Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Viichten

D’Formatioun vun engem Duerf geet net op en Hasard zréck, dacks sinn e breeden Dall, Quellen, fruuchtbare Buedem a Gisementer vu Buedemschätz e gudde Grond fir eng Nidderloossung. Viichten a Michelbouch ware schonn am Steenzäitalter peupléiert. Am Laf vun der Zäit goufen al Griewer, Urnen a Mënzen hei fonnt. D’Bordure am Logo vun der ‘Viichter Gemeng’ ass vum Mosaïk inspiréiert, deen 1995 nieft Wandmolereien hei entdeckt gouf! Wéins him wëssen d’Leit heirëmmer besser Bescheed wéi anerer iwwer d’Musen an den Homer, de geeschtege Papp vum Odysseus.. An si kënne sech eppes ënner de néng Diechter vum Zeus virstellen. Se hunn dës jo op hirem konschtvollen 61,3 m² grousse Mosaïk! D’Duerf mat den ewell iwwer 1000 Awunner ass fir Archäologen iwwer d'Grenzen eraus e Begrëff, well säi  gallo-réimeschen ‘Teppech‘ aus e puer Millioune Stengercher en extraordinaire Schaz duerstellt.

Viichten läit tëscht den zwee Äerm vun der ‘Viichtbaach’ am Dekanat Osper a Kanton Réiden – (tëscht Useldeng a Groussbous) 20 km vun der Stad a grad souwäit vun Arel. Et soll op d’Kelten zréckgoen an huet säin Duerfcharakter erhalen. (D’Nordeifeler *Vichtbach" hat den Uertsnumm “Vicht” influencéiert, dee vum keltesche ‘Feicht’ stame soll.) Seng Buedem-Mixtur aus Sand a Kallek ass excellent fir Uebstbau, d’Réimer haten dofir hei Weess a nei Uerbstzorte verbreed - an d’Bamschoule vu Viichten krute fréier eng regional Bedeitung. D’Liewenskonditioune goufe besser wéi d’Treverer hei eng Schmelz (méiglecherweis eng vun de Kelten) ausgebaut haten. Ëmmerhi war de Julius Cäsar verwonnert an eise Géigende vill ‘Eisenhütten’ virzefannen! Enger Soo no haten Wichtelcher mat hirem Kinnek Schaddäi an der ‘Viichter Wiichtelbuerg’ hiren Haaptsëtz! Déi dorëm gesponnen Dicks-Erzielung ëm eng mysteriéis gëlle Wéi baséiert op réimesche Ruinen an ënnerirdesche Gäng.

Am Abrëll vum Joer 1995 gouf an dësem friddlechen Eck d'Réimerzäit erëm lieweg. Onerwaard fonnt gouf e berühmte Mosaik wéi s'och zu Pompeji, Tréier a Köln sinn! Schlaange vu Visiteure koumen de konschtvoll komposéierte Buedem bewonneren. Seng komplex eenheetlech Dispositioun war méi wi d’Zomme vu ville klenge polychromen Deeler.. De Mosaik war an engem "parfait état de conservation" a louch sengerzäit am Empfangsraum vun engem galloromanesche Gutshaff. Säi mëttelste Medaillon stellt den Homer, de "prince des poètes" duer nieft der Calliope an den aacht aanere Musen rondrëm an engem stäreförmegen Arrangement. D'Viichter Gemeng huet haut eng Kopie vum Carlo Signorini vu Ravenna an hirer Receptioun. Den Original-Mosaik entstoung an der 1. Hallschend vum 3. Jorhonnert ( ëm 240) an der Traditioun vun den Tréirer Atelieren a krut eng extra Plaz am Stater Musée!

Am 9. Joerhonnert gi Pilger vu Nidderviichten ernimmt, déi op d'Graf vum Willibrord goungen. 960 gouf d'Duerf vun der Por Miersch lassgeléist. Eelst Dokumenter ginn an d’11. Joerhonnert zréck. Am Mëttelalter war d’Duerf eng Metarie, d.h. Meierei vun der Useldenger Schlassherrschaft. 1402 gëtt e Sire Jean de Viichten Curé zu Fenteng. - D'Viichter Kierch ass natierlech op réimesch Felementer opgebaut, am urale romanesche Wiertuerm mat Schéissscharten fält iwwer den Zwillingsbéi vun de Schalllächer en zoliden Drobou op. ’t sinn e puer réimesch Kapitellen am Klackentuerm verbaut. Réimesch “Spolien”, zwee Fouss héich Käpp vum Apollo an der Diana, dekoréiren déi riets Tuermwand vun der Kierch, e romanesche Kapp d’Entréeshal. D’intressant Säitenaltär mat Wope gi mol an d’16., mol an d’18. Jorhonnert datéiert an hu Statue vum Nikolaus Koenen vu Lëtzebuerg. Aus dem 18.Jh. ass de skulptéierten Antependium vum Michel Weiler. Dem Altorbild mat der Himmelfahrt Mariä seng verwëschte Signature, ‘Prof. Ept.’ gouf beim Restauréiere fonnt: en Iechternacher Mönch hat den Tableau tëscht 1750 an 1800 gemoolt. De barocken Haaptaltor ass eppes méi nei. D'Kierch gouf vru kuerzem ganz opgefrëscht. D'originalgetrei Viichter Lourdes-Grotte datéiert vu 1932. Hir liewensgrouss Mariesstatu hat virdrun eng Nische am noë Steebroch. - Via “Viichter Zeitung” gëtt d’Kulturkommissioun aus der Gemeng ewell joerelaang Impulser – ë. a. d’al Bongerten erëm opliewen ze loossen, sech ëm iwwer 200-järeg Schieffer- oder Sandsteenkräizer um Kierfech ze këmmeren, en Inventär vun alen Haiser ze maachen a verstoppten Talenter z’encouragéieren! (..deels a.d. 'Kierchtuermscauserien')

P.S. Zu Viichten haten ufanks vum 3. Jh. theoretesch Nokomme vu réimeschen Zaldoten a keltesche Fraen Haiser aus Steen oder galloromanesch Villen gebaut. Sengem 10,36 x 5,92 m grousse ‘mosaïque polychrome très rare - présentant les Muses suivant l’ordre défini vers 700 avant J.C.’ ass en Timbreblock dediéiert mat engem véiereckegen a véier aachteckege Käppercher. D‘réimescht Konschtwierk kombinéiert e literaresche mat engem mythologeschen Thema… an ass e Beispiel vun der réimesch-gallescher Elite hirer Bildung. Dem Carlo Hemmer seng Zeilen aus de 1970ger ‘héi wär e Mosaik vun Felder a Wisen, déi villfach Hecke vuneneen trennen’ kléngt iergendwéi prophetesch. - Spille mer e bësse mat Buschtawen, tappe mer op de Saz ‘de viischten ass vir’ wat sënngeméiss dem ale lokale Sproch gläicht.. ‘e war do (oder ‘sou séier) wéi de Schëtz oder Schotz vu Viichten’...( Zitat v. Engelmann)