou Dieren, eng fir d’Jongen an eng fir d’Meedercher! Dat war esou, fréier, an och de Saz: dass hei Uebstwisen Generatioune laang ‘für Kleinbauern eine richtige Goldgrube waren…‘ ass net iwwerdriwwen. Senneng huet momentan ronn 500 Awunner, de Sennengerbierg 1538, d.h. iwwer dräimol souvill an 5750 d’ganz Gemeng. Zeechnunge vum Abt Bertels, engem gudde Frënnd vum Mansfeld, weisen Uewer- a Nidderaanven, ..a Senneng am Joer 1571 mat klenge Kierchesilhouetten. D'haiteg Kierch ass fir d'Awunner vun béiden Uertschafte geduet a steet op hirer Grenz. Si huet keng traditionell Tuermspëtz, mä Fialen als baulech Verzierung. Hir Still stinn an engem Krees an der Mëtt vum Schëff. D'Kierchfënstere goufen 2007 vum Glasmécher Robert Emeringer restauréiert, di eelst vun hinne si Simminger-Wierker vun 1922. Dat fréiert Porhaus gëtt ëmgebaut a laut Beschloss vum Gemengerot ee Multimedia-Haus! Nach ze soen.. De Memorial ernimmt 1848, säitlech vun aler route de Trèves, d‘nei Tracée vun der Tréiererstrooss mat der alpiner Serpentine am hallwe Sennengerbierg. D’Geld dofir koum eran, wéi 69 ha versteet goufe vum noe Grengewald.. deem seng Krounen- a Wurzelspëtzen am Zesummeliewen ëmmer nei Joresréng wiewen.

P.S. Wéi d’Sennenger Pabeiermillen Lamort véier Millerieder am Asaz hat an 60 Aarbechter beschäftegt huet...  gouf a modern Maschinnen investéiert. 1835 hunn do ewell ‘machines à rotation’ Tapéiten automatesch opgerullt! Si haten eng international Renommée, louthrengesch Aarbechter waren drop spezialiséiert. ‘t gouf s’ "en ordinaire" - "en glacé" - "en doré" an "en velouté". Zeidongs– a Schreifpabeier gouf et a sechs Versiounen (a punkto Matière, Faarf, Qualitéit a Präis.) En zweet Wierk koum op Manternach. (www.ccg.public.lu/chateau/historique) Lamort-Tapéite waren zenter 1838 um däitsche Marché gefrote Luxusgidder, well dunn do och ’Bürgerwohnungen mit Tapeten verziert wurden‘. - E kuerzt Kapitel an dëser ‘terre chargée d'histoire geet ëm den zäitweileg attraktive Sennenger Zoo. Hie bestoung vum Hierscht 1968 un véierzeng Joer laang op engem 6 ha groussen Terrain an hat dat éischt Joer iwwer 100.000 Visiteuren. En ass elo Staatsbesëtz a kann emol als Kompenséierungsmoossnahm benotzt gi fir d’Landepist vum Findel z’erweideren.