Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Biertreng

Biertreng läit liicht verstoppt lénks vun der Uelzecht - mam Zuch dräi Minutten hanner Colmar-Bierg a fënnef virun Ettelbréck. D’no Schierener Gare entstoung 1880 wéi d’Zuchstreck ewell 18 Joer hat. Well d’1844 gebaute Bréck op Biertreng am Krich gesprengt gouf féiert d’Schierener Routbichen-Allee néierens hinn. (Vun hiren 108 Beem stinn der nach 47.) D’pronkvoll 26m laang Bréck stoung 100 Joer, hire grousse Mëttelbou an och d’Stole Millebréck si fort, mä d’kleng säitlech Béi an d’Wuechthaischen halen d’Erënnerung waakreg. Fréier war do eng Fuert. Al Zeilen nenne Birtringen 1845 e Weiler mat Schlass, 3 Haiser an 22 Awunner. 1848 waren där do 12 notéiert an haut zielen der 6 vun senge 7 zur Millen. Schieren huet ronn 1.400 Leit mat de Sektioune Biertreng a Colmar-Pont. D’Schlass koum kierzlech ënner Denkmalschutz. Fir seng Erhalung besteet en "ëffentlechen Interêt" aus kultureller a lokalhistorescher Siicht. D’Propriétairin bewunnt e Privathaus nieft den Dependencen.

Op de Biertrenger Hiwwele fonnte préhistorescht Handwierksgeschir a remarkabel Trouvaille vu Schieren weisen op ural Siedlungen hinn. Quadratesch Konturen op Kadasterplange vun 1820 loossen eng Waasserbuerg oder e befestegt Haffgutt mat Gruef erkennen. (Dës stame wahrscheinlech wéi de ‘behelmte’ gotesche 15m héige Ronntuerm am Bannenhaff vun ëm 1300. Mam Uert verbonnen Nimm waren dunn e Symon vu Byrtringin, dann en Heinrich an e Clais. 1479 war d’Lënster Famill d’Orley do Buerghär, spéider, 1604 en de Cicignon vu Wampech; Undeeler haten duerno d’Metternichs an ë. a. de Joh. Dietrich Zandt vu Merll (1626 ernimmt als Schlassbewunner.) (1627 sollt de Wilhelm Bernard vu Gondersdorf dem spuenesche Kinnek Philip IV. fir 6.000 Gulden d’Hougeriicht iwwer 74 Haiser ofkaafen, ë. a. vun Ierpeldeng, Grenzen, Birtreng, Welsduerf, a Cruchten.) 1703 koum de Besetz un de ’Konrad von Breiderbach’. (Roger Bour, Buerge-Guide) Bauhär vum Schlass a senger haiteger Form war 1775 de Gaspard-Florent de Breiderbach. Hie war co-seigneur vun ë.a. Schieren, Grenzen, Grousskampen a Betzder an hat e Stad-Haus an der Waassergaass. D’barockt Schlässchen an der Hanglag mam opfalende Frontispiz, d.h. dem apaarte Gieweldräieck, der Balustrade an dem Eckrisalit (Quintus-Krantz) hat 1813 de Baron Joseph de Blochausen gesteet. 1834 huet do d‘Koppel Victorine d'Anethan a Frederic Joseph Prosper de Blochausen d‘Naissance vun hirem Fils Félix annonçéiert. (Seng Ancêtren hat de Jouseph II. geadelt.) Bei der schonn ernimmter eleganter Bréck (v. 1844) sollt Zoll gefrot ginn.

De villsäiteg intresséierte Guttsbesëtzer, Jurist a Politiker Félix de Blochausen (1834–1915) hat Aktien vun der Zockerfabrik vun Diekirch a vun der Prënz Henri Eisebunnscompagnie, e war co-fondateur vun der Casino Gesellschaft Lëtzebuerg a vun Brauerei Dikrech. (www.industrie.lu/deBlochausen.html.) Hien ass 81jäereg um Biertrenger Schlass gestuerwen. Der leschter Baronne de Blochausen, gebueren Estelle de Labeville, hir Ierwen houschen de Broqueville. Déi 1935 verstuerwe Baronne war d‘Marraine vun der haiteger Besetzerin hirer Mamm. (La Voix/ R. Bour.) Um Kierfech vu Colmar-Bierg veréiwege Grafplacken d‘Date vun der Schlassherrschaft. (http://www.industrie.lu/deBlochausen.html) Bis 1803 war Birtreng Deel vun der Por Ettelbréck, duerno koum ‘t an d‘Schierener. Sengen Hären hat emol d’no Grenzer Kapell mam räichverschaffte Portal gehéiert. - D‘Biertrenger- oder Schierener Mille läit grad wéi d‘Schlass lénks vun der Uelzecht. Se war am 14. Jh. Pand vun de Buerghären. (S‘ass 1451 dokumentéiert ënner dem Clais - koum 1564 hallef un d‘Fielser an d‘Buurschter Herrschaft, gouf verpacht un d‘Ettelbrécker- a spéider un d‘Conter Hären.) D’1664 verfallend Gebai haten nei Piechter hire Mëttelen no opgebaut; en néidegen Neibau koum 1720 mat Wopen an Datum, mä d‘Zäite bloufe schwiereg.

1727 huet e verschëlte Piechter d’Millen ënnerverlount. ‘t koum 1749 e Steekräiz nieft d’Gebai (vermuttlech war e Kand am Kanal erdronk.) 1757 krut den neie Besëtzer Breiderbach fortschrëttlech Iddiën an geschwënn drop hat d’Millen «drei Lauff, eine Oligsmühle und eine Schneidmühle in einem Getrieb.» Tselwecht Funktioune sinn 1824 ernimmt - an 1826 en Neibau vum Nicolas Kerschen. En neit Kapitel foung u mam Mariage vun senger Duechter Anna mam Dominik Toussaint vun der Mamer Neimillen. Zwee vu sengen 10 Enkele goufen d’lescht Schierener Mëller. - Z’ënnersträiche bleift, dass 1850 ënner dem Wëllem III. aus den detachéierten Ettelbrécker Sektiounen Nidder- an Uewerschieren a Biertreng d’nei Gemeng Schieren gouf mam Dominique Toussaint, dem Mëller als Buergermeeschter (bis 1867). – 1948 housch de Mëller Jean Simon-Ries. Dësen huet mat neien Turbinen 1953 an ‘58 eng elektresch Zentral ageriicht, d’Cegedel krut Stroum an de Footballterrain laang eng gratis Beliichtung! (Diamanten-Hochzäit hat hien 1978). (E. Erpelding) Den 2014’ter Bilan verréit, dass 1 Waasserstroum- an 23 Solarstroum-Produzenten 14,36 % vum Gesamtstroumverbauch vun der Gemeng an d’Netz agespeist hunn! D’Waasserkraaftwierk, 2 Wunnhaiser an Annexe leien idyllesch wéi op enger grenger Insel tëscht der Grenzer Strooss an der Uelzecht.

P.S. Den nostalgesche Postkaartenhandel weist eng vergilbte Biertrenger Kaart um Web an e moderne Blog kontrastéiert dernieft mat konschtvolle Photoen. (‘ginisblog-mypassion) D’Lokalgeschicht presentéiert den héichintressanten Album vum Raymond Hess „Werte und Zeitzeugen“. An d“Schlässer vun der Nordstad spiggelen den nach siichtbare Geescht vum Mëttelalter zréck“ (zu Bierg, Birtreng, Bettendref an Ierpeldeng) schreift de Jean-Marc Streit beim Entdecke vu Kulturierwen. - Un d‘berühmste Schlass-Famill erënnert eng ‘Residence Blochausen‘ an der Schierener Haaptstrooss. D‘Sport-Fëscher vun Ettelbréck luewen hir gepachte Floss-Parzell tëscht der Biertrenger Toussainsmillen an dem Dräieck wou d' Uelzecht an d'Sauer leeft als ‘Gewässer wat all Variatioune bitt.’ - An de Bëscher hanner dëm Schlass, zwëschen Ettelbréck a Colmar-Bierg fällt eng bedeitend Routhirschpopulatioun op. D‘Schlasspropriétairin konnt do duerch Rou-Zonen an zréckhalend Juegd e wäithi bekannten Naturschauspiel erhalen. Déi dag-aktiv Routhirsche kënnen do d‘ganzt Joer iwwer a fräier Natur observéiert ginn - a fille sech wuel wou Beem den Himmel stäipen.