Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Stroossen

Wéi Stroossen sou rapid gewuess ass, huet sech d’Fro gestallt, ass et nach en Duerf oder ewell eng Cité? Eng schlau Äntwert vum Här Gallion stoung an der ‘Voix’: ’t ass eng ‘Agglomératioun’, déi optesch zesummegewuess ass mat der Stad. ‘t wunnen haut 7.539 Leit hei op enger Fläch vun 1071 Hektar. Viru genee 50 Joer goufen 1.900 Awunner hei gezielt. Eng vun de Suite vun där fulminanter Vergréisserung... 't sinn sech laut Gemengestatistik vu Mëtt Oktober 2010 hei 83 Nationalitéite begéingt.

Am Joer 1023 ass Stroossen ewell korrekt agedroen, mä am 14. Joerhonnert (1354) als ‚Strasin‘. Hei passéiert e Kiem, ee gallo-romanesche caminum… an fir Bëffchen oder Tâkeschaf gouf lokal hei ‘Mëffi’ gesot. Um 1. Kräizzuch, bei deem 1099 Jerusalem ageholl gouf, hat nieft dem Richard vu Veianen och de Walther vu Stroossen deelgeholl. Op Kräizzich hu Ritter perséinlechen Äifer an Abenteuerloscht an den Déngscht vun der Kierch gestallt; an se hunn Räis an Zocker mat bruet, Gewierzer, de Kompass an d’Schachspill.

Ee Sigel erënnert 1411 un de Johann de Strassen. De berühmte Stroossener Calvaire, eng Kräizegungsgrupp am Loutrenger Stil aus dem spéide 15. Joerhonnert, ass am Staatsmusée. Seng Copie koum nieft d' Kierchenentrée stoen fir 150 Joer Kierch. Por ass d’Uertschaft zënter 1804 - virdru war se deels Filiale vu Bartreng, deels vu Weimeschkierch. Hir aktuell Por-Kierch gouf 1826 gebaut,1935 vergréissert a nom Krich vum Will Dahlem ausgemoolt. Hire Patréiner Laurenz ass de Wiederhellegen, deem säin Dag, den 10. am Karschnatz, mam Reim ‘eng Saang oder eng Strenz’ an d’Volleksdichtung agoung. 2005 krut d'Kierch eng nei Allan Digital-Uergel. Hiert aalt Päifeninstrument vun 1852 ass net méi a Funktioun, an hir sinn Hautparleuren agebaut. Stroossen huet 2 Skulpture vum Wercollier. Säi patinéiert Bronze-Wierk ‘Les sacrifiés’ erënnert bei der Kierch un d'Affer vum Generalstreik vu 1942. A virum Gemengenhaus steet di a Bronze gegosse Versioun vun ‘Ascension’, (signéiert LW 1986), vun engem Original aus Marber. Dëst war 1978 d’Commande vun der lëtzebuerger Regierung fir den ‘J.-F. Kennedy Center for Forming Arts’ zu Washington.

Am Joer 1849 gouf d’Uertschaft Stroossen eng onofhängeg Gemeng an hat mam Reckendaller Deel uewen um "ban de Strassen” 1300 Leit. Virdrun d.h. vun 1823 un war s‘eng Zäitchen Deel vun där Bartrenger… a ganz fréier Besetz vun der Seigneurie vu Bartreng. D’Pescht hat een Drëttel vun hiren Awunner dohigeraaft, 1766 hunn hei just 417 Leit gewunnt. An der Mëtt vum 19. Jh. sinn och Lëtzebuerger vun hei an d’USA émigréiert; mä net d’Famill Leysen, well 1854 hat eisen Nationaldichter Michel Rodange hir Duechter Madeleine bestued. Gewäsch gouf hei gratis um Wäschbuer um Fouss vum Jofferbierg bis 1908, bis zur Installatioun vun der 1. Waasserleitung. Nach ze soen: Virum 2. Weltkrich waren hei ëm 40 Baueren, haut si se rar ginn! Den Duerfzentrum ass schéin reaménagéiert an huet eng Plaz fir e Maart an en herrleche klenge Park. De Numm Barblé begéint een heirëmmer heefeg. De laangjärege Buergermeeschter (1946-1963) Paul Barblé war en Industriellen; senger Aarbechte sinn z.B. d’Diddelenger Televisiouns-Antenn an di 3 Radiotierm bei Jonglënster. Säin Haus ass klasséiert a säin Atelier ëmfonktionnéiert zur Galerie a ‘Spiren’… eng Plaz wou 'Konscht gedeit an der Gonscht vum Liewen‘. (J.S. Bach )

P.S. Den amerikanesche Vize President Lyndon Johnson krut bei sengem offizielle Besuch zu Lëtzebuerg als Cadeau vun eiser Regierung en Tableau vum Stroossener "Xavier's Haff" vun där zu Taschkent gebuerener Nina-Victorine Lefèvre-Kestler! Dës Kënschtlerin huet nieft hirer Molerei och Médaillen entworf a Maquette fir Fënstere gemat. Den Alexander Wiltheim (+1684) beschreift de Virstad-Uert a sengem ‘Luxemburgum Romanum‘ esou: “Die gepflasterte Fernstrasse von Steinfort nach Luxemburg durchquert vor den Toren der Stadt das Dorf Strassen; dessen Name stellt ohne Zweifel ein Überbleibsel der römischen Konsularstrasse dar, da diese im lateinischen auch strata [d.h. gepflasterte Strasse] genannt wird.“ Eng interessant Info, et loug hei also en ökologesch avantagéisen a reparatur-frëndleche Pawee!