Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Brattert

D’faarweg Ferrariskaart veréiwegt d’Dierfchen am 18. Jh. als ‘Bruttert’ mat Hecken ëmginn als Grenz, Siicht- a Wandschutz. D’schwaarz-wäiss Hansen-Kaart vun 1907 weist do méi Diech, d’Héichtendifferenzen an d’Flouernimm. Brattert läit tëscht Gréiwels a Kéiber nërdlech vu Ranschelt an op enger Ligne mat Nidderfeelen. ‘t hat fréier eng Molkerei an iwwer duebel esou vill Leit wéi haut - bei deenen dacks Lënsen, gebaken Äeppel, hausgemate Brout a Gromperen um Dësch stoungen. (1848 goufen do 45 Leit statistesch erfaasst, zu Ranschelt 14 an zu Kéiber 120.) Eist Land koum 1887 op 217.384 Awunner, op 18.576 Päerd (fir Zuucht an Handel), op bal 87.000 Schwäin an op 44. 833 Ardennerschof (vun der ‘Lëtzebuerger Rass’ mat zaartem Fleesch a mëttelméissseger Woll.) D’Zäiten hu geännert. Vun der Gemeng Wal heescht et beispillsweis ‘la nature est son capital’! An hir kann ee ländlech Rou genéissen oder Bicher schreiwen wéi ‘Unterwegs zuhause'. (M. Maas)

D’Zesummesetzung vun der Gemeng Wal hirem Wope baséiert op al historesch Fakten. Déi dozougehéireg Uertschaften hate gréisstendeels den Herrschaften Esch/Sauer an Useldeng gehéiert, mä Heeschpelt a Kéiber dem prévoté Arel. Den zweemol reproduzéierte roude Léif ouni Kroun erënnert un d'Areler Vogtei, di zwee aner Felder staame vun der Famill Esch-Useldeng. D’schwaarzt Kräiz weist op den Däitsch-Uerden hinn, dem Randschelt gehéiert hat, an dat klengt mam Ornament an de Kléiblatspëtzen op e Reliquieschräin. - D’Akommenserkläerung vun der Herrschaft Arsdorf, Bilsdorf a Brattert ernimmt de François Sébastien de Loutsch; hien hat de 26. Abrëll 1759 geschriwwen: „Mir gehören 3/5 der Arsdorfer Bannmühle und ich habe allein das Recht, im Falle einer Verpachtung, den Vertrag vorzunehmen“. Intressant kléngt och d’Recherche iwwer d’Virfure vum Peter Andrew Thill. (1899 – 1976) Hie war am Ozaukee County, (am Wisconsin) doheem - gebuer zu Fredonia a gestuerwen zu Port Washington. D’gesichten ‘Thill family from the Parish of Rindschleiden’ (d.h. vun Heispelt, Brattert, Kuborn) konnt an ale Por-Regestre vu Randschelt zréckverfollegt ginn. Hiren 1626 zu Brattert gebuerenen ’earliest ancestor’ Paulus Thillen hat do 80 Joer gelieft. Hien hätt sécher eppes iwwer d’Weekräiz un der Strooss op Randschelt erziele kënnen. ‘t ass wahrscheinlech dat eelst aus der Gemeng a vermuttlech aus der Zäit vum hl. Willibrord.

Brattert huet e puer eeler Weekapellen an der rue de Rindschleiden. Eng dovun steet op Nr. 19 an der Mauer vun der fréierer «Erkelsvogtei» («Lonkigsvogtei»). Hire geschnëtzten Altor dréit d’Joerszuel 1850. Eng aner, d’Weekapell «An Thillen» entstoung 1934 an der Duerfmëtt, (a gehéiert zum Bauerenhaff vis-à-vis.) An d’Kapell «An Hansnéckels» mam Kräiz vun 1903 steet am Schied vun zwou decke wahrscheinlech gläich-ale Bichen.(https://commons.wikimedia.org/wiki/Category:Wayside_chapels_in_Wahl) - Zeilen aus engem eelere Schoulaufsatz presentéieren d’Lokalitéit an hiert Ëmfeld. ‘Die Orte Rindschleiden und Brattert liegen in der Gemeinde Wahl zwischen Grevels und Heispelt auf rund 485 m Höhe. Es gibt in Brattert einen Fußballplatz und ein paar Häuser, in Rindschleiden gibt es eine Kirche mit einem kleinen Park und 2 Häuser, von denen nur eins bewohnt ist. Mir gefällt es dort sehr gut, weil es sehr ruhig ist. Man kann auf der Straße spielen ohne viel aufpassen zu müssen...’ (I. Arns) Doran housch et weider dass Brattert knapp 25 Leit zielt, a Randschelt mat engem Awunner d’klengsten Duerf am Land ass. An ‘Es werden dort in der Kirche sehr viele Hochzeiten gefeiert. Sie hat auch sehr schöne romanische Fenster die oben rund sind. Hinter der Kirche gibt es einen Weiher mit Fischen, einen großen Platz mit einem Taufbecken und einen Willibrordusbrunnen.’ Erviirzehiewen ass neierdéngs do eng Streewiss mat Placken un der Mauer. An d’Haus vum fréiere Geeschtleche koum d’Thillenvogtei vu Wal, an e klenge Café belieft d’fréiert Schoulgebai.

D’Duerfkanner gounge fréier op Gréiwels an d’Primärschoul. Haut besichen se d’op Nopeschdierfer verdeelte Klassen per Bus an duerno den Dikkrecher Kolléisch. Dohi goung beispillsweis den zu Brattert gebuerenen Alphonse Spielmann tëscht 1945 an ‘52. (Dee spéideren Avocat général vum Ieweschte Geriichtshaff gouf dann 1985 Riichter um Europäesche Geriichtshaff fir Mënschenrechter a duerno Member vum Institut Grand-Ducal.) Virun him war de (Pater) Joseph Pletschette (1908-1974) Dikkrecher Stodent. Hie goung 1937 an Argentinien a gouf do Geeschtlechen. Spéider war hie 24 Joer Spiritual am grouße Seminair vu Lëtzebuerg an Aumônier a Katechet um Groussherzoglechen Haff. (Wahler Uucht - http://www.pletschette.net/pater/index.htm.) Seng Famill hat Jongen am Krich verstoppt an vun engem op Auschwitz bruete Familljemember existéieren nach Bréiwer. E Bléck an e Krichsrapport vum Hugh F. Fenzel (26. Inf.D 328 INF 3 BN K) vum 26. Dezember 1944 verréit, «we were releaved by elements of the 101st infantery, 26. division and went into reserve after having established a CP at Brattert and a hot meal, the first in a week.» (Battle of the bulge.)

P.S. Een Neveu vum virdru beschriwwene Pater hat de Bratterter Haff Thillen iwwerholl a versuergt do ewell eng Zäitche nieft 25 Oldtimer Trakteren ë. a. seng Dreschmaschinne Sammlung. An engem anere Bauerenhaff ass e Spezialist vun Heizungen, Sonnenenergie a Klimatechnik. - Am noe Millegrond soll de Mëller altemol bei Nuetsschichten annäipen. Wichtelcher sollten dann d’Aarbecht fäerdeg man. Eemol hat hie gemat wéi wann e géing schlofen an s’onfrëndlech erwëscht a verjot. D’Suite: en ass veraarmt an d’Mille spéider verfall. A lokalem Geknadders reimen iwwregens d‘Bratterte am Lach mat ‘der Däiwel erstach, eng Biddde voll Brach a nach net genuch fir e Kiirmeskuch!‘) (P. Tousch, Schimpfwörterbuch) Erstaunlech ass, dass ‘déi aus Neibrasilien‘ (de Gréiwelser FC Excelsior) e Foussballfeld am Ausgang vum Uert hunn - an erfreelech wann d’Kanner op speziellen Deeg hei mat holze Figuren a mat Kräid gezeechente Felder ’Mënsch ierger dech net’ op der Strooss spillen.