Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Ischpelt

Et kuckt sech majestätesch un, d’Schlass Urspelt oder Ischpelt am Häerz vum Naturpark Our.. Et bitt haut Konfort a Charme vun engem raffinéierte 4-Stären-Hotel. ‘t krut als 300 järegt neit Liewen agehaucht vun der Famillje Lodomez. Säi stilvollen Ambiente léisst vergiessen, dass am schlecht erhalene Bau am 2. Weltkrich de Quartéier vum Okkupant war - an herno an der Ardennen-Offensiv dee vun de Befreier. Nom Krich ware seng Mauere just nach ’refuge de chasse’ a ronderëm hunn zäitweileg Brennesselen sech breet gemat.

D’Ischpelter Stroossenimm weisen op Héichtendifferenzen hinn; ’t fënnt een do ‘om Knupp’, ‘om ale Knäppchen’ oder ‘am Nidderland’ a natierlech beim Schlass! D’ Duerf zielt 96 Awunner a läit e Kazespronk vu Klierf a 70 km vun der Stad. Et hat ëmmer e Buer an eng kleng Molkerei. Den Ischpelter hir einfach mä harmonesch wäiss Kapell vu 1704 huet e geschnëtzte Kräizwee-Ensembel vun ëm 1760, Spezialisten no ‘naive Bauerebarock’ vun engem genialen anonyme Kënschtler. Seng Figuren hunn hei eng Haaptroll. “Vun deene klenge Meeschterwierker koum d’14. Statioun, op där Engelsflillecken Tréinen dréchnen, dacks op Doudebiller; mä di mannst wousste wou se wierklech hierkoume” schreift de Raymond Schaack an Erënnerungen un d’Duerf. De sallfërmege Raum huet Holz um Plafong an säin Daachreider eng hauwefërmeg Spëtz. Dës hat de Carlo Hemmer mol ’schiefergepanzerten Turmknauf’ genannt an ‘Urspelt ein weithin unverdorbenes Höhendorf mit blumenreichen Gärten’ beschriwwen. D’Kierchefënschtren vum Joseph an Emile Probst dekoréiere nieft 4 fräie Kompositiounen natierlech de jugendlechen Antonius mam Schwäin, de Patréiner, an de Christophorus! D’Kapell steet matten am Duerf nieft der aler Schoul - haut ‘Home Robert Wierz - a no beim imposante Schlass-Hotel! Dëst Gebai mam schéine Portal war laang der Famill de Rousseau d’Arloncourt aus der Baaschtnecher Ëmgéigend hiren herrschaftleche Guttshaff. 1862 gouf den Armand Bouvier aus enger Clierfer Gierwer Famill Schlass-Här an huet et vergréissert a restauréiert… e schéinen Héritage fir säi Neveu Alfred a seng Nokommen! Den 8 Meter déiwe Pëtz an der aler ‘cuisine attenant à la réception’ weist op eng fréier Epoche hin an e Feudalschlass, dat wahrscheinlech am 11. Jorhonnert entstoung. Wéi virdu gesot presentéiert et sech zanter Mee 2008, modern ausgedréckt, an engem ‘frëschen Outfit’.

Urspelt-lez-Clervaux huet iwweregens säit 1823 mat Reiler, Wäicherdang, Eselbuer a Mecher zur Gemeng Klierf gehéiert (...déi 2012 nom Fusionéiere mat zwou aneren méi grouss gouf.) Ob Nimm mat Ur um Ufank ee Rapport hu mat Urs, där germanescher Form vum Laténgeschen Ursus, d.h. "Bear" oder mat Uri, dem hebräische "Liicht" ass net gewosst. - Net Liicht awer Feier behandelt eng Duerf Legend; “ier et Fixfeier gouf war hei zu Ischpelt de Brauch, nuets an engem klengen Haus Feier an der Kachmaschinn z’ënnerhalen... D’al Fra aus dem Hais’che gouf allgemeng fir eng Hex gehalen, mengt d’So vum Gredt. Koume mueres Leit Feier sichen, huet si hinnen allerlee Froe gestallt. Krut se keng Äntwert, hunn d’Kuele sech an Daler verwandelt.. Mä et konnte just Frae Feier kréien, a wahrscheinlech goungen di mannst mat Daleren heem!

P.S. Beim Retracéiere vum Historique vum iwwer 300 jäerege Schlass war Korrespondenz vun den fréiere Proprietairen hëllefräich. Den Här Armand aus dem ‘Bouvier’s Schlass’ war 1882 beispillsweis ee vun de spéidere Matgrënner an Aktionär vun der Rëmelenger Schmelz. Leschten Ierwe vun deem 'mol als Schlass 'mol als herrschaftleche Guttshaff beschriwwenen Haus war en Här de Rousseau d’Arloncourt. Haut suggéréiert Publicitéit dem neie Patron a Renovéierer no de 'règles de l’art’ flott Séjour'en zu Ischpelt. Zitéiere mer hei ee Saz "profitez du confort de notre château et séjournez-y à la suite d’une réception ou d’un banquet pour découvrir la région!"