Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Béigen

Béigen bei Clierf gehéiert zur Wëntger Gemeng, där vun der Surface hier gréissten am Land. Dës entstoung den 1.1.1978 aus der Fusioun vun de véier klenge Landgemengen Asselbuer, Béigen, Helzen an Uewerwampech. Allerdéngs haten dës dunn ewell dräi Joer hir interkommunal Modell-Primärschoul mat 12 Klassen zu Wëntger (an där hiren Architekt hat Racinnen zu Béigen.) Di nei Schoulorganisatioun huet Schwonk an d'Veräinsliewe bruet; e Sportverein an eng Musekgesellschaft goufe gegrënnt – (déi lescht sollt gläich 40 nei Instrumenter gestëft kréien a Musekcoursen ubidden.) Am Sproochegebrauch ginn och hei dacks Wierder aus anere Sprooche geléint, eng Konscht an der d’Lëtzebuerger staark sinn, well 53 % schwätze méi wi eng Sprooch mat hire Frënn an méi wi 70 % verschidde Sproochen op hirer Aarbecht. Den Uertsnumm war mol als Buwingen, Boevenghem, Bevingen an 1788 Bögen ze fannen.

Mat senge relativ géie Stroossen erënnert Béigen oder Boevange-les-Clervaux Leit aus dem Guttland un e Biergduerf. (C. Fandel) Et huet e gutt erhalenen Duerfkäer an hat fréier als eegestänneg Gemeng eng Fläch vu 4.007,3758 ha. Laanscht d'Mauere vum ale Kierfech stinn aus Schifer gehaen Grafstäng a Kräizer aus dem 19. Jh. mat deels onlieserlechen Nimm. E bedeitende Béigener, de Roger Bertemes (*1927) sot iwwer seng Heemecht " 't ass liicht e Land gäer ze hunn wat sech Éislek nennt. 't kann ee sech senge Formen, Faarwen a sengem wäiten Horizont net entzéien - an och net senger waarmer Stuff, senge gliddege Leeën, an dem Doft vu Gënz an Heed"! D'Éisleker Koppen ëm Béigen sinn iwregens 946 éischtmols mentionnéiert an 1218 dann als „Buevenges.“ 1324 goufen do verschidde Gidder nei opgedeelt a1496 waren 21 Haiser agedroen. Spezialisten aus dem Musée hunn do 1988 galloréimesch Spure fonnt. D'demographesch Kurv vum Duerf hat eng Zäitchen no ënnen tendéiert - mä no der Reorganisatioun vun der Gemeng gesäit seng Zukunft positiv aus. ‘Boevange‘ ass wi gesot éischtmols an der Mëtt vum 10. Jorhonnert attestéiert. (Dem Jean Tosti no bedeit d’galloromanescht “Boé” Ochsenhierd an d’hollännescht Boever och nach ‘Koewachter’.)

D'1719 ënner dem Paschtouer Jodoci gebaute Béigener Kierch ass berühmt wéins hirem artistesche Räichtem, dee wahrscheinlech op d'Jesuiten zréckgeet. Hiren Tuerm huet Mierkmoler vu fréiere Wiertierm. En Dokument vun 1685 dréit ëm hir Virgängerin mat véier Altär. Opfalend sinn hir (am ganzen 21) op Holz gemoolten episodenhaft Ueleg-Biller op der Virsäit vum Duxall. Si loosse sech dréie fir d'Molerei vun de Récksäiten ze weisen a kéinnte vun engem Fliggelaltor stamen. De reng skulptéierte Priedegtstull mat Schalldach an der symbolescher aarmer Kierchemaus ass vum “Meister Nilles von Leh”. Um prächtege barocken Haaptaltor impressionnéieren dezent Figuren, d‘Abendmahl- a Kräizigungszeen an den Dréihtabernakel vun ëm 1740. Biller vum massive rechtse Säitenaltor si vermuttlech aus dem 16. a 17. Jh. (Dëst a vill aner Detailler reproduzéiert de Fotoband 'Kirchen der Gemeinde Wintger' vun 2008.) Nenne mer just nach d‘Epitaph aus Schifer (vun 1636) rechts un der Schëffswand an d‘Statue vun de Kierchepatréiner Martinus a Franz Xaver an dem Ignatius vu Loyola. Vum ale Paschtoueschhaus gëtt erzielt, dass et bis d'Franséisch Revolutioun der Kierch gehéiert, du konfiskéiert, erëmgesteet an der Kierch zréckgeschenkt gouf. Den Erzbeschof Hengen hat et emol als "Jesuitenhaus" bezeechent - et ass fir e klengt Duerf jo och relativ grouss. Den Nordweste vum Éislek ass fir seng wäertvoll Zeien vum Glawe vu vergaangene Generatioune bekannt!

Béigen läit 72 km vun der Stad, op 449m oder 1476 Fouss Héicht a Loftlinn op der Halleschent Letzebuerg-Léck. Dem François Mersch säi 'Belle Epoque' - Buch verréit, dass seng apaart eeler 'Villa' fréier 'Château de la Bruyère' housch. En Autopedester vu 6 km luet do an op een laut Touristeguide "superben Tour iwwer de Plateau boisé vun der "Béigerhaard"… an zréck duerch eng pittoresk Vallée laanscht d'"Kierelbaach". D’Béigener Alermillen ernimmt d’Lëscht vu fréiere Millen. Wéi Béigen 201 Awunner hat, am Joer 1848, gouf den 1818 do gebuerene Bernard-Hubert Neuman(n) Riichter um Bezierksgeriicht vu Lëtzebuerg... a sollt duerno Carrière man als Magistrat a Politiker. 1887 koum eng “agence téléphonique” an d’ 'Boegener' Haus Conzémius (Lëtz. Wort, 27 Jan. 1887) Zwielef Joer drop hat de Clierfer Bureau eng Ligne en fil double mat Dikrech, zwou en fil simple mat Béigen an eng en fil simple mat Wolz.(Léon Bodé, Origines et extension du Téléphone, 1985, Lux.)

P.S. Wahrscheinlech hate Kandheetserënnerungen den Nic Weber inspiréiert zum Vergläich vum typeschen Éisleker mat dem “menschgewordene knorrige Stamm” vun der Eech. (aus de 'Kierchtuermscauserien', TG 2008). Soten s’am Guttland fréier “maach näischt zum Onwee” - housch et am ieweschte Kanton vum Land, wann eppes passéiert war, "du michs alles zum Oniäwwen". (A. Atten) Den alen Diktionnär verréit als dozou méiglech Reaktioun de populäre Saz "du krëss éng an en Uer!" Zu der fréierer Gemeng hunn ausser Béigen d'Uertschaften Tratten, Kréindel, Lëllgen, Diänjen, Deewelt, Heesdref a Wëntger gehéiert, an do housch ë.a. en Nueschnappech "Schnicksdouch" an egdel war eidel. An eng ofschléissend Remarque vum Claude Fandel mengt 'Wann ee méi laang uewen am Éislek wunnt, wuessen engem d’Landschaft mat hiren alen Traditiounen an d’Mënschen, déi do liewen ëmmer méi un d’Häerz'!