Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lëtzebuerg - Weimeschkierch

Mëtt November feiert Weimeschkierch d’Mäerteskiermes an d’Houmass ass fir de ganze Porverband. Virun iwwer 1000 Joer goung d’kierchlech a weltlech Glidderung vum fréi-mëttelalterleche Stadgebitt vun de 4 Ur-Poren Steesel, Sandweiler, Hollerech a Wimari-Ecclesia oder 'Wimerskircha' aus. Dëst dokumentéieren Urkunden 1128. Engem fränkesche Proprietaire Wimar säin Numm (dee wahrscheinlech eng Eegekierch hat) gouf op den haut 86 ha grousse multikulturelle Staddeel iwwerdroen. Dëse Quartier hat fréier zur aler Gemeng Eech gezielt, an d’Eecher Musek spillt hei, bei sech an zu Dummeldeng den Hämmelsmarsch! Mä Dummeldeng hat fréier d’Kiermesattraktiounen.. A virum Fest goufe Schwäi geschluecht an d‘Jongen hu gebiedelt fir d’Schwéngsblooss als Fussball. Aarmut bréngt Erfindunge mat sech, denkt dozou den A. Bausch.

Ee Gedicht beschreift wéi d’Lakerte-Kiermes fréier verlaf ass: Ham huet an enger gewierzter ondefinéierbarer Britt gekacht, neit Sauerkraut a Schnorri goufe geschmaacht. No der Mass war Betrib op der Sandkeelebunn, ‘t gouf gespillt …wéi ‘vum Lämmes gebass..’ a Baler gounge seelen ouni Kläpperei zu Enn. Fréier haten d’Händler hei ënnereneen eng geheim Lakersprooch, d’Jéinesch (Laken = Lompen, Lakert = Lompekréimer.) Se hate Ween, mat Baatsche gedeckt, hu géingt ‘Parzeläin’ Laken getosch. Hir Wuer hu Pabeiermillen zu Beggen, an an der Millebaach oder a Botzwoll–Fabrikante verwäert. En Éisträicher mam Numm Goergen soll de Lompenhandel heihibruet hunn. D’Weimeschkiercher Lokalgeschichts-Frënn beschreiwen e Prozess ëm Reprochë vun engem Lakert un een éierbaren Eecher Bierger: dee leschten hätt de Stater Pateren ‘Kitten gezoppt’, d.h. Geld geholl! D’Riichter hunn ouni Jurisprudenz an Zeien den Injure-Charakter net verstanen an d’Klo ofgewisen. (D’Eecher Gendarmë sollte finalement de Kauderwelsch zu Pabeier bréngen.) Haut vergiesse Beruffer haten do Schéireschläifer an “Dëppegéisser" mam Reparéiere vun ondichten Dëppen, Mëllechkanen, a Kesselen. D’Jéinesch Ausdréck vermëttelen eelere Stack–Weimeschkiercher ‘Héijelen’ a ’Buggeren’en Zesummegehéiregkeetsgefill. Mä Wierder wéi Knëff (Kärel) Quinn (Hond) oder Klemmes (Prisong) déi gi nom Verschwanne vun den Hauséier-Beruffer kaum nach benotzt. A rar goufen hei och d’Wiertshaiser! An de 1920ger hat d’Uertschaft 16 Caféen, an den ‘80ger vun 8 just nach 3 oppener - an haut nach 2.

D’Weimeschkiercher Grenze leien zwëschen Uelzecht, Gréngewald a Kiem; hiren héchste Punkt um Plateau heescht Louchërett. Do loung op 360 Meter eng viirgeschichtlech Wier-Anlag mat Aussiichtsposten op d’Stad. De Centre Européen läit iwwregens gréisstendeels um Witmaris senge Gidder. Ee Schenkungsakt vum Karl Martel un d’Tréierer Abtei Sankt Maximäin ernimmt VIDMAR ECCLESIA inklusiv Felder a Bockfiels ewell ëm 723.. Spéider haten dann d’Grofe vu Lëtzebuerg d’Patronatsrecht iwwer d’genannte Kierch. A bis 1803 blouf se Vikarie vun der Stater Nikloskierch. Der Chorale hir Brochure vu 1985 widmet dem Jéineschen e puer Säiten, an se gesäit am Numm Mäertesgronn en Hiwäis, dass den hl. Mäerten um Wee vun Tréier hei passéiert ass. An d’Sänger droen a jidder Kiermesmass hiert speziellt Martinuslidd vir. Haut schläichen hei Autosschlaangen op de Kierchbierg… A gréng Fräiraim gi leider zougebaut! Mä nach bitt d‘rue du soleil’ gréisstendeels eng herrlech Vue op di “klengst vun de groussen Haaptstied“.

P.S. Uertsnimm sinn “di eelst Monumenter di wierklech permanent existéieren. Duerch si erziele laang vergaangen Zäiten hirt Schicksal. Mer wësse just net ob mir hir Stëmm nach verstinn", hat den Humboldt mol geschriwwen. Vläicht kléngt dat a modernen Ouren iwwerdriwwen; mä wa net e Schicksal - da kënnen Uertsnimm vläicht awer Grënnungsmotiver oder extra Situatioune verroden.