Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Waldbriedemes

Huele mer zur Ofwieslung emol Waldbriedemes ënner d’Loupe! Am Fréijoer 1947 gouf säi Gipsbroch zougemat. E war onrentabel ginn… obwuel Spezial-Gipse fir den Zenndoktesch-gebrauch aus senges Alabaster an europäisch Länner an bis an Indonesien verkaaft goufen. Säit 2005 profitéiert d’Duerf vum Hecken- a Baamkadaster a notzt d’Avantage vun der Datebank. Seng Bongerte sinn e Wouerzeeche vun der Gemeng; hir Kiischten, Äeppel, Mirabellen a Quetschen man en excellent Gebeess an goufe fréier hei an 11 Brennereien verschafft.

Der Waldbriedemes’er Kierch hire romaneschenTuerm entstoung ëm 1100 a gouf 1450 beim Bau vum spéitgoteschte Kiercheschëff erhéicht. Dësen architektonesche Juwel entstoung ënner dem 22 järege Curé Godefroid de Bourscheid, dee no sengem 'Monni Här' Guillaume (1448) heihi koum. D’Schlusssteng vum Kräizrëppeverwëllef dekoréiere Wopen vun der Mënster-Abtei an der Buerschter Famill. Am Chouer falen den Triumphbou mat Steeskulpturen op, d’gotescht Sakramentshaische mat Okulus a véier Engelsfiguren op de véier Stäiler vum Chouer. Aner schéin Detailler am “denkmal-geschützte” Raum sinn en ale gotesche Sand-Stee-relief mat dräi Hellege-Figuren mat Krounen an zwou Grafplacke vun 1679 a 1729 an der Säitekapell. De barocken Altor-Opsaz gouf 1895 op Ell verkaaft, an ‘t goufe neogotesch Altär hei opgeriicht (entworf vum Vincent Lehnertz a geschräinert vum Jean Decker.) D’Täfelung, den Ducksal an de Priedegtstull si net méi do. Beim Restauréiere sollt nämlech Mëtt de 1960ger der Sebastianskierch hire fréieren Intérieur nees hiergestallt ginn. Um Kierfech rondrëm si kleng Kräizer aus dem 17. an 18. Jh., déi am Vergläich mam Peschtkräiz vu 1458 net besonnesch al sinn!

Am Mëttelalter war Waldbriedemes ‘fünfherrig‘. Herrschaftlech Rechter haten hei Grond-Besetzer d.h. ‘die von Gondelingen, Pittingen, Marienthal, der Münsterabtei/Luxemburg und St. Maximin/Trier.‘ Mä d’Duerf war och zäitweileg ‘historiquement uni’ un d’Abtei vu Bouneweeg, den Hôpital Saint-Jean am Stadgronn an d’Helleg-Geescht-Klouschter. D'Suite war, dass tëscht Grondherrschaft a Kierchensatz laangwiereg Streidereien net ausbloufen. - Bekannt adeleg Besetzer vu Waldbriedemes an de verschwonnene Gondeler Schlassmauere waren d’Famillen de Martiny, de Cherisey an de Wiltheim. Dem Recteur vum Stader Jésuite-Kolléisch Alexandre Wiltheim (1604 –1684) säi Papp Jean (de) Wiltheim war de Seigneur vum Duerf, vun Duelem an Anven. En hat hei eng ‚maison de maître‘ an eng Duechter bestuet mat engem Fils ‘de Cheriser‘. Dat aalt Wald- oder Bëschbriedemes’er Schlass gouf an der Franséischer Revolutioun leider zerstéiert. Einheimesch Baueren haten et mam Domaine Gondelange beim Amarsch vun den Truppe geplënnert, an engem Rapport no d’Guttsarchiv zerstéiert a "Steierfräiheet" verlaangt! Domat sinn all Schrëftquelle verschwonnen, och déi vum urale Branebuerger Allod, dem Besëtz vun den "Herren mit der Gürtelschnalle". Haut ass do eng Cité 'Gondel'. Nach ze soen: ‘t bestoungen zwou Millen zu Waldbriedemes, d’Bann- an d’Gondeler! Där zweeter hir Mauere sti nach; se hat seit 1462 zum Schlass gehéiert a bis 1930 gemuel. D’Schléibaach huet hire Weier gespeist.

Am Kulturjoer 2007 hunn 19 groußformateg Bildcollage vu verschiddenen Haus-Fassaden erof d’räichhalteg Duerf-Geschicht erzielt. D’Open-Air Ausstellung ‘e Billerduerf’ huet esou den Uert opgewäert. Seng haut 385 Awunner denke sécher heefeg drun zréck a fannen den ale Spottnumm ‘Waldbriedemeser Schallentrëppler’ aus dem ironesche‘ Réimecher Evangelium‘ wahrscheinlech kuriéis...

P.S. Ee neie Kierchendaach hat emol d’Vente vu maansgrousse skulptéierte Statuen un de Musée finanzéiert. D‘Figuren vu St. Celsius a Georges soll der Legend no en aussätzege Kräizzfuerer vu Gondel am klenge Leprosenasyl iwwer der Kierch geschnëtzt hunn... Doriwwer, iwwer lokal Viticulture a villes méi erzielt d’Buch ‘Waldbredimus – zwischen vorgestern und morgen‘ (éditéiert vum ‘Cercle culturel et d’initiative‘ vun der Gemeng.) Di eeler Generatioun erënnert sech nach un den Duelemer Kino, dee Sonndesmëttes Leit ugelackelt huet an der Erwaardung op eng Story mat Happyend.