Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Fënsterdall

De Fënster- oder Féinsterdall verstoppt sech op 289 m Héicht an der Gemeng Béiwen/Atert ënnerum ronn 100m méi héijen ‘Helperknapp’. ( E läit ‘matzen’ am Zentrum vum Gemengen-Territoire’ heescht et an enger offizieller Beschreiwung.) De Wee dohinn zweigt of vum CR 115, deen an de Käer vu Bissen féiert (an do den Numm ‘rue de Finsterthal’ dréit.) Zwee vum Weiler senge 7 Haiser dengen als Weekend, di aner bewunne 5 Menage mat 14 Awunner. Genee gesot zielt ee vun sengen 2 Bauerenhief zum Mierscher Bann, an den aneren zur Gemeng Béiwen/Atert - d’Baach mecht do d’Grenz!) D’Réserve naturelle Fënsterdall ass säit 1987 deklaréiert Fiichtzone a protegéiert anengems di dozougehéireg ‘zone tampon.’ Dës ëmfaasst den Iwwergangsberäich vum drechnen Terrain zum permanente Fiichtgebitt mat ugepassten Flora- a Faunazorten.

Beim Féinsterdall, op der Héicht vum Helperknapp sinn nach Spure vun enger Fliehbuerg visibel, e 75 Meter laange ‘vallum’ mat gutt 3 Meter Déift. Virun de Réimer war do schonn e Keltesche Schutzwall. (A. Pütz). En Zäitsprong féiert do bei d’Useldenger Seigneurie als Besëtzer – d’Ferraris-Kaart nennt d’Plaz am Dall mat de 5 rouden Diech an de ville klenge Parzellen ‘Baraques de Finsterthal’ (1777) (www.kbr.be/fr/la-carte-de-ferraris - Découpe 222.) D’Béiwener Gemeng gouf 1795 constituéiert mat ‘Boewingen, Schleidermühl, Grevenknapp, Finsterthal, Bill et Brouch’. (Bëschdref hat deemols net dozou gehéiert.) - De Fënsterdall gouf geschwënn duerno ernimmt am Zesummenhang mat grousse Mäert. Händler vun no a vu wäit hate laangzäit hir Wuer um Helperknapp ugebueden. Lascombes Notizen ernimmen 1496 de Gierwer a Schouster vu Lëtzebuerg hiert Besichtegungsrecht op alle Mäert, och deem vun Helpert. ‘t koume spéider ë. a. och Schéireschlëfer dohin, mä d’Haaptunzéiung bloufen am 17. Jh. Oxen, Ranner, Schof, Schwäin a Päerd an Gezei oder Léngent. (D’Maart-Origine sinn net genau festgeluet, mä ‘t ass gewosst, dass d’Huelmeser Hären en iwwerwaacht hunn.) Nodeems d’ural Kierch um Bierg verfall war gouf de Maart tëscht 1832 an1925 säitlech vum Féinsterdall ofgehalen. ‘t koumen do beispillsweis ufangs ëm 1450 Päerd an 2500 Schof zesummen an Händler a Keefer aus den Ardennen an der Eifel.

D’Féinsterdaller Kanner gounge fréier zufouss op de Gréiweknapp an d’Schoul an d’Leit op Béiwen an d’Mass. Brauch an Traditioun ginn heirëmmer grouss geschriwwen - nach haut erënnert Päischtméindes eng Pressessioun un den hellege Willibrord. 1966 goufen d’Statioune vum M. Elz nei gruppéiert. (Den Helperbur nennt den Evy Friedrich Source miraculeuse.) 1973 hat am Kader vum Fest „1000 Joer Helperknapp“ de kierchleche virum weltleche Charakter dominéiert. Am 17. Jh. hat dem Jesuitepater Alexander Wiltheim (+1684) säi Wierk ‘Luciliburgensia Sive Luxemburgum Romanum’ de sougenannten Heilberg tëscht der Stad an Useldéng besonnesch ervirgestrach. De Louis L’Evêque de la Basse Moûturie sollt do fonnte Medaillen an en Altor mat Herkules- an Isis-Bildnës ernimmen. ‘Fir sech um Ganzen z’erquécken, muss een dat Ganzt am Klengsten erblécken...’ Dës Goethe Zeil féiert bei eng Korrespondenz (vum 21.04.1918) aus dem Fënsterdall. De Père Antoine de Padoue Vidai hat doran den ‘Augustins de l’Assomption’ hir ‘ferme de travail avec une vie, prise dans les affres du quotidien…’ ernimmt. Mëndlechen Temoignagen no koum d’fréier Hostellerie an d’Klouschtermaueren, de Stil vun de Fënstre sollt un d’Kapell erënneren. D’Hostellerie existéiert net méi. An do wou 1848 nach 63 Leit gezielt goufen hunn der 1988 nach 27 gewunnt.

D’Plaz mam liicht mysteriéisen Uerts-Numm hat emol e reellen Drama erlieft. D’fréier Landbréifdréier (meeschtens aus agessiessene Familljen, déi sech gutt auskannt hunn) goungen deeglech bis 50 km zu Fouss. An der hollännescher Zäit gouf emol um Wee Fënsterdall-Bëschdref e Bréifdréier iwwerfall an ermuerd. (D’‘Affer’ hat awer just ee Gulden an e puer Centim bei sech.) (Roger Hilbert). - Wéi d’Mierscher Schlass a biergerlech Hänn koum gouf (nom J.P. Schwartz-Hallinger) tëscht 1927 an 1957 den Féinsterdaller Dierwiechter Pierre Uhres-Fabritius säi Proprietär. En Theaterstéck ‘Belle-île, Fënsterdall’ vum Paul Greisch hat 2008 d’Alldeeglechkeeten an de Problem vum al ginn net ouni drechnen Humor thematiséiert! - Am Fënsterdall leien d’Schutzgebitt ‘Moorwald’ an d'arrivée vum ‘Naturléierpad’, dee vum ‘Openthalt’ hir iwwer drësseg Planzen- a Bamzorten opweises huet. D’Quell vun der „Wëllerbaach“ ass an deem zimmlech dichte Bësch. De Féinsterdall selwer ass keen „däischteren Uert“ mä a Wierklechkeet schéin hell. Vermuttlech kruten d’Leit do de gewësse Flair mat vum Helperknapp, dee laang am soziale, kommerziellen an reliéise Liewen eng Roll hat. D’Buch ‘Schueberfouer’ 1340-1990 vun de Cludem-Spezialisten nennt d’‘Schober’- an ‘Helpertmesse’ ëmmerhinn am gläichen Otemzuch um Enn vum 14. Jh. als ‘Zahlungstermin’.

P.S. Am Fënsterdall besteet eng wéineg bekannt mä idyllesch Campplaz. Dës ass fir all Lëtzebuerger Guiden- a Scoute-Gruppen disponibel tëschent Ouschteren an Allerhellgen. Do hunn si op der Wiss matzen am Bësch ë.a. en Iwwerdaach, eng Feierplaz, e puer Parkingsméiglechkeeten an en Drénkwaasseruschloss. (‘an Feierholz kann ee ronderëm am Bësch oprafen.’) - Beim Bléck op nei Hostellerie-Plangen oder am Gespréich iwwer d’Gemengefusioun Béiwen/Atert - Tënten gëtt sech wahrscheinlech erënnert un d’Zäit vu gudden Hameschmieren oder Kaartepartien - a vläicht och u midd Passante vum 7 km laangen Autopedester. Mä och ouni Attraktiounen däerft speziell do den Thomas Carlyle Saz gefalen : ‘Die ewigen Sterne kommen wieder zum Vorschein, sobald es finster genug ist.’ - Behaapt Google ’il existe un endroit nommée Fënsterdall dans le monde’ fënnt sech dach e klengen, harmoneschen Uertsdeel Finsternthal mat ëm 190 Leit am hesseschen Héichtaunus.