Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Gouschteng

Gouschteng zielt säit dem Joar 1800 zur Gemeng Fluessweiler a war zäitweileg Deel vun der Seigneurie Lenneng. Ëm 1900 hat et 542 Awunner, (no 101 Joer, d.h. 2001 nach 323 an uganks 2013 nees 405) dräi Cafeeën, vill Aktivitéiten an de Wangerten an eng Wënzerassociatioun. Vun der Post goufen hei wéi iwwerall am Land vum 1. Januar 1850 un all Dag Bréiwer verdeelt. (Evy Friedrich, Kalennerblieder.) Dat heescht Korrespondenz vun Amerika-Emigranten, z.B. dem hei gebuerene Cornelius Frieden a senger Fra Anna Schmit, koumen aus dem Bellwood-village an Nebraska ouni besonnesche Retard un (an Liewenszeechen vum James (Jacques) Nesser (+1936) dee Jesuit a Missionär an Afrika war och.) Al Hausnimm sinn hei ënner aanrem Haff, Scheier, Keller a Millesch an droen zum pittoreske Charm vum Uert bäi. De Goustenger Bann läit am Hannerland vun der Musel an am Anzugsgebitt Greiweldeng mat Éinen, a Lenneng. Seng Spezialitéit ass Elbling a Rivaner. (E koum 1911 an de 7. vun 18 Wäibau-Distrikter, an deem plazeweis d’Rieflaus Misär maache sollt.)

No beim haitege Gouschtenger Duerfkär war am zweete Joerhonnert e gallo-réimeschen Haff. Ëm 800 hat d’Abtei Iechternach hei Besëtz an am Joar 929 gouf d’Abtei St. Maximäin vun Tréier Grondhär iwwert de Bann an de Bezierk ‘Gautsbrehtinge’. Deen Numm mat kelteschen Originen hat virun Gozdinge a Goystingen allerlee Wandlunge matgemat.. An soss huet Neies dat Aalt verdrängt. (Nom 30jäerege Krich hat Éinen beispillsweis vun 52 nach 20 Menagen, Kanech vu 34 nach 9 a Gousteng vu 37 just 7!) (J. Meyers, Geschichte Luxemburgs.) D’Feierplazestatistik vun 1656 bestätegt hei 7 Stéit. Mä Wëssenschaft, reléist Liewen an d’Konscht krute geschwënn en Opschwong a munch Familljennimm latäinesch Formen, Kremer gouf z.B. Mercatoris! Et goung, wéi de Schiller sot: “Es ändert sich die Zeit, und neues Leben blüht aus den Ruinen.” Ënnerem Louis XIV sollt d’ Populatioun deels duerch franséisch Awanderer wuessen an d‘Véih- a Schoofszuucht méi populär ginn. Ee Schrëtt an d’lescht Jh.:do gouf Gouschteng (an där 1991 publizéierter Muselchronik) vum Jean-Pierre Rollinger beschriwwen als Bauerenduerf mat 3 ‘Tante Emma-Läden‘ a 44 landwiertschaftleche Betriber. ‘t hat donieft nach 2 Schräinereien, 3 Wiertschaften 1 Usträicher an 1 Bäcker. Zäitweileg ënner extreme Wiederkonditiounen hunn 1991 déi lescht 5 Baueren de Goustenger an deels Wuermer- a Lennenger-Bann beaarbecht.

Bei hirer Honnertjoarfeier haten (2005) d‘lokal Pomjeeën an hirem Jubiläumsbuch dem Duerf e Spiggel viirgehalen. Reckblécker ernimme beispillsweis, dass 2004 hei op 9,63 Ha Wäin ugebaut war. D‘Wéngerte vu fréier mat maximal 22ha waren ewell bis 1988 op 16ha erofgesonk, mä fir rentabel ze bleiwen haten hir Parzellen sech duerch Tauschen vergréissert. D‘rar Zäite vu ‘Gotteszorn‘ a Fläsche si längst vergiess! Eenzel lokal Wënzer hate sech den 1966 gegrënnte Privatwënzer ugeschloss. - Themewiessel: D‘Zeile vum Romain Kohn, ‘Gousteng hätt aus Mangel u Wéngerten d’lëtzebuerger Nationalgeriicht erfonnt, sinn en Overstatement! Mä den Uert ouni spektakulärt Gesiicht gouf mat dësem ländleche Menu kulinaresch attraktiv!! ‘Judd mat Gaardebounen‘ reimt mat Melounen an ass traditionelle Kascht! E gëtt am Lidd ‘Lëtzebuerger Spezialitéiten’ glorifizéiert (Auteuren: René de Buxeuil an August Donnen.) Dee geräicherte Schwengshals mam deftege Goût heescht prosaesch bei eise Noperen mol "Schweinenacken mit Saubohnen" mol "Collet fumé (oder petit salé) aux fèves de marais". Ee Bounefest gouf fir d’éischt 1968 hei gefeiert. Déi mat Mielzooss servéiert ‘Dullesse’ wuesse gutt laanscht d'Gouschtenger Baach, déi de geographeschen Numm Gar huet a bei Éinen an d'Musel leeft.

An dem als Ronnduerf gebauten Duerfkär ass d'Bebauungsdensitéit grouss an dowéinst leien hei seele Gäerd bei den Haiser; déi meescht hate fréier hire Geméisgaard baussend dem Duerf. Dëst gouf 1808 eegestänneg Por mat de Filiale Beyren a Kapenacker. D'aktuell wuelproportionnéiert Kierch mam romaneschen Tuerm huet herrleche Keramikstatiounen, Freske vum Gerhard Lamers mat biblesche Gestalten a symbolhafte Steenskulpturen um Altor. Se steet op der Kräizung vun deene véier Haaptstroossen um fréiere Kierfech, dee vu fränkesch Siidler staamt. Se gouf 1859 ugebaut un d’al Kapell, 1897 vergréissert an 1970 restauréiert. (D’Porhaus war 1865 entstanen an d‘Chorale Ste Cécile 1871.) An hir gouf ëmmer den "Hellegkräizdag” zelebréiert, dee bekanntlech an d’7 Jh. zréckgeet. Nom Visitatiounsberiicht vu 1570 hat Gouschteng ewell eng Hellegkräizkapell. (Eng Notiz vun 1738 erënnert hei un e Fest zu ‘Éiere vun der Dräifaltegkeet‘.) Tëscht dem 18.6. an 2.8.1866 sinn hei an zu Beyren 120 Leit un der Cholera gestuerwen. Der Chronik vum Här Kinn no hat d’Famill Schritz-Courte eng Kapell gebaut, well hirt Haus verschount blouf. - Um Festsall ass een iwwergroussen Noutesystem a Verbindung mat Helm an a Musekhoar. D’Duerfleit erkläeren dës Motiver als Symbol fir d’1967 gegrënnten Entente des Sociétés, déi d'Aktivitéite vun haut 7 Veräiner koordinéiert.

P.S. Mat der Grënnung vum Gesang- a Fortbildungsveräin foung 1871 eng Epoch un, an där hei d’Veräinsliewen opgebléit ass! Intressant Subside krute beispillsweis1994 de ‘Gaard an Heem’, 7.500 Fr, d’Pompjeen, 10.000, d‘Entente 11.000, de Gesang, 30.000 an 2.000 Fr d’Escher Velo-Unioun (well eng Etappe vun der "Flèche du Sud" duerch d’Gemeng koum.) ‘Eng heemlech Mouk’ ass de léiwe Numm vum lokale Spuerveräin (mat Statute vun 1910.) D’Spuerer haten 2011 fir hire 50. Club-Anniversaire e Buch iwwer hir Reesen presentéiert. Ob si ewell d’polnesch Stad Gostyń besicht hunn, (Gostingen am Krich), an England ‘young goslings’ gesouchen, d.h. jong Gäns oder naive, young persons - a schonn emol eng slawesch Auberge, eng ‘gostinca’ photographéiert hunn? Net ze ‘vergäessen’, d’Gouschtenger soen is fir eis an eech fir iech an hunn d’Spëtznimm ‘Bounepatscherten’ a ‘Bounefizen’. Well bei d’Boune Gesolpertes gehéiert war fréier hei wahrscheinlech och ‘Schluechterlatäin‘ bekannt. Dass Stécker vu gedrechenter Schwéngsblos ondicht Schongsouelen isoléiere kënnen, stëmmt (Fernand Lorang) an och, dass esou Blosen ideal ware fir dem Pätter säi Päifentubak ze kaséieren. D’Däiwelsbréck bei där am Volleksmond genannte ‘Mouerplaz‘ ass allerdéngs eng Legend!