Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Siren

 

Dem Guttland seng douce gewellt Hiwwelen a Bëscher ëmfaassen den Zentrum a Süde vum Land a ginn am Osten iwwer an de Museldall. D’Ferraris Kaart weist der Sir hir Quell um Sirener Flouer Reichemt - op 285 m - an hir éischt Niewebaach no 250 m. Si dréit net just zum idylleschen Duerfkader bäi, si alimentéiert och d’Gemeng mat Waasser! - Bei Stater Festungsaarbechten ernimmt eng Chronik 1463 an hire 789 Brennholzliwwerungen fir de Kallekuewen och Sirener Holz, well d'Duerf deemols Verflichtungen un d'Propstei Lëtzebuerg hat. De Loun vun de Fouerleit: je zwee Brout plus zwee Denaren. – Siren huet bis zur franséischer Revolutioun zur Landmeierei Sandweiler gezielt, mat Hamm, Conter, Éiter an Trënteng. Et zielt zanter 1808 zur Gemeng Weiler-la-Tour an huet eng al monumental Eech.. Wa Beem dem Kalil Gibran no Gedichter sinn, di d’Erd an den Himmel schreift… da misst d‘Sirener Eech remarkabel Verse schreiwen!

Siren huet eng ‘église néo-gothique à plan central’ vum Architekt Antoine Hartmann, deen och déi Péitenger Kierch entworf hat. Si ass vun 1854 an déi eenzeg am Land mat griechescher Kräizform a gläichsäitege Quadraten. Héchstwahrscheinlech war hire Modell d’gotesch Liebfrauenkirche vun Tréier. Typesch fir d'Architektur : d‘aachteckeg ‘tour-lanterne’ an der Mëtt an dem Pfeilbau, säi Verwëllef droen eemol aacht an eemol véier mächteg mä reng Säilen. D'Bänke kucken vun dräi Säiten an d'Mëtt op den aachteckegen Altor aus Eifeler Basaltsteen vum Götz Arndt an Alex Reding. D’Plaz vun der Uergel ass lénks nieft dem Agank. Déi aacht gotesch Fënschtere vun 1923 aus dem Atelier Simminger représentéieren d‘aacht Séilegkeeten aus der Biergpriedegt. An d’floral Rosace iwwer der Entrée ass vum Jakob Schwarzkopf (vun 1998). De Bau gouf 1991 als Nationaldenkmal klasséiert. Beim europäeschen Dag vum Patrimoine 2003 stoung en op der Lëscht nieft Vestigë wéi d’Fielser Buerg oder d’Maison Servais vu Miersch. De fir d'Restauratioun responsabelen Archtiekt Jean Petit huet de Buedem 1996 mat Steng aus der Bourgogne nom ale Muster leeë gelooss. Hien denkt allgemeng, dass e Konschtwierk ‘poésie, beauté, an décor’ fir de Betruechter ass an ‘interrogation, labeur a souffrance’ fir den Artist.

De Sirener Kierche-Patréiner, den hl. Laurent ass de Beschützer vun Käch, Pompieren a Librairen. Hie war op engem Grill gefoltert ginn an gëtt ugeruff als Protektor géint Feier oder Lumbago. Seng barock Statu staamt aus der fréierer Kapell (déi bis an d’1840ger stoung a kënnt aus dem Atelier Greeff, deen Aarbechten an 160 Uertschafte geliwwert hat. Laurentius heescht ‘der Lorbeergeschmückte’. Säin Dag héiert d'Holz op mat Wuessen, an “schéingt op Lorenz d’Sonn, bedeit dëst e geseenten Hierscht” seet eng Bauereregel. Ëm 1300 war hei eng St. Gallus-Kapell dokumentéiert an engem Visitatiounsberiicht.

Vum Kiem vun Duelem an Direktioun Mensder/Beyren ass en Ëmwee iwwer Siren agedroen fir de géie Witeschbierg z'evitéieren. Bei der méi wi 500 Joer aler Sirener Donatus-Kapell steet di ewell ernimmte mächteg Eech mat impressionante Wuerzelen op engem Fiels - net wäit ewech vun der Quell vun der Sir. Dëst ass charakteristesch fir e "lieu saint" vun de Kelten. Dee Fielsblock an eng fréier Eech ware wahrscheinlech eemol eng Kultplaz, well vrun e puer dausend Joer goufe Beem veréiert. Am Mëttelalter hu Missionaren esou Plaze christianiséiert mat engem Kräiz oder enger Hellegestatu - schreift en Expert am Buch "Remarkabel Beem". Där aler Eech hir dräi enorm Haaptäscht hu scho munnech Donnerwiederen iwwerlieft, an douce a manner douce Gespréicher verlauschtert. Beim Stuerm viru bal 15 Joer waren d'Kräiz, den Hunn an d’Fialen, d.h. d’Spëtzsaile vum Kierchtuerm gefall! Wéi se du restauréiert goufe konnten d'Leit de meterhéijen 38 kg schwéieren Hunn vu no kucken. Di dekorativ nolefërmeg Fiale flankéiere weider d’Tuermspëtz a ginn, romantesch ausgedréckt, eng ‘himmelstriewend Impressioun‘.

Virun 100 Joer hunn zu Siren an 47 Haiser 239 Leit gewunnt, 2006 waren et där 426. ’t huet en Homonym am schwäizer Kanton Solothurn an “Syhra” a Sachsen, dee fréier mol mat “fiichte Grond”, mol mat “wäit offe Fläch” iwwersat gouf. Am fiichte Sirdall ware virun 200 Millioune Joer Mammifèren, un si erënneren am Musée Zänn. Vu Phyto- a Pterosauren, deene grousse krokodilähnleche Séisswaasser-Planzesaurier, a vu Flugreptilie goufen 1996 hei Tracë fonnt. Mä fir Fabelwiesen oder Sirenen mam Uertsnumm z’associéiere féiert an d’Räich vun der Fantasie! Realitéit war 1930 d'Loftschëff "Graf Zeppelin" héich iwwer dem Duerf; seng Photo ass an engem Bildband aus de 1980er vum Fr. Mersch.

P.S. Dem Amerikaner George Renwick säi Buch iwwer eise Grand Duché a seng Leit (vu 1913) nennt eist Land en Ensembel vu ‘Selected works‘ am 'grousse Buchband vun der Natur', kondenséiert an Täschebuchformat! E bewonnert hei d’Caprice vun der Natur, déi hanner jidder gréisserer Kéier äennert.. an eiser Konscht hir onendlech Variétéit! D‘Weeer ëm d’Quell vun der Sir nennt en ‘most delightful! (www.unz.org/Pub/RenwickGeorge-1913). Vum legendären Ongeheier, dat fréier hei erëmgeeschtere sollt, seet en näischt. Dëst war als ‘Syrener Déier‘ bekannt a sollt um Réimerwee op Konter beim urale Syrener Kräiz Passanten ënner verschiddne Gestalte béiss Streecher spillen. Zur Zäit vum Stader Scheffen ‘Ludwig von Syren’, ëm 1277 an duerno, hu Kapellen a Weekräizer d’Frömmegkeet vun hiren Erbauer beschäinegt als Zeeche vun Dankbarkeet oder Glawen. Haut representéiren se Glawenstemoignage no baussen.