Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Glabech

D‘Telefonsbuch plaçéiert Uewer- an Nidderglabech ënner dem Gréisseren mat Hausnummer an ouni Stroossennumm. D‘Landkaart weist di praktesch zesummegewuessen Uerts-Deeler un der Kräizung Miersch - Noumer an Aangelsbierg – Kruuchten. D‘Glaberbaach kënnt vum Glabecherhaff hir a fléisst spéider mat Niewequellen als Schrondweilerbaach an d’Uelzecht. D‘Uewer-Duerf zielt 28 Awunner, d‘méi nërdlecht Nidderglabech 10 (an d‘ganz Gemeng Noumer ëm 1350 Awunner.) ‘Es ist nicht groß oder klein, was auf der Landkarte so scheint. Es kommt auf den Geist an...’sot emol de schwäizer Historiker Johannes von Müller. Heefeg gelueft goufen di no Noumerlayen, z.B. ’la nature a horreur du vide’ - an se ‘si fir Noumer wat den Taj Mahal fir Agra ass’ (J. Cl. Sacerdot, La Voix.) Hir Fielsformatioune bidden e kompletten Dépaysement. De ronn 30km laangen CR306 féiert vun Noumer a Glabech via Miesdref duerch ënnerschiddlech grouss Dierfer op Kéiber.

D’Trévirer sollten ëm 150 viru J.-Ch. d’Agrikultur relancéieren. Parallell dozou hunn Handwierker ‘outils d'une grande qualité technique’ produzéiert. (‘historique’ Noumer Gemeng.) Dausend Joer duerno, ëm 1047, verroden Notizen, dass Klengbauere sech niewelaanscht duerch Handwierk oder Handel d‘fir de Liewensënnerhalt Noutwennegt verdengt hunn. Vill Leit hunn no der fräi iwwersater (oneleganter) Recommandatioun vum Dante ‘net ze liewen wéi Véih‘ no Wëssen an Unerkennung gestriewt. Am Mëttelalter houngen d’haiteg Noumer Gemengesektiounen deels vun de Grofen aus der Fiels, de Mierscher, de ‘Sieurs de Meysembourg’ ou d’Erpeldange’ of. (Dat heescht Schrondweiler an Uewerglabech ënnerstoungen der Herrschaft Meesebuerg an Nidderglabech de Mierscher Grofen. (D’Meesebuerger Leit koumen iwwregens op Noumer an d’Mass.) Nach intressant: de gréißte Räichtem vu Miesdref bestoung fréier am 100 Muerge grousse Sektiounsbësch, deen et mat Biereng a Glabech gedeelt hat. D’Suite: d‘Helbach-Bësch-Geschicht ernimmt da 1797 d’Verkafe vun Iechternacher Abtei-Besëtz: 1 Wald bei Gladbach, 40 a (arpents) fir 60.000 Fr. D’vum J. Engling als Meteor-Aschlag ugesinne Katastroph vum 18.7.1824 hat alles an der Gemeng Noumer zerschloën wat op sengem Wee louch - ë.a. 2 Kierchtierm. Engem anere Rapport no goung e ‘furchtbares Unwetter, Orkan mit Hagelgeschossen von zwei Zoll Durchmesser’ (ronn 5cm) zu Glabech a Schrondweiler nidder, an Gäert a Felder hate grousse Schued! (tan, Regional Wort 2003)

D‘Kapell mam Daachreider vu 1686 gouf 1986 komplett restoréiert. Legilux dokumentéiert tëschenduerch (1890) emol 150 fr. Subsid fir hir Restauratioun an 2005 sollt hir Außefassad virum Wanter erneiert ginn. D‘lokal Méchelskiermes gëtt mat där Mierscher gefeiert an d‘Klack gëtt manuell gelaut wi fréier. (En anert Evenement ass d‘Buergbrennen.) D‘Kapell steet ënner dem Schutz vum Apostel Jakobus an dem helligen Remaclus (Abt vu Stavelot). (1686 gouf niewebäi gesot en Edikt vum Louis XIV frieme kathouleschen Handwierker den droit de citoyen à titre gratuit a gratis Land fir Leit unzezéien; a laange Kricher haten nämlech Honger a Krankheeten eis Géigend déciméiert.) D'Glabecher Kapell koum am August 1983 op d'Lëscht vum Zousaz-Inventaire. (Dëse suergt z'erhalen an ze schütze wat rar, eemoleg oder typesch ass fir seng Aart oder Epoch.) Se krut no 300 Joer en neie Buedem aus Iernster Stäng - passend zu deenen am Verwëllef. Hiren Interieur zielt zu deenen, op déi de Paul Wilson-Saz zoutrëfft. “Setzen Sie sich in eine Bank und lassen Sie die Atmosphäre absoluten Friedens in diesem Raum auf sich einwirken.” D‘Ferraris-Kaart weist Nider Glabach an Ober Glattbach. Deen am Internet Archive (no ‘documents originaux v. N. van Werveke) publizéierte ‘full text of cartulaire du Prieuré de Marienthal‘ ernimmt Glabach (mat lokaler Bezeechnung:Lux.‘Clapich', II 3aS.)

Am 19. Jh. huet d‘Agrikultur sech heirëmmer developpéiert a Glabech hat 22 Haiser. Mä a quokelegen Zäite si verschiddner vu sengen 1848 gezielten 138 Awunner ausgewandert - an u Kosengen aus Amerika erënneren nach al Photoen. 1893 hat de Memorial Chiffren zur Duerfschoul publizéiert (Glabech hat deemols 8 Kanner, d‘Joffer Catherine Kayser den 3. Rang, just 2 Déngschtjoer an en traitement (92/93) vu 600 Frang. Zéng Joer duerno krut d’Catherine Schleimer-Kill d‘Ustellung als Primärschoul-Léierin vun Uewerglabech, mä si blouf nëmme fennëf Méint. (Si war eng vun den éischte Fraen am Land mam Führerschäin – hat politesch Intressen an huet 1924 d’«Action féminine» gegrënnt. - (Glabech hat ëmmer opgeschlosse Leit, mëndlechen Témoignagen no goung eng Koppel an den Nokrichsjoere regelméisseg an de Mierscher Kino – an haut gi Kéi do vun engem Roboter gestrach. D’Buch ‘arbres remarquables’ veréiwecht de kilometerwäit siichtbare Chêne pédonculé vum Lieu dit «Klausbierg». Dëse ‘quercus robur’ gëtt mat ‘Äächefrächen’ iwwersat. (H. Klees, «Eise Bësch» Natura, 1993.) Duerch seng extraordinair Kroun ass den ale Riis am Inventaire supplémentiare vun de klasséierte Monumenter agedroen.

P.S. No enger Bësch-Zesummeleeung krut d’Sektioun C vun Uewerglabech „Liegenschaften mit einer Gesamtfläche von sechsundfünfzig Hektaren, achtzehn Aren, vun de Kadastersektiounen C von Miesdref an D vu Biereng, aus der Mierscher Gemeng. D’Grenz sollt dann zwësche dëser an där Noumer verluecht ginn!… („Memorial" Jan. 1929) (D‘vum Guillaume Schumacher publizéiert "Geschichtliche Plaudereien aus Nommern" ernimmt d‘Genealogie vun de Leit aus dem Hirtz-Haus vu Glabech). Muunch klenge Résumé aus der laanger Geschicht animéiert Recherchen an vun engem Geschichtsfrënd staamt sécherlech de Saz ‘Lieber barfuß als ohne Buch.’ - De Familljennumm vum burgundesche Benediktiner Raoul Glaber (*985) (latäin der Kahle) ass e vaguen Hiwäis op en Oikonym, e Siedlungsnumm fir eng glat kaum bewuesse Landschaft. (Vläicht hat d‘Glaberbaach (sou wéi d‘kleng Gladbach der Stad Mönchengladbach) eisem Uert säin Numm inspiréiert? No Vermuddungen ofschléissend Detailler: d‘Dierfchen huet trotz klenger Awunnerzuel zwee Bus-Arrêten: Nidderglabech-Peffeschhaff an Uewerglabech-Kapell - an d’no Noumer Quelle gi mat vill Imaginatioun geschützt viru Pollutioun vum Uewerflächewaasser.