Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Hueschtert (Réiden)

‘Huascht’ gouf fréier (lokal - laut Engelmann) e klengt Duerf aus der Folschter Gemeng genannt. Haut zielt et mat 14 aneren zur Rammerecher, an där 70 Veräiner fir en dynamesch-sozialt Liewe suergen. Dem 1972 gegrënnten Hueschter Dëschtennisveräin ass a sengen éischte fennëf Joer den Opstig gelongen vun der fënnefter Divisioun an déi éischt! (A Japan hat bei de Weltmeesterschaften 1971 d’sougenannte Ping-Pong-Diplomatie vum weltwäit schnellste Reckschlagsport réusséiert d’Relatioun tëscht den USA a China ze verbesseren!) Dem Dëschtennis-Club Hueschtert-Folscht seng Spillsäll sinn am Centre Culturel Folschette an am Centre Scolaire et Sportif Koetschette. Wéi fréier d‘sozialt Liewen war? D’Héichten ëm Rammerech gesouchen Zivilisatiounen hei defiléieren, mä d’Kelten (déi Götter an den Elementer vermutt hunn) hu kaum Spuren hannerloosss. Hei stounge méiglecherweis Wuechttierm. Mä am Bësch vun Rëmmereg an Hueschtert existéiere visibel Iwwerreschter vun engem réimesche Verbindungswee Viichten-Pratz an Directioun Arel-Bavay.

D’Duerf mam Duebelvokal oder ‘diphtongue‘ ue hat fréier zu Herrschaft Useldeng gezielt, zur Probstei Arel an zur Por Osper. 1670 ass hei dem Hors Johan säi moulin à than als Ruin ernimmt. Well Foulscht och eng Loumillen hat, ass dat en Hiwäis op Louhecken. Wéi de Kadaster 1771 landeswäit fäerdeg war gouf eisen Herzogtum an 18 Quartieren agedeelt. Hueschtert war am zweeten, dem Areler, an regruppéiert ënner Rammerech mat ë.a. Heeschpelt, Ranschelt a Wal. 1823 ass d’mairie indépendante vu Folschette ernimmt (mat hire Sectioune Rammerech, Schwiddelbruch, Hueschtert an Éischent.) D‘Duerfchronike verrode kaum aussergewéinleches. Bei der Zielung vun 1848 louch seng Awunnerzuel bei 119 mat 2 Gemengekonsseljen - an d‘Folschter als Gemengenhaaptuert bei 501. E Fortschrëtt koum nom Arrêté royal grand-ducal am November 1879: dësen deklaréiert d‘utilité publique vum direkte Verbindungswee Hostert-Rédange. Op d’Arpenteuren deemols nieft dem ‘bruit de leurs talons’ och de ‘murmure du monde‘ héieren hunn, deen ëmmer nees e Poet enchantéiere soll? (Lambert S.) Hannergrondgeräischer koumen hei gelegentlech no 1885 vun där noer Zuchligne, (d‘Hueschter Gare louch e gudde km bausst dem Uert an d’Streck ass haut e Veloswee) oder vu Pressessiounen. ‘Seit undenklichen Zeiten‘ war den 9.2. nämlech hei e Votivamt zu Éire vun der hl. Appolonia, gehale vum Duerf-Kaploun oder dem Pfarrer vu Folscht. (Si gëllt als Schutzhelleg géingt Zännwéi.)

D’haiteg Duerfkierch gouf 1890-’91 vum Houlzer Entreprener Jakob Scheiden no Pläng vum Architekt Hartmann gebaut an hat 13.565 Frang kascht. Se krut 1918 Fënstre vum Emil Simminger aus der bekannter Stater Glasmanufaktur Simminger & Schimberlé. Si ass eng vun de raren, déi uewen um Altor en Däiwel huet, d.h. d’Zeen wéi St. Mechel den Dämon besiegt! Den Hueschter Haaptaltor staamt aus der Iewerlenger Schlasskapell. (Hir Schlassherrschaft hat e grousst Konschtverständnes an wéi d’hl. dräi Kinnecken de Motto ‘suivre l’étoile’. Mä d’franséisch Revolutioun hat d’Hären enteegend an an d’Flucht gedriwwen.) Speziell um Altor ass di dran integréiert Krëppchen. Hir dräi gekréinte weis Männer sinn hei ëmmer bewonnert ginn. Opschlossräich Detailler um Réck vum Altor si mat Faarf geschriwwen: “Stammt aus dem Schloss-Everlingen. Die Kunst ist lang, das Leben ist kurz. Dieser Altar nur mit Farbe datiert 1766. Die Trümmer wurden erneuert und gemalt 1884.“ D’Distanz tëscht den zwee Nopeschdierfer Hueschtert a Folscht ass just 1 km, an an hir Mëtt koum 1906 eng Bärbelekapell op Fundamenter aus dem 18.Jh.. Dës Helleg sollt iwwer d‘Folschter Schifergrouwenaarbechter waachen. Dank der Zuchverbindung an de Süde vum Land goungen awer vill Männer vun heirëmmer op d’Schmelze schaffen a spéider mam Bus bei d’Goodyear.

Vun “Huascht“gestaamt hat d‘Thérèse Kraus, als Elisabetherin Schwester Loyola, eng vun 8 Lëtzebuerger ënner den 30 brutal am Kongo ermuerdten Affer am November 1964. E Steck Wee an d’Zukunft hat ugefaange mat deem 1979 gegrënnte Kannerchouer Folscht-Hueschtert. De jonke Veräin hat e Joer drop bei sengem Chëschtconcert ewell 23 Memberen. ‘En huet mat Häerz a Mond Melodie vun anere Vëlker, vun Trauer a vu Freed interpretéiert. Senger Stëmmen hu spéider d’Duerfchorale verstäerkt. – Réckbléckend nach: Wéi bei eis d’Grenz changéiert hat gouf 1849 eng eemoleg Faveur accordéiert fir Naturaliséierungen. D‘Konditiounen dofir: Et huet ee misse virun 1839 gebuer sinn um ‘territoire cédé à la Belgique‘ an 10 Joer am aktuelle Grand-Duché wunnen. Op der Lëscht erausgepickt mat domicile à Hostert sinn dobäi de Chapelain Pierre Alberty vu Longeau an de Runck Lambert, piqueur cantonal vun Autelbas als demandeur Nr. 105.

P.S. Den Devonschiefer gëtt dem Éislek de landschaftlechen Aspekt, deen et vum Gutland ënnerscheed. Seng Grenzligne fällt speziell op no enger Schnéiperiod um Enn vum Wanter. Da kënnen hanner Feelen, Grousbus, Wal an ë.a. Folscht, Rued an Hueschtert - d.h. ronn 35 km vun der Stad - d’Kanner méi laang e Schnéimännche bauen. Vum Schnéi bei d’Schneppen. D’Juegd-Statistik op d’rar dauwegrouss Becassinen äehnlech Bësch-Viggel mellt Ugangs Abrell 1926 hei néng erluechte Schneppen (zum Ierger vun der Vulleschutzliga, am ‘Regulus’ 1970). Läscht Trouvaillen: De Spuerveräin Folscht-Hueschtert krut 1930 e Subsid vu 470 fr. Eng ‘Huesch’ heescht lokal zu Veianen d’Horniss, an der Hueschtert e Stroossennumm zu Welschent. Hei falen eng rue des Roses, an eng rue des Muguets op an de Fait, dass d’Awunnerzuel vun 2004 (vun 373) bis Sylvester 2013 just ëm 20 gewuess ass.) De Club des Jeunes Folscht-Hueschtert-Éischt kann souwuel eng Roll spille bei der ‘harmonisation des contraires’ a bei engem gewëssen ‘détartrage du quotidien’ (fpmolitor) oder einfach nëmme Kontakter verstäerken.