Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Haastert

Haastert, an der Iwwersetzung ‘Hagelsdorf’, a säin 245 ha grousse Flouer leien wéi Wecker um lénksen Uwänner vun der Sir. Flächeméisseg ass ‘t der Gemeng Biwer hiren zweetklengsten Uert, Weydig huet 151 ha, an uganks 2017 hu béid je 23 Awunner an nach fräi Bauplazen. D’Ferraris-Kaart weist et méi grouss wéi Wecker. Et läit do mat ville Gäert, Bongerten an Hecken tëscht rouden Diech un enger Ofzweigung vun der vieille Chaussée de Luxembourg à Grewenmacheren. Un deem ënner der Maria-Theresia realiséierte Kaarte-projet sollten ab 1770 tëscht 97 an 178 ‘effectifs militaires’ an eng onbekannten Zuel Zivilpersoune schaffen. D’zones rurales presentéieren nobäi d’‘Berbourger Eisen Schmeltz’ a jidder eenzelt Haus, eppes wat a Stied onméiglech war. Den Uert ënnerstoung mat Biwer an dem Entourage säit dem XI. Jh. de Seigneure vu Berbuerg.

De Sirdall verbënd Haastert mam villgeluefte Museldall; ëm d’Joer 375 hat de Symmachus Zeile vum sengem Frënd Ausonius kommentéiert ‘überall ist deine Mosella, in den Händen, in den Herzen vieler, mit göttlichen Versen von dir geheiligt.’ Antik Zeile vum Sirdall däerfte rar sinn; mä "Hag" an haga goufen emol erkläert als ‘haie, buisson, enclos’ an Hagel soll wéi d’aldäitscht hagal ‘kleiner Stein’ bedeiten. (wikipedia) Déifste Punkt vun Haastert ass am Wénkel op 213m, héchsten am noe Bësch ‘Hënnescht Haard‘op 303m. Op fräie Plaze vun der laanggezunnener "Häerdchen" konnt ganz fréier d'Véi weeden. (Dëse Flouernumm ass ë. a. och ze fanne bei Mompech, Allënster, Reisduerf a Biwer.) Vu 1596 gouf zu Hagelsdorf bei Betzder e gréissert jäerlecht ‘Schöffen-Essen’ dokumentéiert. (Fernand Hoffmann.) Dobäi gouf Randfleesch mat Moschtert, Schwengefleesch mat Britt, pro Koppel en halleft gekachten Hong mat Reis, Kéis, Wäin a Brout am Iwwerfloss servéiert ‘bei einem Feuer sonder Rauch.’ Net vergläichbar ass de Kascht vun Zaldoten: Eng Notiz vum jonken Haasterter Pierre Stronck (deen d‘Campagne vun der Grande Armée vun 1813 an 1814 am 11. régiment des hussards matgemat hat) verréit, dass ‘en Zaldot deemols Brout a Biskuiten fir 4 Deeg a sengem Rucksack hat, Miel fir 7 Deeg, 60 Cartouchen, Verband, ënner aanrem 2 Puer geneelte Schong, 2 Hiemer a ‘quelques ustensiles de propreté’. De Rescht vu sengem Liewen sollt de Pierre dann a sengem ‚‘‘village natal’ ouni Aventure verbrengen.

D’Dierfche gouf 1766 erwähnt als Filial vu Betzder am Dekanat Miersch. Seng kuckeswäert Filialkapell zielt zum Porverband Maacher-Mäertert-Widdebierg-Wormer an der Pastoralregioun Osten. (Responsabel ass en Team ënner der Leedung vum Deche vu Gréiwemaacher.) Den hl. Antunjes vu Padua, hiren éischte Patréiner, beschützt ënner aanrem och Bäcker an Hausdéiren. Säi Fest ass den 13. Juni. Enger Legend no haten zu Rimini d’Fësch de Kapp aus dem Mier gestreckt fir senge Priedegt nozelauschteren, an duerno koumen dann d’Leit méi no. D‘Kapell steet op der Haaptstrooss, huet ee goteschen Altor am héije Chouer, 7 Fënstre vun onbekannter Hand vun ëm 1900 (ë. a. mat der Katharina vun Alexandrien, dem hl. Mechel, Ornamenter an engem intressante Wopen.) Nieft hirer Entrée steet geschützt e Weekräiz vum Sculpteur Schergen vu Guedber vun 1832. D’Opschrëft verréit: Peter Lentz von Munsbag - Peter Lentz von Wecker haben dieses Krevtz zusammen avrichten lasen.’ De Bâm an der Noperschaft wierkt wéi e Monument an, dass dat säit 2001 frësch restauréiert stilvollt Haus Entringer zum Patrimoine Rural zielt gesäit een a kann een noliesen.

D’Geschicht ass eng Mëschung ‘aus dem Erbgut der Kultur und der Erblast Politik’ (sot emol d‘Henriette Wilhelmine Hanke. (+1862). Hagelsdorf krut 1913 de Raccordement un d’Waasserleitung. D’Quellewaasser vun de Wäschburen heemzedroen war dunn tempi passati! Kandheetserënnerungen ëm d‘Fiirmung vum Milly Thill sinn en Temoignage vun 1940. “Sonndes de 5. Mee haten d’Haiser Fändelen ophänken. D’Fiirmkanner vu Betzder, Bierg, Haastert a Wecker koumen nieft déi Ouljer an d’Roudemer stoen. Alles goung gutt, mä “Freides den 10. Mee hunn Hitler-Zaldoten iist Land a Regimenter zou Honnerten an Dausenden iwwerfall. Se sin mat Päerd, Gefierer a Kanounen duurch is Stroosse gezunn an hun d'Scheieren an d'Ställ belagert. An nawell gouf et Sonndes drop an der Fiirmgiedel hirer beschter Stuff Schockelaskaffi, Ham a Kuch, Streisel, Taart a Bond.” D‘Gemeng Biwer hat 1965 am ganzen iwwregens 34 Baurebetriber, haut nach 15 a si war di éischt mam Remembrement rural fir d‘Erdräg vum Akerbau ze vergréisseren!

P.S. Den CR 134 féiert duerch Haastert iwwer d’Brécke vun der Flëpsbaach an der Sir. E mecht vun Éinen hir en Tour iwwer Rued-Sir op Waasserbëlleg. D’Dierfchen nieft der Zuchligne Lëtzebuerg-Wasserbëlleg huet keen Arrêt, deen huet Wecker. Héchstvitesse sinn ënnerwee tëscht Éiter a Waasserbëlleg bis 100 Stonnekilometer. De Gedanken den Ausonius hätt eis Géigend ëm d‘Musel ‘schöner gemacht als die Natur es schenken kann’ këinnt een och op Molereie bezéien. De Rijksmuseum presentéiert Déieren an hirer edelster Gestalt, beispillsweis e Bison, en Tapir an e Kangaroo signéiert Isaac van Haastert vun Delft. (1753-1834) Esou Trouvaille kéinten e Sujet sinn op engem Noperschaftsfest. D’Frae vu Betzder an Haastert haten 2016 am Festsall vum noen Institut St. Joseph esou e Fest organiséiert mat enger Surprise fir d’Kanner, mat «Salade paysanne» a Gegrilltem. Am aalfranséischen bedeit "haste" ‘broche’, (Spiess) an ‘Hastier’ kléngt no engem surnom de rôtisseur. (J. Tosti)