Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Welfreng

Welfreng huet flott Stroossennimm, ’t gëtt hei e Saangewee, e Kiischebierg, eng Waasser- an eng Schléiwegaass! Et läit an engem Dall, Loftlinn ronn 600 m südëstlech a quasi am Schied vum Duelemer Adler - 11,2 km vum Findel a 14 vun der Stad. D’Duerf hat 2007 a 64 Menagen 175 Leit an 2013 zeng méi. (Säin Awunnerchiffer louch 1970 bei 125.) Säit 2011 besteet am haut erweiderten ale Gebai vu senger fréierer Grondschoul e Kulturzentrum. A säit 1978 begleed eng elektronesch Ahlborn-Uergel d’Kierchechorale an hir 6 Sopranistinnen, 3 Altstëmmen, 3 Tenören an 3 Bäss. Hire Gesank ass eng „Zierde des Gottesdienstes“ an dengt der Liturgie. D’Sänger kenne kaum dem Patrick Swayze säi Sproch „Wien seng Ziler net un d’Stären hänkt, kënnt net emol op de Kierchtuerm“, si befollechen en awer, well si héich Ziler hunn!

Welfreng louch un der réimescher Stroosseconnexioun RR1, tëscht der Lémillen, Duelem an der Stadbriedemesser Réimerbréck um Kiem Metz-Tréier. (Ch.M. Ternes) D’Distanz tëscht dëser Etapp variéiert tëscht 91,5 an 153,4 km, de kierzte Wee ass d‘«distance à vol d'oiseau». En digitatiliséierten Text vun 1833 aus der „bibliotheca regia monacensis“ bréngt am Kapitel ‘Römerstrassen in Rhein– und Moselgegenden‘ Detailler zur Plaz. En erwähnt op der Héicht bei Duelem d’Militärstrooss Tréier-Metz aus dem Itinerar vum Antonin. Metz zielt doran als zweetwichtegst réimesch Festung un der lénker Säit vun der Musel. A speziell ass d’Zeil, dass „Durch das Bucholz auf die Höhe westlich von Dalheim“ eng Ofzweigung duerch d’aalt (bis 36 ha grousst) réimescht Lager „zwëschen Duelem an “Tilsdorf“ (Filsdorf!) féiert - iwwer Welfreng, duerch de Welfrenger Bësch op Bous. D’Streck Tréier-Duelem gouf am Joer 1472, wéi d’Gutenberg-Bibel knapps 20 Joer fäerdeg war, secherlech vill befuer. Deemols hat d’Abtei St. Maximin hei un hir Rechter erënnert. Hiren Abt war Lehnherr iwwer Mann a Bann, Äerd, Waasser, Bësch, Gras, Wee a Stee. D’Leit hei waren zur Maximer Millen an der ’gebrannter Wiss gebannt’ a krute virgeschriwwen, wien wou säi Kar ze muelen hätt! Nach e bëssen Zifferenzalot: 1473 koum d‘Welfferinger-Zielung op 8 Menagen“ a 1501 op ‘6 mesnaiges francs et 2 mesnaiges serfs.’ E Visitatiounsberiicht ernimmt 1570 de Welfrenger a Fëlschdreffer Kapellen hirt Recht op jee e Wiertesgottesdengscht pro Woch (an d‘Flicht um Ënnerhalt vum Duelemer Kaploun deelzehuelen.) 1755 notéiert e Rapport hire primitive Foussbuedem, obwuel et hei kee Manko u Steng géif, an d’Feele vun engem Kierfech! D’Duerf hat deemols mat Deeler vun Elleng, Altwis (an Duelem a Fëlschdref) zur Herrschaft Roussy gezielt.

Déi aktuell Welfrenger Kierch gouf 1928 gebaut vum Architekt J.P. Knepper an ähnelt hirer Virgängerin aus de 1720ger Joren, se huet traditionell e Kräiz an en Hinnchen um Tuerm. Hiren Altor ass iwwer 250 Joer al. D‘Etude vum Här Walin iwwer den Atelier Greeff beschreift der Wendelin’s Kapell hiren “1709’ - ‘NG” signéierten Altor als Creatioun vum Nic. Greeff–Roesdorf. Originalstatue si net méi do, mä d‘Engelskäpp nieft der Nisch. Dee 1741 datéierten Altor-Opsaz ass vum Nic. Greef-Greisch (dee säi Papp influençéiere sollt méi elegant ze schaffen..) Seng lescht Restauréierung geschouch am Konschtatelier Juan Morales vu Réimech an d‘Polychromie ass vum Groussbous’er John Elsen. Den diskreten Celebratiounsaltor ass och vum Morales. Statuen di opfalen sinn den hei veréierten Donatus mat der Palm, den hl. Markus, zweete Patréiner, an de Wendelin mam Schof um Aarm, Aëren zu de Féiss an dem wäit no vir geriichte Bléck. D‘Welfrenger Greeff-Weekräiz vu 1735, ë.a. mam hl. Augustinus ënnen, krut vru kuerzem eng Éireplaz op der Südsäit vun der Kierch; donieft impressionéieren zwou gréisseren Hellegefiguren. (D‘Thérèse vu Lisieux staamt aus dem Atelier Schou vu Gréiwemaacher.) (Deels a.d. 'Kierchtuermscauserien')

De Familljenumm Welfring oder Welferinger ass an der Muselgéigend doheem. Welf ass iwwregens en alen däitsche Virnumm, deen an d‘9. Jh. an d‘Herrscherhaus vun de Welfen zréckgeet. Koume fréier Friemer an d’Duerf, huet dat eppes kascht... (“Die von Welfringen erklären am 4. Dezember 1769, dass jeder, der sich bei ihnen niederlassen und das Einsrecht erwerben wollte, je 67 und 12 französische Livres (d.h. 78 Franken) bezahlen musste. (Arno Bourggraff) - Ob heirëmmer vill Hecke ware, fréier, oder ob jong Kärelen allerlee ‘ausgeheckt’ hunn? D’Welfrenger goufen am Geck dacks “Heckejonge” betitelt. Nach ze soen: an den 1950ger ware nach 23 Baueren hei. 20 vun hinnen haten 1946 e “Lokalveräin” gegrënnt, mam But di deier Maschinnen ze (ver)lounen! A viru gutt 40 Joer hat d’opgeschlosse lokal Jugend eng JOC gegrënnt (Jeunesse Ouvrière Chrétienne) a gouf domat an d’Welt-JOC agegliddert. Sollt een hirt Duerf modern ëmschreiwen, bitt sech spontan “well” wi ‘wellness’ a “frange” wéi ‘frangipane“ un! Sportlech attraktiv ass déi 22,5 km laang Mountainbike-Piste, di zu eisem nationale MBK-Netz gehéiert. Se féiert vun Duelem iwwer Welfreng, d’lieux-dits „Heedscheier“ a „Faascht“ an zréck.

P.S. Vun der Landwirtschaft zur Restauratioun: zu Welfreng ginn am Saangewee an an der Waassergaass an enger agreabler ’ambiance campagnarde‘ e.a. regional Spezialitéiten offréiert. Wat hei fréier op d‘Tellere koum? D’Kachbuch ”manger à l’ancienne” mat 100 ale Rezepter (recherchéiert vum Professer J. L. Flandrin) nennt och heirëmmer bekannte Beispiller, wéi d’1599 notéiert Kabesroulade mat Nëss, de Champignons Ragout (vu 1660) an gegrillte Boleten aus dem 15. Jh. D’ protéinräich a populär Iesskäschten, (z.B. als ‘marons rôtis au jus d’orange’ vun 1654) hat schonn den Apicius, de Kach vum Keeser Augustus an éischte réimesche Kachbuch-Auteur appréciéiert; de Goethe hat s'als “umschalet stachlig grüne Früchte” gelueft! (Entre parenthèse gesot däerft am Ëmfeld vum noen Duelemer Theater (mat iwwer 3000 Plazen) an den Thermen bei gesalztem Flued, Eeër, Kéis an Hunnech, Uebst, Ham, Nëss - a bei Dréischelen, braiséierte Schléken, Schwäin oder Gefliggel d’Hippokrates-Theorie ”Deine Nahrungsmittel seien deine Heilmittel” heefeg ignoréiert gi sinn...!