Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Wolz

D’Wolzer Uewerstad erhieft sech op fielsegem Ënnergrond, hiert Schlass gouf e puermol vergréissert an hat munch bekannten Här. Invité op der Ermesinde hirer Hochzäit war 1214 en Amadeus de Wiltz. 1244 hat d’Stader Fräiheetsdokument d’Ënnerschrëft vam Joffrid de Welz. 1434 ass e Ritter Godard als Gouverneur vu Lëtzebuerg ernimmt an dräi Joer drop de Grondhär Goedert (..deeselwechten) als Erneirer vun der „Weeltzer” Fräiheets-Charte. Di éischt ‘lettre de franchise’ aus dem 13. Jorhonnert war nämlech an turbulenten Zäite verbrannt. Dat éischt Weeltzer Spidol, d’Siechenhaus, huet scho 1508 existéiert, di éischt Schoul viru ronn 400 Joer. Se stung virum Schlass bis zu hirem Ofrëss 1727, duerno koum op gräeflech Initiative eng nei an de Millewee - an déi noeneen d’Friddensgeriicht, d’Gemeng, d’Paschtoueschhaus an de Policebureau koumen. Si sollt 1945 ofbrennen. International bekannt ass d’Gënzefest mam folkloristesche Blummekorso. D’’Ginsterianer’ loossen sech dofir vu 1949 un ëmmer nei Iddien afalen. Den typeschen Éisleker Biesemgënz war net just gutt fir Biesemen, en hat fréier noutfalls d’Stréi am Stall ersat oder Diech gedeckt.

D’Buergstiedchen a seng Geschicht si räich un Evenementer: Seng Herrschaft gouf 1536 an eiser spuenescher Epoche am Laf vun 21 Generatiounen an de Rang vun enger Baronie erhuewen. De Johann IV. vu Wiltz, Probst a Gouverneur vun Diddenuewen, war kuerz dem Grof Mansfeld säi Stellvertrieder. Jean V. krut 1629 de Grofentitel vum spuenesche Kinnek, de geschéckten Diplomat war als “Grof Jahn” säi populäersten Adlegen. Ënner him gouf 1631 e Wolzer Maart erwähnt an d’Grondsteeleeung vum Renaissance-Schlass. Seng Niess an Ierwin Marie Marguerite hat 1656 de wallounesche Baron Christophe de Custine bestued. Déi baufälleg Wolzer Schlasskapell gëtt 1680 ernimmt. Fäerdeg gouf de Schlassneibau am Barockstil dann tëscht 1714 a 1720, no knapps 90 Joer.. (Schold um Retard haten den 30 järege Krich, Epidemien an Hongersnéit.) D‘monumental Schlasstrap an imposant Kuliss vun de Weelzer Festspiller staamt vu 1727. D’Nokomme vum Baron de Custine waren hei bis 1794; hir Gidder goufe “bien national” bei der franséischer Revolutioun. Soulaang hat och d’Par Wolz zur Diözes Léck gezielt. ’t koume spéider e Pensionnat fir Meedercher an en Altersheem an de Schlasskomplex, haut sënn do e Musée iwwer d’Ardennerschluecht an een iwwer «arts et métiers anciens». Seng Gäerd déngen dem Theaterfestival säit 1952 als «écrin».

D'Uewerwolzer haten ëmmer e beschwéierte Wee an d'Nidderwolzer Kierch. Nodeem 1827 dann e Kadasterplang de Grenz-Problem tëscht Uewer- a Nidderwolz geléist hat, konnt 1728 den éischte Steen geluet gi fir déi 19 m laang an 8 m breet Biergerkapell. D'Leit hunn dobäi Handlaanger gespillt oder Material geliwwert. D'Resultat ass nach haut Deel vun der Parkierch. No 5 Joer krut se di éischt Klack, d'häiteg Feiergläckelchen. Vu 1743 staamt dem lokale Bildhauer Nicolas Jacques säi Baldachinaltor mat Kroun fir d'Bild vun der Tréischterin, dat warscheinlech aus der Hospitalskapell koum. - No annerhalwem Jorhonnert gouf dem Kanton's Haaptuert senge 1600 Awunner d'Kapell ze kleng an hire Wonsch no kierchlecher Selbstännegkeet méi grouss. De Nidderwolzer Kiercherot war nët derfir an nët dergéingt – an de Gemengeconseil huet 1864 d’Erweiderung vum Bau decidéiert. De nächste Schrëtt fir autonom Parkierch ze ginn war en Arrêté Grand-Ducal vun 1867, signéiert Henri Prince des Pays-Bas. Duerno hunn eng Chouerannexe an en Tuer d’al Kapell definitif vergréissert. Déi simpel Prozedur verréit eng Notiz vum Abbé Stromberg: D’Mauer tëscht dem alen an neien Deel hunn dräi Marbersäilen ersat! D’nei Par krut gläich drop Rulljen als Filial. –

Kierche si Wierker vu Generatiounen, sou och d' Wolzer. 1936 krut s’en neien Interieur a nom Krich ware gréisser Reparature fälleg. Un de Streik vu 1942, der ‘ville des martyrs‘ hir schwéier Deeg an di grouss national Solidaritéit vun de Weelzer Leit erënnert d‘Monument vun der ‘Grève’. De Bilan vum Wanter 44/45 waren 80 % beschiedegt Haiser an och d'Kierch. 1967 konnt d’‘Par Notre Dame‘ hire Centenaire feieren. Extra ervirzehiewe sënn hiert Klackespill, di grouss restauréiert Uergel, fonkelnei Still an de frësch polychroméierte Priedegtstull. D'Kripta déngt ënner aanrem Kanner-Wuertgottesdéngschter. De fréiere Patréiner, den hl. Peter vu Mailand, ersetzt vu 1954 un d'Consolatrix. - Réckbléckend hat Uewerwolz relativ fréi den Telefon an 1887 schonn 20 Abonnenten, d.h. ee méi wi Esch an ee manner wi Ettelbréck. Wéins engem schlechte lokale Fonctionnement gouf 1908 eng nei Capacitéit fir 100 Abonnéen installéiert… an du sollt 1909 de Blëtz dra schloën! Mä de Fortschrëtt huet lues a lues duerch den intelligente Gebrauch vun Erfahrung nei Weeër beschratt, an ee Joer drop krut d’Kierch eng elektresch Beliichtung…. (Kierchtuermscauserien)

P.S. Erstaunleches nach: a senger ‘Bléizäit’ hunn zu Wolz iwwer 90 verschidde Manufacturen Duch, Wollstoff a Lieder fabrizéiert. An ‘t kommen do all Kanner mat engem ‘Inschtrement’ op d’Welt, heescht et… Musesch Onbegabter kënnen am Ëmkrees vun 30 km mam Mountainbike d’üppeg Vegetatioun op 180 m Héichtendifferenz entdecken…