Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Stengefort

D’Grenzuertschaft Stengefort läit un der Entrée vun der ‘Vallée des 7 châteaux‘ mä hat awer ni selwer e Schlass. Se zielt 233 ha Bëscher an hir Promenade op Clairefontaine offréiert en "échantillon" vu lëtzebuergesche Landschaften. E Saz aus dem spueneschen Drama «Ruy Blas» vum Victor Hugo huet Stengefort 1838 ernimmt: «Tout s'en va. Nous avons depuis Philippe Quatre perdu le Portugal, le Brésil, sans combattre, en Alsace Brisach, Steinfort en Luxembourg»! (D’Stéck spillt zur Zäit vum Philippe IV. sengem Fils a leschten Herrscher vun eisem Duché ënner spueneschem Regime - d’Zitat mecht Allusioun op di éischt Deelung vun eisem Land.) - D'Notzung vu natierleche Schätz wéi Waasser, Holz an Alluvialäerz, (vun deem een hei Kuërbele voll opraafe konnt..) hunn am Laf vun der Zäit industriell Témoignagen an der Géigend hannerlooss. Gemengt si Millen, Brécken, e vergiessene Staudamm an Iwwerreschter vun Héichiewen hei an op der Simmerschmelz.

D'Por Stengefort gouf 1872 vun Hoen getrennt an eegestänneg. Se hat fréier laang mat de Filiale Grass, Klengbetten, Radeléng, dem Schwaarzenhaff an och Hoen zu Sterpenich gezielt. Kleng Notize verroden kleng Subsiden: d’Gemeng krut 1888 z.B. 100 Frang fir Kierchemiwwel an d’Restauratioun vum Paschtoueschhaus… An 1908 gouf et fir Pawee-Revers’en, de Wäschbuer an d’am Abrëll geweite Kierch mat der Eentuermfassad 1000 Frang! Hire neogotesche Stil belieft d'Elementer vun der Gotik nei an zäitgenössescher Modifikatioun, wat d'Englänner ‘Gothik Revival’ nennen. Hiren Interieur, d‘eeschëffegt Laanghaus an de polygonale Chouer goufe 1968 komplett restauréiert an d'Altär der Zäit ugepasst. Extra opfalen dinn hir schéin, relativ nei Statue vun den zwee Patréiner, der hl. Walburga mat Buch a Staf an dem hl. Hubertus. Déi englesch Kinnecksduechter Walburga war Missionarin a spéider Äbtissin am däitschen Heidenheim… (+779) a gouf op engem 1. Mee gutt 100 Joer no hirem Doud helleggesprach. (Si beschützt jong Mammen, Baueren, Feldfriichten an Hausdéieren a soll Hondsbëss, Houscht an Aaeleiden ofwieren.) Vum Hubertus steet geschriwwen, dass Goldschmätt a Skulpteuren “seng Figure multiplizéiert hunn”. Säi Kult huet sech rondrëm d‘Ardennen an d‘Lorraine bis an d’Rheinland implantéiert. D'stilvoll Kierchefënstre mat dräigedeelte Steecaderen sinn aus der Nokrichszäit. Zur Por gehéiert och d'Fleegeheem, an deem regelméisseg guttbesichte Masse si fir d'Pensionären.

E Revival hat d'Duerf viru gutt 100 Joer: et hat 1905 beispillsweis 553 Awunner an 108 Haiser, inklusiv 9 Wirtschaften, e Coiffeursalon, e Spidol an eng Maartplaz; 1910 gouf seng Fanfare gegrënnt an ’t krut 1921 e Kiosk. Wéi d'al Bréck vu 1774 iwwer d'Äisch Enn de 1920ger verbreedert gouf, hat d'Awunnerzuel sech verduebelt. Säin Héichuewebetrib hat sech parallel mat deem vun Déifferdeng a Rodange excellent entfaalt. Dobäi gehollef haten no 1874 d’Gare an gutt Transportméiglechkeet vu Kuel a Minett. D’Schmelz (fir Wäschäerz) hat de Guillaume Pescatore 1846 gegrënnt. Hien hat nämlech op der Äisch eng Millen, déi grad richteg louch fir en Hëttewierk draus ze man! No ronn 10 Joer huet en de Betrib un d’Bridder Collart vun Dummeldeng verkaaft. (Si hunn en zweeten Uewen opgeriicht an nach Terrain zu Remeleng, Téiteng an Esch kaaft.) Vu 1903 bis 1913 huet de Buergermeeschter Robert Collart geheesch, e war do gebuer als 7. Kand vun 13. Wéi hei 600 Aarbechter geschafft haten, hunn d’Schmelzhären nobäi e Spidol ageriicht (1898) an dëst spéider de Franziskanerinne geschenkt! Nächste Schmelzbesëtzer war vu 1912 bis '30 d'Firma Felten & Guillaume, kuerz drop koum de Produktiounsarrêt. - Ënner dem Okkupant huet 1943 an der ëmgenannter „Steinforter Hochofen- und Stahlwerke AG“ d’Firma Krupp Panzerersatzdeeler fabrizéiert an zäitweileg bis 325 Leit beschäftegt.. schreift de Lokalhistoriker Albert Lambert am Buch „D’Gemeng Stengefort am 2. Weltkrich.“ Hie verréit och, dass d‘Bréck mueres den 10. September 1944 gesprengt gouf fir d’Amerikaner ze stoppen, an dass dës do kuerz en Depot vu Wueren a Munitioun haten.

Haut funktionnéiert an den Haaptgebäier vun der "aler Schmelz" e Kulturzentrum. Vum roudelzege Waasser aus dem ‘roude Bur’ huet säi Numm “Roudemer” sech erginn! Kee Succès hat de lokale Projet Staudamm, dee nom éischte Weltkrich mat Waasserreserve Stroum fir Arel a Stengefort produzéiere sollt. Den deiere Bau hat praktesch just véier Stonne funktionnéiert an ass haut eng Ruin. Der Äisch hire Waasserstand war falsch kalkuléiert. D'qualitativ gutt Äisch-Waasser ass haut trotz all deem Pech um Stengeforter Wope veréiwegt. Säi Kräiz mat Ankerspëtze verréit d'partiell Zougehéiregkeet zu den Häre vun Septfontaines an zum Äischdall, säi symbolesche Fort aus Steng huet siwen Deeler. Aus feste Steng war sécher och den ale Réimerwee, deen Aarel mat Tréier verbonnen hat via Stengefort, Cap a Mamer, d'Stad, Hueschtert, Menster a Mäertert….

P.S. 1795 gouf Stengefort Haaptuert vun engem neie Kanton, deen d’Fransousen awer no 14 Méint nees ofgeschaaft hunn. Den Uertsnumm weist op ee mat Steng ausgekleedte Fuurt hinn! Wahrscheinlech goung e Réimerwee hei duerch d’Äisch. Dem Alain Atten no kritt eng Plaz deen Numm vu Leit, di méi mam Holz gewinnt si wéi mam Steen! (D’Stad Steinfurt am Münsterland ass no enger rarer “steinernen Fluss-Durchfahrt” fir Gespänner benannt, un där Handel bedriwwen an Zoll opgehuewe gouf.) - D’Renovatioun vum Duerfzentrum huet mam neie Joerdausend ugefaangen; den am Hierscht 1950 ageweite Square Generol Patton mam neie Stadhaus - d.h. déi fréier Maartplaz, de Kiosk an och de schéine Wee laanscht d’Äisch bis an d’Schmelz ass säithir e klenge Bijou. De Generol Patton hat um Wee an d’Ardennen hei perséinlech de Verkéier op der Kräizung Areler- an Habschterstrooss geleet! Nach eng lescht Krichsnotiz: well d’belsch Gärtner kee Geméis méi exportéiert hunn, gouf (op Uerder vum däitsche Landrat) nieft der Äisch “A Bakkent” a grousse Kautschen eng Kabes-Plantatioun ugeluet an op 10 Hektar sinn da kräfteg Kabesheeder gewuess. D’Resultat: 1944 goufen 127.850 kg Kabes verkaaft... groussendeels op Déifferdeng an Esch!