Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Gilsdref

Uganks vum 20. Joerhonnert hat Gilsdref 1022 Awunner an néng Café’en; am Summer 2016 koum et op 1033 Leit. (No engem ‘Réckgank’ war hire Chiffer an eelef Joer ëm 169 Leit gewuess.) An der Belle Epoque hunn a senge siwen exploitéierte Carrièren 48 Steemetzer geschafft. Beim Bau vu muncher Kierch aus der Géigend a vun der Stader Gare goufe Steng aus Bettenduerf-Gilsdref (an Iernzen) verwennt. Eng vun de ‘Carrières Réunies de Gilsdorf’ hire Steekaulen am noe Schoofsbësch (a Betrib zenter den 1860ger) gouf kierzlech zone protégée mat iwwer 200 Planzenaarten an engem Naturweier. Op ale Kaarten trenne Wisen d’laanggestrecktend Duerf vun der Sauer. D’Leit gesouchen op der nordwestlecher Héicht wéi ‘ehedem auf Eselswägelchen den Herrenberg herauf und herab gefahren wurde.’ (Nom Professer Hess d’Inspiratioun zum Spottnumm ‘Dikrecher Eselen’.) Haut verbënnd d’90 Meter laang Bréck - mat dräi Béi aus lokale Permangen iwwer verdeckte Bëton armé - Gilsdref mat der N17.

Gilsdref war 765 agedroen als Gelestorf a krut am 18. Joerhonnert d’haiteg Schreifweis. ’t war a fréierer Zäit bekannt duerch seng geschichtlech beglaubegt Templerbuerg. (J. Hahn) Dëse geeschtleche Ritteruerden erwähnt d‘Buch ‘Yolanda’ virun 1312 och an der Ënnerstad vu Veianen. (Abt Bertels-Zeile beschreiwen net wäit vun Dikrech ‘die Ruinen eines zerfallenen Klosters in Form einer Burg.’) Wou emol hiert Haffgutt um ‘Bockeknapp’zu Gillsdorf stoung koum spéider en decken Nëssert. D‘am ‘Klenge Bertels’ gemoolten Dikrech mat Festungsmauer ass e Bild vun de fréieren Alentouren - de ‘Grand Bertels’ weist do 1340 d’schmuel Sauerbréck an Hierde mat Schof. Duerch d’Lilien am Gemenge-Wopen geet ervir, dass d’Uertschaft fréier de Seigneure vu Folkendeng gehéiert hat. Ënner den Éisträicher gouf ‘t 1776 Changementer um Sauer-Bett ‘en amont de Gilsdorf’ als Schutz vrun Iwwerschwemmungen - mä dat aalt Flossbett haten d’Templer esou verdéift, dass ‘d’Waasser éiweg säi Wee hale sollt.’ (Vannérus.) Gilsdref huet zwee Uertsdeeler, den hallefronnen Héichel mat Réimerspueren an d’Ennescht Duerf. ’t koum 1823 aus der Dikrecher Gemeng als nei Sektioun an di Bettenduerfer. Et hat 1848 dann 610 Awunner. E Véirelsjoerhonnert drop hat d‘fréier Bunnstreck Dikrech-Iechternach en Uschloss un d’Stad; en Zweet-Klass Zuchbillet vum 02.08.1944 Gilsdref-Ettelbréck-Lëtzebuerg hat 2,20RM kascht. Iwwer d’Streck koum een ideale Veloswee ‘im Windschutz hoher Pappeln an der Sauer entlang.’ (Carlo Hemmer, 1974)

De Metzer Beschof Jauffret hat 1807 d‘Dikrecher Filial Gilsdref zu enger eegestänneger Por erhuewen; si konnt 2007 also 200. Anniversaire feieren. Seng Kierche-Patréinesch ass d’helleg Gertrude vu Nivelles (+659). Der Äbtissin (an Duechter vu Pippin dem Eeleren) hirt grousst Uleies war d’iro-schottesch Mönchen an hire Kenntnesser vun der hl. Schrëft z’ënnerstetzen… wat duerno sécherlech de Willibrord appreciéiere sollt. Hir Veréierung koum un d‘Sauer; se gëllt säit 1000 Joer als Beschützerin vu Gilsdref. Hir gouf e «Gertrudis-Lidd» dédiéiert. Op hirem Dag soll een Ënne planzen, (duerno gëtt et ‘Ënnercher’ mengt e Sproch) an d’Beie maachen hiren éischten Ausflug. (Fir hiert ‘Gedeihen’gëtt allerdéngs den hl. Jean-Baptiste ugeruff.) Hiert Fest a Jousefs-Dag leie just zwee Deeg auserneen a gi matenee gefeiert. Nieft engem Bild vun der Kräizigung falen ë. a. den hl. Péitrus a Paulus op um barocken Haaptaltor, Christus de Kinneck am goldenen Ouschterkleed, d’Maria an den 2002 helleggesprachene Padre Pio. Fir d’Kierche-Miwwel kruten d‘Gilsdrefer iwregens 1859 e Subsid vun 250 Fr. Hir nei Uergel ass vun 2006, aus deem Joer, wou eng diskret Prënzenhochzäit um Duerf een Novum war. An der Por proposéiert d’charismatesch Gemeinschaft ‘Auberge de Dieu’ ë. a. emouvant Krankenandachte fir en ‘neie Liewenshorizont z’entdecken.’

Grënnerdate vun de bekannte lokale Steebréch sinn 1850 an 1873. D’Mëttelbéi an d’sougenannte ‘sommiers d’appui’ vun der Neier Bréck, där majestéitescher 1903 weltwäit gréisster Steeboubréck aus 2850 Kubikmeter ‘dolomiteschem’ Steen, stamen aus de Carrière vu Gilsdref. Aus dem selwechten haarde Steen sinn och de Stater Cercle, d’Säile vun der Iechternacher Basilika an ë. a. d‘Villa Louvigny, (déi op Grondmauere vum Fort Louvigny steet an an den 1950er en aachtstäckegen Tuerm krut.) - Beim geologesche Calvaire vum Wolzer Monument vun der Madonna vu Fatima (v. 1958) staamt jidder Statioun aus engem anere regionale Steebroch. D’Inscriptioun op der aachter ass ‘Les femmes dévotes’ - Muschelkalk Grube Gilsdorf“ (Don: Lëtzebuerger Fraen a Mammen.) – Mä zréck un d’Sauer... der leschter Decisioun no entsteet de lycée technique agricole, d‘nei Ackerbauschoul um «Kréiwénkel» zu Gilsdref. Dem 2020 fäerdegen LTA säin Internat fir 60 Elève soll an der route de Gilsdorf zu Dikrech den Atelieren vun de Ponts et Chaussées an der Gestion de l’eau hir Plaz anhuelen.

P.S. Nimm mam germanesche Gil verroden eifreg, débrouillard a brillant Charakteren. D’Froën no den Tempelhären hirem ënnerierdesche Gank vun hirem Dikrecher Haus op Gilsdorf oder vum Bur um Bierg sinn net gekläert. Mä den nobäi nei ugeluechten 160 Meter laange Wëllwaasserkanal fir Kanu- a Kayaksportler ass keng Fabel an d’Rees vun der Damsel Bebby (Barbara) Probst an Amerika och net. Si goung nom 1. Weltkrich mat der S.S. Noordam op N.Y. fir hiren Held Henry N. ze bestueden. (F. Gardini) - Ee rare Schreckmoment war d’Zeen aus der Cholerazäit, wéi d’Lued mam Schäindouden Potte Klos aus dem Ënnerduerf duerch e Ruck kuerz virum Kierfech vum Läicheweenchen gefall war. Hie koum zou sech, a goung, befreit, zufouss heem. (J. Haan). D’30 km laang Promenade Maurice Cosyn, e ‘walkers’ paradise’ (benannt nom Initiator vun eisen nationale Wanderweeër) féiert vu Gilsdref via Befort op Iechternach.