Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Bour

Bour am Äischdall huet nom Gemengeregëster vum 17. August 2017 just 57 Leit a 26 Menagen. Et koum 1848 allerdéngs op 88 Awunner - deemols ware Familljen jo méi grouss. Seng Héicht tëscht 246 an 253 Meter ass onchangéiert; d’’Burergewan grenzt weider un d’Dondeler Gewan, un de Flouer vu Rued an den Aansebuerger. Flouernimm sinn a punkto Natur do zimmlech opschlossräich: den Noessgrëndchen, d‘’Gerstenfeld’ a ‘bei der Mille’ beschreiwen dat Typescht an d’Lag vun engem fréiere Betrib. Busverbindunge viséiere beispillsweis Sëll-Réiden, Huelmes-Mariendall a vun do aus Miersch, d’Enn vum markanten Dall. ‘t läit ronn 16km vun der Stad a steet virun engem grousse Changement. Et zielt nach bis un d’Joeresenn zur Gemeng Tënten; 2018 gëtt nämlech där hir Fusioun mat der Nopeschgemeng Béiwen un der Atert Realitéit. Béid hunn en ähnlech ländleche Profil an heeschen duerno Commune de Helperknapp.

An der feudaler Zäit ënnerstoungen d’Dierfer aus der Gemeng Tënten den Häre vun Huelmes. Niewebäi gesot kréien do haut Touristen regelméisseg am Rittersall vum ale fënnefstäckege Buergfrid "Rittermolzechten" ugebueden. (Dee Moment kéinnte Postween en Thema sinn, déi Enn der 1680ger zu Simmer en Uschloss un d’Wiener Streck kruten - oder d’1722 ënnerëm Papp vun der Keeserin Maria-Theresia entstane Postkutscheverbindung Bréissel-Lëtzebuerg.) Net wäit vun der Kapell vu Bour an de Garage vun engem Restaurant, (deen entretemps zou ass a Wunnraum Plaz mécht) war fréier e Stall fir d’Ënnerbrénge vu Päerd vum Postkutschendéngscht Sëll-Lëtzebuerg. An d’Schmelze riets a lénks? De 5. Oktober 1624 hunn den Nicolas an Thomas Bidart vun Dinant zu Aansebuerg eng Schmëdd mat engem Eisenhummer installéiert - an tëscht Simmer a Rued en Héichuewen. Se wollte mat Hëllef vum Waasser an Holz aus de Bëscher ronderëm aus Bounäerz Goss gewannen an deen zu Waffen a Geschir verschaffen. (1618 hat nämlech den 30jäerege Krich ugefaangen.) Tëscht den zwou Industrien war d’Köhlerdierfche Bour! (LW 30.6.1916)… Dëst gesouch 1632 wéi d’Äisch zäitweileg duerch Schleisen schëffbar gouf fir den Eisentransport zwëschen dem Héichuewe vun der Simmerschmelz an der Aansebuerger Forge z’erméiglechen. (Industries.lu) (Simmer war bis 1830 a Betrib an Aansebuerg bis 1848.) (Hollenfels.snj.lu, Schmelzhären, Eisen a Bëscher - C. Duhautpas).

D’Ferraris Kaart weist ëm 1778 zu Bour eng Insel an der Äisch. Dat war wéi d’op Karfreideg 1794 verbrannten Abtei Clairefontaine nach zum Herzogtum Lëtzebuerg gehéiert hat. (D’1831 nei fixéiert belsch Grenz gouf 1839 applizéiert.) - Bour war virun 1803 an der Por Tënten. Engem allgemenge Wonsch no krut ugangs Dezember 1850 de Gemengerot e Plang presentéiert fir eng eege Kapell ze bauen. (Devis: 2085 Frang.) Den 13. Juli 1851 war se fäerdeg, de Joresdatum koum iwwer hir Dier. Um Altor vun 1968 sti Statuen aus dem 18. Joerhonnert, se stellen den hl. Eligius duer an den hl. Celsus als Bëschof mat Bëschofsstaf a wäissem Päerd. Den Celsus ass de Patréiner vun de Kanner an de Päerd. Den Edmond de la Fontaine ernimmt a sengem Buch ‘Sitten und Bräuche’ (vun 1883) ‘Bur’ ënner den Uertschaften, an deene fir d'Päerd gebiet gëtt.

Op der Celsusfeier op Ouschterméindeg ginn mat dësen zanter 1953 och Trakteren an Autoe geseent. 2010 krut d’Kapell eng nei Muttergottesstatu. Si an d’kléngt Holzkräiz um Altor hunn d’Bourer Bridder Stomp gestëft. Op Initiativ vum Här Santer konnt de Raum d’Bänken aus der Kapell vu Boufer iwwerhuelen.

D’Hansen-Kaart vun 1907 indiquéiert zu Bour eng Scierie! (http://map.geoportail.lu/communes/Luxembourg/1907.) Bekanntlech déngen Baachen a Flëss net nëmmen der Bewässerung. Se goufen a ginn och genotzt fir Millen a Seeëreien unzedreiwen oder fir d’Stroumproduktioun. E Gemengerèglement vum 24 Juli 1921 concernéiert d’ ‘fourniture du courant aux abonnés de l'usine électrique de Bour – Tuntange.’ (legilux) - Zu de lokale Stroossen nach d’Info, dass de Begrëff CR105 ewell vun 1872 staamt. (Zu Bour steet e fir d’rue d’Arlon a féiert vun der Gäichel op Miersch.) Deemols hat eng staatlech Spezialkommissioun d’Reprise vu wichtege Landstroosse preparéiert an d’Notioun «chemin repris par l’État» kreeéiert. (Fazit: hiren Ënnerhalt betrëfft d’Staatskäschten.) D’Stroossen-Nummeren CR101 bis 199 verbannen den Zentrum, ‘Osten’ oder ‘Süde’ vum Land. De villbewonnerten Äischdall zielt zu eiser gréißter Habitat-Schutzzon an zum europäeschen Netz “Natura 2000”. Well seng géi Häng ‘schwéier ze beforste sinn sollten do kleng Urwälder d’Joerhonnerten iwwerliewen.’ Den Uerts-Numm Bour huet muunch Familljennimm inspiréiert, 1984 louch e mat 143 ëm 13 manner wéi 1880. Dem Engelmann-Dictionnär no zielt Bur «Born» zum Kanton Iechternach an dat mat ou zum Kanton Miersch.

P.S. D’diskret Dierfchen un der N12 huet en Appart-Hotel, eng Tankstell mat Buttek, eng populär Celsusfeier an Kapellefënschtre mat reliéise Symboler vun ëm 1935. Säi Plan d'Aménagement Général (PAG) an seng Etude préparatoire 2017 gläichen mat hiren Zonen deels engem Puzzel an sinn héich informativ. Baséiert den Uertsnumm op eng Quell muss déi e ganz excellent Waasser ginn. Méiglecherweis ass en eng Variante vum däitsche ‘Bauer (paysan) proche du flamand Boer, prononcé et écrit parfois Bour.’ (Professer J. Tosti). ‘t gëtt iwwregens eng semi-urban algeresch Siedlung El Bour. An eise ‘Burekascht’ bedeit Kressong an ‘pas de cresson sur la fontaine’ heescht kurioserweis souvill wéi ‘keng Hoer um Kapp hunn. (Langenscheidt.) Esou Spréch léieren d’Kanner net an der Tëntener Crèche «An Dicksen», mä vläicht léif al Lidder wéi ‘Meereenchen’, ‘Hiesche gëff gutt uecht’ oder ‘déi Fräschen’…