Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Zolwer - Lokalchronik a Cité Kauffmann

Lokalchronik

Zolwer ass di eelst Uertschaft an der Gemeng Suessem an den Zolwerknapp mat 422 m déi héchste Plaz am Guttland. Ëm 1222 ernimmt d’gëllent Buch vun Iechternach, d’Liber Aureus, réckbléckend eng al Donatioun aus dem Joer 793 un säi Klouschter; ‘t goung doran ëm dem Garbanus an der Ratsint hir Villa am Wawergau beim castellum nomine Zolveren.. A leschter Zäit ass d’Uertsachaft esou gewuess, dass Friemer d'Grenz zu Bieles schwéier erkenne kënnen. ‘t hat 2005 iwwer 4.800 Awunner.. an honnert Joer virdrun 438, ënner deenen dräi Steemetzer, zwee Schmatten, zwee Schneider, zwee Schouster, zwee Woner, an eelef Cafée waren. A munnche Bauer gouf deemols zum Biergaarbechter. 't sinn an der Regioun grad wéi haut allerlee Sprooche geschwat ginn. Och de Karel V., ee Matresponsable vun der Buergzerstéirung, war sengerzäit schonn e Polyglott an hat verroden „Ich spreche Spanisch zu Gott, Italienisch zu den Frauen, Französisch zu den Männern und Deutsch zu meinem Pferd“.

Et gëtt ugeholl, datt den ale Numm Zolveren keltesch Wuerzelen huet a ‘Sonnebierg’ bedeit! Am Joer 793, wéi de Karel de Groussen d’Verwaltung vum Frankeräich reforméire wollt, hat den Zolwerknapp e klengt Kastell. Den Duerfnumm staamt vun der Buerg; si goung op en hëlzenen Tuerm mat Rempart zréck, deen e verloossene Réimerkastell als Basis hat. Se gouf 1145 zerstéiert mat drësseg aanren am Kader vu engem Krich an nei opgebaut. Se krut dunn en zolidde Wuecht- an Haapttuerm aus Steen an eng Réngmauer. 1235 hat den Alexander vun Zolver am Accord mat senger Fra Hedwig an dem Tréierer Erzbeschof Theoderich Zisterzienserinnen op Déifferdeng geruff an hinnen an der Suerg ëm säi Séilefridden Gidder geschenkt. (D’Duerf «Differtingen» kënnt an engem Akt vir, laut deem 1235 den Alexandre de Soleuvre de Religieusen aus der ‘Abbaye de Fontaine-Marie‘ en Haus, eng Millen an e Weier ginn hat.) Schenkunge waren deemols heefeg, d’Testament vum Ritter Diederich vun Zolver dréit kuerz drop ëm den Don vun engem Sëlwerkielech. De Karel de Kéngen, den Herzog vu Burgund a Lëtzebuerg, hat 1475 zwou Wochen hei om Schlass gewunnt. Nom Waffestëllstand mat sengem kinneckleche Monni, dem Louis XI., krut hei de franséischen Dauphin d'Hand vum Herzog senger Duechter ugebueden. D’Zolwer Ritter haten als Wopen e schwaarze Léiw am goldene Feld als Zeeche fir Mutt, Kraaft an Daperkeet. Zu hirem Héichgeriicht hu bis an d’18. Jh. Déifferdang, Uewer- a Nidderkuer gezielt. E Joermoart krut hei der Chronik no säit 1523 eng wirtschaftlech a sozial Bedeitung. Leider sollten 1552 an engem Krich d'Schlass um Gehaansbierg an d'Festung Zolwer verbrennen an ni méi opgebaut ginn! D’lescht Herrin Anna vun Isenburg huet duerno am Déifferdanger Schlass gelieft, dat e Wellëm vun Zolver 240 Joer virdru gebaut hat. –

Eng fréi Kierch aus der éischter Hallschent vum 13. Jorhonnert war mat der Buerg verbonnen. Se krut 1307 den hl. Niklos als Patréiner – him stinn haut den hl. Victor an d’hl. Lucia zur Säit. Déi aktuell Kierch entstoung ënner der Maria-Theresia. D‘Grondsteenleeung fir den Ëmbau vum alen Deel vu 1747 war den 1.Mee 1938. Säit der Renovéirung vun 2002 huet s'eng ganz besonnesch Uergel an der Mëtt vum Chouer, e ‘Silbermann-Modell’ wéi séngerzäit de Bach se hat. (Zënterhier organiséiert de ‘Kulturkrees Celobrium’ regelméisseg hei Concerte.) Hirem Baurebarock-Stil ugepasst sinn de neien Haapt- an d'Säitenaltär, hir iewescht Deeler bloufen original. Den Duxall, de Priedegtstull an de ganze Mobilier harmonéiere gutt zesummen. De Kräizwee an d'Pietà riets am Säiteschëff, als Monument aux Morts, si Wierker vum Emile Hulten. D'Portal ass nei, mä net d’säitlech Entréesdir mam Wope vum Seigneur de Saintignon. Dëse leschten noblen Zolwer (deen och Här vun Déifferdeng a Lasauvage war) hat d’neit Déifferdenger Schlass gebaut. An do reiht sech dann an der Mëtt vum 19. Jh. e Gabriel de Soleuvre an d’Lëscht vun de Buergermeeschteren! Nach ze soen : déi al Por Zolweren, der Wiltheim Kaart no Celobrio, hat fréier nieft der Porkierch nach d'Victor-Kapell.

Sot den Dicks och “ den Zolwerknapp ass kee Parnass", kéint d'lokal Geschicht dach Bicher fëllen. Eent koum 1988 eraus fir de 750 Anniversaire. D’riets Tuermfënster mam Rautemuster a Wopen, den Daten 1238 a 1938, der Kierchesilhouette an der Inskriptioun Celobrium, weist op d’700 Joerfeier hinn. Eng vum Jean Haan senge ‘Soen’ erwähnt, dass di dräi Buerghäre vun Hesper, dem Gehaansbierg an Zolwer sech owes mat Liichtsignale ‘Nuecht’ soten! Zënter 1931 ass den Zolwerknapp a Staatsbesetz. Gréisser Fouillë goufen hei allerdéngs net gemat bis op d'Ausgruewung vum Pëtz.

P.S. Den Zolwerknapp erkläert den Diktionnär vum René Engelmann als «Name eines Hügels bei Zolver». En hängt d’Vergläicher hannendrun: sou al oder sou héich sinn wéi di berühmte Plaz! Vun den Zolwer Knappbléiser konnt en näischt schreiwen, déi gouf et sengerzäit nach net! Dee markante Bierg aus der Gemeng Suessem huet 1834 eng Zeechnung veréiwegt an der Série ‘Voyage pittoresque du Grand-Duché’ vum Nicolas Liez. Seng Skizz ass bezeechent als “vue-du-mont-soleuvre” D’Uertschaft ëm de sougenannte „Sonnnebierg“ huet haut zwou Schoulen (genannt "Zolwer 2000" a "Scheierhaff"). Intresséieren hir Schüler sech fir Lokalgeschicht, komme se dëser duerch de ‘world-wide-web’ liicht op d’Spur. Dëse schreift z.B., dass den Zolwerknapp ‘geomorphologesch’ gesinn en Zeiebierg ass - an de Woivre-Gau ‘Natter- a Schlaange-Gau’.. oder als Derivé vu Vouavre ‘friche’ bedeite soll. D’Historiker haten an hunn nieft Originalquellen, Lexiken, Skizzen a Chroniken och d’wäertvoll mëndlech Erënnerungen.

Cité Kauffmann

D ‘Soen a Legende’ Buch vum Dicks verréit d’Entstoe vun den Zwillingsbierger, dem Zolwerknapp an dem ‘Litschef ’(oder Loetscheff); ‘t heescht doran ‘nodeem Gott d’ Äerd erschafen hat an seng Hänn geriwwen, sinn zwou Buedemkiggelcher vu senge Fangere gefall… den Zolwerknapp an de Loetscheff. Hir Héichtendifferenz läit nëmme bei 24 Meter, den zweeten erreecht där ëmmerhinn 396 an den Zolwerknapp, 420. Béid ziele wéinst hirer opfälleger Form zu de sougenannten ‘buttes témoins’ a leien op enger Ligne déi Waasserleef scheed.

Firwat blouf am 16. Joerhonnert no eiser Nopeschnatioun hirer brutaler Attaque op d’ Zolwer Buerg... sou wéineg iwwreg? D’ Vermuddung ass net aus der Loft gegraff, déi mengt, dass dat onbenotzt Gemaier vun den Zolwer Awunner Stee fir Steen den Hiwwel erof... an d’Duerf geschleeft gouf, an munnecht Haus do Käschte gënschteg opgeriicht gi konnt. D’Haiser an der Cité Léon Kauffman sinn awer am Vergläich mat verschiddene vum Duerfkär ganz jonk. De Léon Kauffman war 1917 kuerz Staatsminister, virum Emile Reuter... a nom Krich vun Enn 1945 un bis ’52 dann 7 Joer laang President vum Staatsrot. Den 2. September 1962 war d’Aseenung vun der Chapelle Saint-Léon an der neier "Cité Kauffman". Dës läit tëscht Zolwer an dem Fousbann/Déifferdeng, zwee an en hallwe km vum Zolwer Duerfkär. Vun den 150 habitations à bon marché, zielen ëm 20 Haiser aus dem neie Véirel zur Gemeng Déifferdeng, laut Gemengebericht vun 2002. D’Kapell ass op eng originell Fassong aménagéiert an engem Garagentrakt ouni intern Ënnerdeelung. Donieft ass och de "Kulturzentrum" vun den dofir responsabelen "Oeuvres Paroissiales". D'Kapell huet Still fir 120 Leit; ’t féieren 3 Träppleker bei dee vun der Hadir gestëften Altor an bei d’Kräiz hannendrun. Am schlichte mä heemleche Bau sinn ënner anerem eng Muttergottesstatu a Statiounen aus Keramik. D’elektronesch Uergel steet am Fong op enger Estrade. Den Tuerm mat den 2 Klacken dernieft ass eng Konstruktioun aus Metall a war generéiserweis och en Don vun der Hadir. De Gesang setzt sech aus zwee fréiere Veräiner zesummen, engem Hären- an engem Dammechouer.. E gouf 2007 offiziell als gemëschte Chorale gegrënnt a nennt sech ’klenge Chouer vun der Cité’! D’Krëppchen an der Kapell ass eng Nobildung vun där an der Escher Grenzkierch…

Zolwer a säi Kastell ware 794 fir d’éischt dokumentéiert an 350 Joer drop eng opgebaute Buerg mat staarker Verdeedegs-Anlag. An dës gouf 1552 zerstéiert, grad wéi déi vum Gehaansbierg, déi a Brand gestach gi war. Am 2. Drëttel vum 13. Jh. (1238 an 1269) waren eng Zolwer Kierch an ‘e Kleriker’, de Kaploun Andreas erwänt. Hei entstoung lues a lues e Vokabulär aus gallo-romaneschem a germaneschem Wuertgutt; sou och de Begrëff ‚Nonnewiss’. An hir stinn ëstlech vun der Cité zwou Steeneechen, déi viru gutt 20 Joer schonn 18m Héicht haten an no bei 30m Ëmfang an de Krounen. Fir ural ze soe gëtt et déi e bësse ‚vague’ Ëmschreiwung... ’al wéi den Zolwerknapp’. Sou kléngt e Sproch, dee seng Gedanken net verstoppt!

P.S. Mam Saz „Zolver ass eng al Gromper mat laange Kéngen“ hat den Zolver Geeschtlechen Joseph Bock tëscht 1926 a 1934 di deemools frësch Bau Entwécklung charakteriséiert. Hire kräeftegste Kéng huet an de 1960ger an der Cité um Bord vun de Gemenge Suessem an Déifferdeng 150 Familljen e neit Heem ginn. Laang zréck leien d’Geschichten ëm ‚Léon de Groussen’, de Poopst a Patréiner vun der Cité. Him gëtt de legendären Exploit zou geschriwwen, den Hunnenherrscher Attila ugehalen ze hu virun de Paarte vum Roum.