Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Liewel

Liewel fënnt een 6 km vu Réiden an 32 vun der Stad. ‘t gëtt am Ëmkreess Leewel genannt. Mëtt Mee 2017 stoungen 103 Nimm a sengem Awunnerregëster. Säin héichste Punkt läit beim Geessebierg no bei der Quell vun der Merelbaach op 300m - seng déifste Plaz op 276m an der Grousswiss, d‘Fläch vum Uert ëmfaast 222,3486ha. D‘südlech Vue op d‘belsch Säit weist Giisch op enger Kopp. Bis un d‘Enn vum 19. Jh. gouf et hei eng ‘populatioun avant tout agraire’. Ronn 3/4 vun de Leit vum Land ware mat Aackerbau beschäftegt. Mä d’Soot, déi an d’‘Fure’ vun der Zäit geséit gouf fir éiweg ze bléien... sollt net onendlech keimen. Vun de fënnef groussen eelere Baurenhäff sinn zwee a Betrib. an d‘al Mille koumen Appartementer. D‘emol vum Professer Hess zitéiert Phrase vum Trotzky ‘das Dorf ist eine völlig museale Sache’ gëllt net méi sou ganz - der Gemeng Biekerech hir Dierfer sinn nämlech stilvoll restauréiert!

En ale ‘Völkerwee’ féiert iwwer deen nördleche Lieweler Héichteréck. D‘Duerf mécht eng gutt Impressioun op der Ferraris Kaart a war éischtmols 1236 urkundlech ernimmt. ‘t hat wéi d‘Emgéigend zäitweileg ënner Epidemien, Kricher an Iwwerfäll ze leiden. Deeler vum haitege Gemengen-Territoire hunn zu Clairefontaine gezielt. 1537 war et opgedeelt zwësche Giischer an Zolwer Hären. Iwwer d’1546 entstane Loumillen hat ab 1555 de Wirich vu Crichingen a Pittingen d’Soen. 1704 an 1709 houschen Stater Biergerriichter Jean a Pierre Leveling (Lascombes) deenen hir Virfueren ouni Zweiwel e Lien mat ‘Leevel’ haten. 1766 waren do 19 männlech Persounen iwwer 16 an 9 ënner 14 registréiert an donieft 14 weiblecher iwwer 16 an 9 ënner 14 (d.h. 51 Awunner a 6 Haiser oder 8,5 Persoune pro Haushalt!) (Ensch, Müller) 1782 ass do d’op industries.lu presentéiert Pabeiermillen ernimmt. Virun der Franséischer Revolutioun hat d’Duerf mat Uewerpallen an Hëtten zur Herrschaft Giisch gehéiert, de sëlwere Léif am Gemenge-Wopen erënnert drun. No 1839 koum eng nei Zäit an Giisch goung un d’Belsch! D’Suite: 1841 koumen ë. a. Levelange, Michelbuch an Oberpallen aus dem Stater 'arrondissement judiciaire’ an deen Dikrecher. Leewel gouf 1846 definitif mat senge 70 Leit an 8 ‘Feierplazen’ an d’Gemeng Biekerech opgeholl. 1861 hat et 11 ‘feux’ a 14 Leit méi… an ee Joer drop kruten d’Gemengeregestere mat 2530 Leit hir gréissten Awunnerzuel. (D’Statistik tëscht 1689 an 1919 publizéieren Zeile vum Emile Van der Vekene.)

D‘Kapell op der Kräizung vum Biekrecher- a Pallenerwee gouf 1630 gebaut. De Raum bestoung aus dem Chouer an der Halschent vum haitege Schëff a krut 1761 seng haiteg Gréisst. Dat Joer steet och um Schlusssteen iwwer der Entrée. Wéi dem Daachreider seng 1819 gegosse Klack vu 44 cm Duerchmiesser 1824 geweit gouf war Liewel Deel vun der Por Biekerech...Haut ass ‘t an der Por Atertdall Sainte-Claire. D‘Lieweler Kapell steet ënner dem Schutz vun der hl. Walburga, huet Ronnbou-Fënstre vun Zanter, eeler Bänken en héijen Altor mat Tableau vun der Kräizegung. Kaum Bekanntes nach: (den 82 jäerege Franz Nicolas Bentz ass 1841 als Kaploun vu Levelange gestuerwen (Engling, ‘Luxemburgs Glaubensbekenner’.) A senger 20jäereger Lieweler Déngschtzäit gouf e Pater Fränzchen genannt.) Vum deem zu Géisdref 1758 gebuerene Kapuzinerpater koum an der franséischer Revolutioun d’Wuert ‘nous ne jurons pas’. Hien ass dann ënnergedaucht an hat spéider als curé d’Udange de Schoulneibau vu Gréiwels-Brasil finanzéiert. (A. Neyen, ‘Histoire des hommes distingués’.) Hien hat ähnlech Gedankegäng wéi déi vum Beethoven, déi eng Bréifzeil veréiwegt huet ‘Hoffnung nährt die halbe Welt, und ich hab sie mein Lebtag zur Nachbarin gehabt, was wär sonst aus mir geworden.’

Liewel läit zum gréissten Deel um Lëtzebuerger Sandsteen, just de Flouer op Ell zou huet méi schwéier Biedem. D’Buch vum Nic. Bosseler (vun 1975) dréit ëm d‘‘schicksalhafte Geschichte im Wandel der Jahrhunderte’ vu Bieckerich, Hëtten a Liewel... Leit aus dem leschten a vun Uewer- an Nidderpallen sinn op der Pall doheem‘. Dëst ass och zäitweileg de Lino Galvão (-Gomes) - e Moler a Sculpteur aus der Zentralregioun vu Portugal mat Lëtzebuerger Nationalitéit. (No sengem Studium op der École nationale des beaux-arts vun Nanzeg a vu Paräis krut hien 1987 de Prix d'encouragement aux jeunes artistes vum CAL. Säit 2005 huet dëse sougenannte ‘voyageur dans le temps’ säin Atelier zu Liewel. - Nach nozedroen: Vun hei fort goungen en 1866 ernimmte jonke ‘clerc d’avoué à Arlon’, de Valentin Nothomb (*1850) an och de Michel Nothomb. Dëse Propriétaire vun Arel, (*1808 à Levelange) war 1855 do Demandeur fir d’Naturalisation ordinaire.

P.S. Zum Thema Millen nach e Bléck zréck. 1783 housch hire Pabeiermeeschter Dominique Labranche an 1810 hire Pabeierfabrikant Antoine Schwartz, béid waren Areler; 1828 an 1857 war d’Pabeiermillen ze verkaafen oder ze verlounen. Ob do reng oder graff Blieder oder Karton entstoungen ass net kloer. Mä 1806 kruten d’Lieweler Echantillonen e Luef a goufen ernimmt mat den Haiser Dondelinger vun Iechternach a Pescatore aus der Stad. Haut sinn wéi gesot Appartementer am grousse Millebau. Am Saz d’Duerf hätt 1 Kapell an 20 Haiser stoung d‘Eent fir d‘Himmlescht an d‘Zweet fir d‘Ierdescht. Zum Alldag zielt haut och de lokale Bus-Arrêt Levelange-Kalek vum Rapide des Ardennes. D‘Wuerzel vum Uertsnumm bezitt sech méiglecherweis mat Level op ‘Ebene’ oder mat Lever op opgeschotten Damm oder dréchegeluete Wiss. Varianten aus aler Zäit waren hei ë. a. Leyveldingen a Leverdanges.