Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Stolzebuerg

Stolzebuerg heescht eng pittoresk Uertschaft mat 190 Awunner - 6 km nërdlech vu Veianen am Naturpark Our. Hir südexponéiert Häng erfëllen d‘Lieweskonditioune fir Ginz, "Krëppeleechen" an eng typesch‘ thermophil Fielseflora’ aus Flechten a Moos, déi d’Hëtzt gär hunn. E Kanneraufsaz schreift, dass d’Waasser an der Our hei wuel ‘sehr kalt ist, aber man kann darin schwimmen. Unsere Nachbardörfer sind Bivels, Pütscheid, Vianden und Eisenbach. Stolzemburg ist nicht gerade groß aber wir haben einen Spielplatz mit Fußballfeld.‘ Wat en net verréit: De Musée geologique Koffergrouf ass an der fréierer Schoul an huet d‘Roll vun engem ‘Gardien vun der Vergaangenheet’. D’Stolzber Grouf ass ëmmerhinn iwwer 500 Joer exploitéiert ginn. ’t goufen an hir fréier jäerlech bis zu 5000 Tonnen Kofferäerz ofgebaut, zum Schluss a Galerien op 12 Niveau‘en, déi een zum Deel besiche kann.

D‘Duerfbild vu Stolzebuerg prägen d‘neizäitlecht Schlass an d‘Kierchesilhouette um Fouss vum Schlassbierg. Well nach d’iewescht oval Buergmaueren aus dem 13. Jh. stinn, begéingt sech hei bis iwwer 700 Joer al Bausubstanz. 1898 hat eng Londoner Damm, d‘Misses Digby, de Beréng kaaft. Op d’al ënnescht Ruine koum dann e neit Schlass a schotteschem Look, deem säin neien Daach aus de 1970ger excellent an d’Duerfbild passt. Neierdengs ginn am intakten ale Schlassgaart Planze –Boursen organiséiert.

Am 12. Jh. entstoung hei um eenzegen Dallwee laanscht d‘Our e Waachposten; 1192 ass e Kuno vun Ouren als Seigneur vun der Plaz ernimmt a spéider e Frederik vu Branebuerg als Co-Seigneur. Aner fréi urkundlech Hiweiser op d’Duerf ginn zréck an d’Joeren 1315 a’16 - wéi e Lien bestoung mat Tréier a Lëtzebuerg. Iwwer d’gotescht ‘Stolzebuerger Haus’ am ënneschten Deel vum Buurschter Schlass schreift de Roger Bour an ‘Les Sentinelles de l’Histoire‘, dass et wahrscheinlech ëm 1384 ënner dem Frédéric de Brandenbourg entstoung, engem Buurschter Co-seigneur duerch Mariage.. Zerstéierunge gouf et zu Stolzebuerg ënner aanrem 1454 ënner dem Burgunder-Herzog Philip III. an 1679 ware béid Schlässer d’Affer vum Louis Quatorze senge Belagerungstruppe ginn. - D’Duerf huet bekanntlech bis 1585 zur Por Housen gehéiert an hat eng Pankratius-Kapell. Mä d‘Geschicht vu Robert de Stolzemburg an der Duechter vu Schlass Falkenstein ass legendär. Reell war d’schlëmm Brandkatastroph, déi den 11.6. 1842 hei 30 Wunnengen a vill Scheieren a Ställ zerstéiert huet - een Dag virum Besuch vum Kinneck-Groussherzog Guillaume II. Déi Betraffen hunn duerno seng bienveillance an déi vum ganze Land erlieft. Op en Appell un d’bienfaisance publique huet eng am Memorial publizéiert Collecte dann iwwer 8.200 Gulde gesammelt.

D'Stolzber Kierch gehéiert zum Porverband an Dekanat Veianen an datéiert vun 1885. Vun der Virgängerin vu 1761 bloufen de massiven Tuerm nieft der Duebeltrap, déi bei d’Entrée féiert, den Dafsteen, an de fréiere Kirchenpatron den hl. Odon, den 2. Abt vu Cluny, gouf mat iwwerholl. D’Ferraris Kaart weist den alen Duerfplang vu 1777 an d’Nopeschduerf ‘Keppershausen‘ mat ‘r‘ an ofgekierzt als ‘Kepesen‘. Bei der Kierche-Renovéierung vu 1955 koum e Klackenopsaz a Form vun engem rechteckegen Daachreider mat zwou neie Klacken op den Daach.. a kuerz drop gouf et eng nei Uergel. Ënner den deemols neie Fënstere vum Camille Croat fällt eng op mam Bëschofswope vum hei gebiertegen Jacques Mangers, deen (32 Joer laang) den éischte kathoulesche Beschof vun Oslo war. Nach kuckeswäert sinn eng Rei Keramikwierker vum Léon Nosbusch. (An de Käpp vun den Apostele vum Abendmahl si Männer aus der Por veréiwegt!) - E memorablen Dag war hei den 11.11.1944 wéi déi éischt 7 amerikanesch Zaldote vun der ‘5e Division blindée’ däitschen Territoire betratt hunn; se gounge 96 Deeg nom Débarquement vun den Alliés an der Normandie” hei iwwer d’Our an dës Nouvelle goung vu Stolzebuerg duerch d’international Presse. E Monument bei der Bréck erënnert drun.

P.S. Ganz wichteg well eemoleg: Wéi d’Our eemol verluecht ginn ass krut Lëtzebuerg e Stéckelchen Terrain bäi - well si als Grenzfloss en gemeinsamt “däitsch lëtzebuergescht Hoheitsgebitt” ass. De Projet vum 8 km laange Stausee vun der Ourdallspäer bei Veianen.. laanscht Biwels a Stolzebuerg hat Opregung an d’Duerf bruet. An dee Moment huet de Spottnumm “Stolzber Affekoten“ gepasst. Si waren nämlech ‘riichteraus‘ an hunn heefeg reklaméiert… Dem zweetgréissten Uert vun der Gemeng Pëtscht seng Lokalzeitung "Pannewippchen" veréiwegt ënner aanrem Spiichte vu fréier, al Hausnimm, Kachrezepter an al Photoen. Si ass no engem Stroossenumm benannt: sou housche soss d’Bewunner vun der ‘Pannegaass‘ - an dës war fréier d‘Banngaass, well do e “Bann-uewe“ stoung.