Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Bärel

De Südlechsten Uert aus der Gemeng Wanseler, Berlé oder Bärel, kënnt op 99 Awunner an zielt 4 Bauerebetriber. No deem Duerf westlech vun der N15 sinn di häerdste Steng aus dem Grand-Duché, de Quarzit vu Berlé, benannt. Mat di häerdsten Deeg haten am Krich seng Awunner. Un den amerikaneschen Truppen hire Wee aus der Normandie op Baaschtnech erënnert do e Kilometersteen - eng privat Initiativ. (An der Loftligne leien d‘historesch ‘Liberty road’ an de Mardasson net vill méi wäit ewech wéi de Sauerdall.) Den Adler am Wanseler Gemenge-Wope representéiert souwuel de Bäreler Kierchepatréiner Jean den Evangelist wéi d‘Famille de Grümelscheid, d‘iewescht roud Band d‘Wolzer Seigneurie. ’t besteet e rezente Fusiouns-Projet mat der Stauséigemeng Kauneref an en ale spöttesche Sproch ‘‘De Mécher Neid, de Bäreler Grant an de Bauschelter Houfert dat gëtt eng gutt Salef!” (Pol Tousch)

D‘Origine vun der Por Berlé an d‘Relatioun zum Woltzer Schlass erfaasst d‘Notiz iwwer zwou Subdivisioune vum ‘Zehnten’. Bis d‘Joer 820 bestoungen d‘réimesch mat 4 an d‘spuenesch mat 3 Deeler; Bärel hat zur leschter gezielt an zur Diözes Leck. (Pater Thiel). Behalen Uertsnimm-Fuerscher Recht, dann zielen d‘Nimm Soller (Sonlez) Berlé (Berlar) a Wanseler (Wanderlez) zum "lar" Typus, deen zu de Spure vu fréimëttelalterlecher germanescher Besiedlung ze rechnen ass… (Alain Atten) Baussend dem Duerf op der ofgeleeëner Plaz „Altkirch“ stoung am 16. Jh. d‘éischt Bäreler Kierch. E Reckbléck an déi Zäit weist Wolzer Häre mam Grofentitel - an d‘deemolegt Land abezunn an d‘krigeresch Rivalitéit tëscht dem Haus Habsburg an de franséische Kinnecken. D‘Weekräiz vu 1682 ‘bei de Lannen‘ däerft lokalhistoresch Hannergrënn hunn. Am 18. Jh. waren hei 11 Haiser mat 103 Awunner. D‘Ferraris-Kaart nennt d‘Uertschaft Berl. Dem Mecher Maire Tock säi Bréif vum 23. Thermidor am 12. Revolutiouns-Joer hat gewënscht, dass Berlé an d‘Por Sonlez kéim, well do franséisch (wallounesch!) geléiert gouf! (J. Hess) (Duerch eng dausendjäereg Sproochegrenz zielen d‘Nopeschdierfer Berlé, Wanseler a Grëmmelescht zur germanophoner Säit. D‘Konklusioun: Berl[ar] ass effektiv en Undenken un d‘germanesch Kolonisatioun.) Wéins dem moëre Buedem kruten am 19. Jh. hei Eecheschielwälder eng grouss ekonomesch Bedeitung. Bärel hat fréier eng vu landeswäit 100 Giewereien; ëm 1830 hat Wolz där eläng 16.

A punkto kierchlech Date war Berlé 1711 mëndlech virum Conseil provincial erwähnt; do gouf dann de Saz vum Curé an Duerf-Responsablen «leur paroisse étant mère-église» notéiert. Den 8. Abrëll 1786 hat d‘besuergte Por dem Provinzialrot matgedeelt ‘sie fürchtet, dass sie durch Einstürzung der Pfarrkirchen darin mögten begraben werden’. Se hat dann och d‘Zehnthäre gefrot eng nei a gréisser ze bauen! – Am Besëtz vun der Por ware bis 1794 ‘quatre jardins d'une superficie totale d'un arpent.’ - Am Januar 1900 gouf d‘Vergréisserung vun der Porkierch annonçéiert an 1905 dëser hir Aseenung. Am 2. Weltkrich gouf se mam Duerf um Héichplateau komplett zerstéiert... Duerch dem haitege Bau seng Fënstere (mat Themebiller, mam Patréiner Blasius an Hellege wéi den Celsus, d‘Maria Goretti an d‘Theresia vu Lisieux) vum Wilhelm de Graaff fällt d‘Liicht op dräi polychroméiert Altär an op traditionell Still. 1949 hat dann de laang gewënschten neie Kierfech seng Plaz baussent dem Uert. Net ze vergiessen - no beim Flouer ‘Altkirch’ erënnert säit 1994 e Kräiz un d’Zwangsevakuéirung vum 4.1.1945. Nom däitschen Uerder d’Duerf virum Owend ze raume wollten d‘Awunner an Directioun Bavigne, wou d’Amerikaner waren, mä goufe forçéiert d‘Nuet am verschneite Bësch ze verbrengen.

Während der Ardennenoffensiv gouf Bärel bal ganz zerstéiert. (Statistesch gesinn hate 26 Haiser iwwer 80% Schued, 4 iwwer 50% an 2 manner.) Virwat all d‘Awunner hir Uertschaft hu misse verloossen resuméiert d‘Erzielung vum deemolege Geeschtlechen Albert Gricius. [Hie schreift ‘Vun 31 Haiser waren der 11 total verbrannt a 17 ‘zu unförmigen Trümmerhaufen zusammengeschossen.’] E puer behäerzte Männer hunn a Ruine gehaust an sech beméit, Véih dat iwwerliewt hat ze betreien… “In Berlé war nie etwas geschehen und als das erste Mal etwas geschah, da war es der Untergang." Sou fänkt d‘1945 iwwer d’Rundstedt-Offensiv geschriwwent Buch ‘Dorf in der Front’ un. Senger Photoen an Auszich doraus si visibel op www.histolux.org/get_file.php?id=23209299&vnr=160227. Un d‘schwéier Zäit vu Berlé, der ‘localité la plus sinistrée du Grand-Duché’ erënnert e Monument vum Sculpteur Max Kohn nieft der aktueller Kierch an e Schiferblock mat Erënnerungsplack an Inscriptioun "In honour to the 90th Infantery Division which liberated Berlé on January 9, 1945." (Déi Deeg louchen 20cm Schnéi.) - Haut benotze muunch ‘Grenzéisleker’ onbewosst eenzel wallounesch Wierder; Beispiller si "Kieler" /Pferdekummet, "Juck" /Hühnersitzstange a "Jhick" /Murmel, Knicker.

P.S. Vum ‘häerdste Steen am Land’ ass gewosst, dass en e Quarz-Gehalt vun 95 - 98% huet an aus dem Erdaltertum staamt. Geologen no war hei e waarmt blot Devon-Mier mat Sandplage. No sengem Réckgang huet de Buedem sech a Gebiergszig gefaalt! (www.webwalking.lu/de/projects/geologie/Quarzit) En Thema fir een Aufsatz? (Am Joer 1925 war iwwregens dem Schoulpersonal vu Bärel säi Salaire 12.659.11 Frang.) D‘Bridder Grimm, die Freed hate mat Folklor a Wuertanalysen, ernimme keen Berlé, mä Berlein - ‘kleine Perle’ a Beerlein - klenge Bier - dee bal op alle Biedem wiisst. Hir Märercher dréien dacks ëm Déieren. De lieu dit ‘Wolfskist’ vu Berlé ass kaum legendär... (www.environnement.public.lu/forets/ p. 53) Méiglecherweis bestoung do an der Feudalzäit eng ‘populair Hysterie’ géingt den Isegrem an ‘des manants ou serfs creusaient de grandes fosses pour piéger le loup!’ - D‘lescht Trouvaille bestreid eng wierklech Trennung vu Gëscht, Haut a Moar. “Geschicht steet u jiddfer Eck, net ëmmer däitlech siichtbar fir jiddereen, a bleift dacks méi laang wierksam wéi vill et wësse wëllen!’’ (Paul Margue)