Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Buddeler

Buddeler huet eng Fläch vun 302 ha an e puer typesch Bauerenhäff am Zentrum. Déi meescht vu sengen Haiser leie säitlech vun der Bricherbaach op der ‘rive gauche au pied d’un talus‘. Et zielt mat de Sektioune Buddelerbaach a Breinerterknupp zur Gemeng Biwer. D‘Buch ‘Das alte Luxemburg heute‘ (Krantz-Quintus) proposéiert als kulturelle Weeweiser eng Ronnfaart ab Gréiwemaacher, iwwer ë.a. Roudemer a Rippeg, mat Arrêt zu Brouch a Boudler an weider a Richtung Sauer a Musel. - Sproochfuerscher no weist de Begrëff Buddel op d‘Friemwuert Bouteille hinn, aus deem sech d‘nidderdäitscht buddel entweckelt hat. Wéi béid baséiert och ‘bottle’ op d’latengescht “but‹t›icula”, Fässchen oder Krou a säin Diminutiv “buttis” huet e lien mat ‘Bütte’. (Hei däerft d’Topografie oder vläicht e Küfer den Uertsnumm inspiréiert hunn - Holzfässer haten nieft Tounkréi jo schonn d’Réimer.) Am Summer 2013 hat Buddeler 76 Awunner an 29 Menagen, Boudlerbaach: 29 Leit, 10 Stéit, an opfalend vill kleng Baachen a Breinert 55 Leit, verdeelt op 26 Menagen.

Am Kanton Gréiwemaacher hu fréier vill Häff zu den Abteien Iechternach a St Maximäin gezielt a Buddeler hat sécherlech och mat de Bäerdrefer Hären ze dinn. Vill Froen ëmginn de Fielse-Labyrinth am Mëllerdal, d‘ “Buddeler-Kummer“. Se läit zwëschen dem “Burgkapp“ an der Konsdreffer Millen (op der Promenade C5) am engem dichte Bëschhang. Net wäit vun deem schmuele Raum stinn de bal vergiessne “Buddeler-Männchen“ an d‘ “Buddeler-Fässchen“. Hire Lien mam Duerf (an der Kadasterparzell “A Buddeler“) ass onkloer. Konkretes verroden al Bicher an Dokumenter; 1803 ass d’Duerf genannt mat der Por Biwer. D‘Buch “Luxemburger Volksleben“ vum Professer Hess erzielt z.B. dass d’Awunner vu Buddeler a Mäertert 1808 an engem „Gesuch“ proposéiert haten ‘d’Juegd-a Fëschereirechter zum Notze vun der Gemengekeess ze verpachten‘ - fir esou den Eegentemer hir Rechter erofzesetzen (jiddereen hat dës solidaresch Gedanke gutt fonnt, just d’Wëlderer net.) 1874 ernimmt ass de Stroossebau vum Michelshaff iwwer Bech op Buddeler. Déi 1875 hei gebuere Maria Dondelinger, d’spéider Mère Gregoria a Superieure vun de Franziskanerinne, war 1928 a China bei hir Missioun gereest. Hire 1931 publizéierten 376 Säiten décke Récit ‘Im chinesischen Hexenkessel’ ass kierzlech am Online Buchhandel opgedaucht.

D‘ondatéiert eeler Filialkapell huet Fënstere vun 1893 an bescheide Rokokoaltär. Hir vollekstëmlech Pietà vum ‘type religieuse‘ ass e Geschenk vum Antoine d’Arnould, Baron vun Zolwer an Seigneur vu Berbourg a Boudler (aus dem Joer 1718.) Den aachteckege Priedegtstull mat de faarwefrouen Evangelisten dréit d‘Initialen N.G. a war vermuttlech de ‘brevet de maîtrise‘ vum 19jäeregen Nicolas Greeff (-Greisch). Déi exceptionnell Pièce vun 1714 stoung fréier zu Temmels. Dem rietse Säitenaltor säi groussen Tableau vun de Nouthelfer mat de ’bäierlech mä konschtvoll geschnëtzte Broschtbiller‘ staamt och aus dem 18. Jorhonnert. Deene Véierzeng hiren Dag ass de 27. Abrëll. (Mä hire Schutz ass ëmmer gefrot an net just an der ‘Chapelle aux 14 auxiliaires‘ de Boudler - wéi d‘Greeff-Buch vum Här Walin de klenge Sakralbau beschreift.)

De 25. Januar 1945 louch d’76. US Infanterie-Divisioun mat 3 Regimenter zwëschen dem ländlechen Dall vun der Wäisser Iernz an der Sir (mat Gefechtsstänn an Operatiounszentral) zu Hemstel, Buddeler a Betzder.) Nuets vum 1. op den 2. Februar louch 10 cm Schnéi an schwéier detektéierbar däitsch ‘Schuh-Minen‘ hu vill Amerikaner blesséiert. (D’Iechternacher Klackentierm ware säit Dezember gesprengt. Rou war do wann ufangs Februar d’feindlech Truppen “turnusweis“ Hotelkelleren no gudde Fläschen duerchsicht hunn. (E.T. Melchers)) – Der Milly Thill hir Erënnerungen un d‘éischt Sprangpressessioun nom Krich (22. Mee) gi vun Ouljen iwwer Betzder an ernimme Sympathisanten déi zu Wecker bäikoumen. Da „gung et weider iwwer Biwer a Buddler, lauter Dierfer déi während der Rundstedtoffensiv evakuéiert waren. An hinne gesouchen vill Haiser nach ellen eraus - beispillsweis houngen do déck amerikanesch Kabele kéipweis laanscht d’Fassaden an duerch d’Lut.“ – Eng ‘wireless‘ Info: E seltene Bréif vum 1.7.1931, eng “Nachbringpost zum Dampfer Columbus” aus dem loutrengesch-saarlänneschen “Homonym” Budweiler op New-York, hat eng Sallauktioun am Januar 2015 ugebuede fir 150 Euro! Konschtwierker offréiert säit 1994 der Carine Kraus hiren Atelier de lithographie vu Boudler. D’Kënschtlerin, déi 2007 de Prix de Raville krut an 2013 lauréate vum Prix Grand-Duc Adolphe war, wunnt a schafft ewell méi laang am Duerf.

P.S. De Familljennumm Boudler daucht 1984 statistesch néng mol op a Budler aacht mol. Vun den ongezielte kleng véierbeenege ‘Buddeler‘, den Hamsteren an Maulefe stinn di läscht ënner Naturschutz. Aner Trouvaillen: ‘Bouddelier’ heescht de ‘Responsable fir Proviant om Schëff’, verréit d’al Encyclopedie vun der UNI Tréier. An eng Dageszeidong verréit 2011 nieft dem Familljeporträit vun der 90jäereger Madame Delphine B. (déi hire bäierleche Betrib mat vill Léift ëmsuergt huet) d’Geheimnis vun hirem héijen Alter: ëmmer Courage hunn a Freed, an «déi gudd Buddeler Loft»! Photoen aus der Loft vum Rol Schleich veréiwegen hei tëscht klengen Dierfer a schmuele Baachen Plaze wou d’Natur hir ganz Schéinheet entfaalt - an eng Vergréisserung weist een accueillant Buddelerbaacher Haus esou präzis, dass een säi Kamäin gesäit dämpen!