Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Zowaasch

Zowaasch heescht d‘eeler idyllesch Biergaarbechteruertschaft mat um 5.07.17 gezielten 442 Awunner. De lokale Sentier de la Crosnière féiert laanscht d’renaturéiert Réierbaach duerch den Dall vun der ‘wëller Fra’. D’Baach Crosnière, den Entdeckungspad rondrëm an de recrééierten Natur-Weier sinn e kommunaalt Déifferdenger Naturschutzgebitt. Dat do zulescht ofgebauten Äerz gouf zu Rodange verhëtt an nom Minette-Ofbau hu sech ronderëm Pionéierplanzen ausgebreed. Lasauvage gouf zum ‘Village-pilote pour le maintien et la restauration de l'habitat industriel’ déclaréiert, Zu de bedeitende Vestigen aus senger Vergaangenheet zielen Aarbechterhaiser, den Economat an de fréiere rustikalen Hotel «Balcon». De Festsall am Keller vun der Primärschoul bei der place Saintignon déngt kulturelle Manifestatiounen. - Am 2003 renovéierte Schlass Saintignon am Uertskär leien 11 Wunnengen an den Espace muséologique iwwer d’Uertsgeschicht an d’ ‘Galerie Hondsbësch’. An der Auberge un der Grenz erënnert eng Sträif vu Plättercher drun, dass d’Haus emol zu zwee Länner gezielt hat.

Nom drëssegjärege Krich entstoung am onbewunnten Dall vun der häiteger Zowaasch eng kleng mat Holzkuelen a Waasserkraaft bedriwwe Schmelz. 1623 gouf d’Autorisatioun fir den Héichuewen ernimmt. Deen éischten Uewen op lëtzebuerger Buedem hat de Gabriel Bernard gebaut; ë. a.ware 1762 d’Barongen d’Huart d’Besëtzer. Dem Uert seng vocation sidérurgique et minière sollt 355 Joer daueren. D‘Ferraris Kaart weist 1777 den Hau La Sauvage, Grondrësser vu grousse Gebäilechkeeten an e Weier. Spéider hat de Jean-Baptiste Manuel vu Metz an d‘kleng Entreprise investéiert. Hie gesouch a sengem Neveu Pierre-Louis Giraud (+1869) den neie Schmelzhär. Dëse krut Instructioune beim André Lambinet, gouf säin Eedem an duerno e Pionéier vun der lëtzebuerger Sidérurgie. (A. Logelin) Sengerzäit housch de Fondé de Pouvoir Joseph Raty. - D’Kanner aus dem eenzege franséischsproochege lëtzebuerger Duerf gounge laang an d’Schoul vum franséische Saulnes (Zounen), well dat net wäit war! 1848 hat d’Zowaasch 34 Awunner - de Gemengenhaaptuert am Vergläich 1135. Den nächste Besëtzer vum Wierk an den Äerzstollen, de Grof Fernand de Saintignon, hat d‘Nièce vum P. L. Giraud bestued a fonnt, Lasauvage bräicht eng eege Kierch. (R. Bour) D’Duerf koum mëttlerweil op 274 Persounen an 1910 op 492! (Al Photoen an Informatioune späichert de Site http://www.industrie.lu/usinelasauvage.html.)

Obwuel Lasauvage laang Zäit an der Por Déifferdeng war goungen d‘Leit op Saulnes an d‘Kierch (...an op de Moart.) Se goufen och do begruewen. Wéi se dann een eegene Kierfech krute sollt bis 1980 e franséischen Douanier d’Begriefnësser begleeden, well den Terrain déisäit der Grenz louch. D’ewell ernimmten 1894 gebauten elegant neigotesch Zowaascher Kierch steet om fréiere Schlakentipp. De lokale Schmelzhär a Proprétaire vun den Erzstollen, de Grof de Saintignon hat s’op Käschte vu senger Gesellschaft «Hauts Fourneaux de Longwy et de Lasauvage» baue gelooss. Dem Architekt Dax säi Plang war deels inspiréiert vun der Paräisser «Sainte Chapelle».(A. Logelin) Den onstabilen Ënnergrond huet spéider en Zesummenhalt mat Ankerschrauen erfuerdert. D’Kierch ass der hl. Barbara geweit. An hire Fënstre (v. Linster & Schmit) gläiche verschidden Hellgefigure lokale Perséinlechkeeten (ë. a. dem J.J. Legendre, P.L. Giraud, F. de Saintignong an der Pauline Legendre.) (A. Langini) - An dem och vum Grof gebaute Presbytère hunn bis 1960 Geeschtlecher gewunnt, duerno de Schoulmeeschter - an ‘’t gouf kuerz Schoul dra gehalen. Spéider, no senger Transformatioun, fënnt een do nieft Hôtelsräim de Restaurant ‘La table du curé’.

De Grenzuert am déiwen Dall mam Uschloss un den Train 1900, d’al Minièresbunn, läit an engem remarquablen ‘espace géographique’ mat vill Schied an ass relativ kill. Hiren Numm baséiert op d’Legend vun enger Fra, déi furiéis an ‘quelque peu sorcière’ war an d’Fielsegrott ‘Cronnière’ bewunnt hat. Se sollt laang wëll Hoer bis bal op d‘Féiss hunn an eng Stëmm wéi d’Eilekreesch. Se sollt just réiht Fleesch iessen, hat roud ënnerlafen Aen, e breede Mond, zwou Reien Zänn a Fangere mat Krallen. No hirem Doud koum s’awer net an d‘Hell, den Däiwel gesouch an hir e wëllt Déier. D’Soëgestalt sollt dann dorëmmer ieren bis en Eremit hire Geescht ‘jenseits des Meeres’ verbannt huet, der Soë-Sammlung vum Dicks (v. 1882) no ‘ënner Gebieder zum hl. Donati an der Consolatrix. Dësen hirer Biller koumen an de Fiels stoen vum ‘Val de la sauvage femme’. Un d’Rutsche vum risege Steeblock ‘Crône’ op d‘Haaptstrooss erënneren Zeile vum 10. August 1880. Aneres nach: der noer ‘Galerie Hondsbësch’ hir Stollen ware fir 122 Lëtzebuerger Refractairen, déi am 2.Weltkrich net an d’Wehrmacht antriede wollte, vu Februar bis August 1944 e Refuge.

P.S. D’ ‘salle des pendus’ klengt mysteriéis, mä bezeechent just d’Gebai mam Vestiaire vun de Minenaarbechter. Hir Kleeder hounge bis 1972 do op engem Krop, deen eng Ketten ënner de Plafong gezunn huet! Haut ass s’en unique Kader fir kleng Ausstellungen. De Musée Eugène Pesch versuergt am ale Verwaltungsgebäi vu der Grouf eng kostbar Privatsammlung mat intressante Mineraie, Fossilen an Handwierksgeschir vun de Biergaarbechter. D’Stolindustrie war laang d’Wirtschafts- an Wuesstëmslokomotiv vu Lëtzebuerg. Eist südlecht Guttland däerft eng Zort «Fundus» fir d’Industriearcheologie ginn a fir Recherche vu kollektiver Mémoire...(R. Seimetz)

(D’lescht Minière vu Lasauvage gouf 1978 zougemat.) Ob e Pendant zur Legendefigur oder nëmme Gezecks am lokale Spottnumm läit «la sauvage, les sauvages, di Wëll» verréit d’‘Schimpfwörterbuch’ vum Pol Tousch net. - Schlussendlech bléif ë. a. nach eng emol do entdeckten Thermalquell ze nennen, d’Naturschoul, Enn Abrëll den ‘Nightshift’ an eng ‘Poppespënnchen’.