Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lëpschent

Lëpschent oder fréier och Lëpperscht ass eent vun den Dierfer mat „scheid“ déi dem Professer Hess no net just Héichtendifferenze markéiren mä och al Grenzen. Gemengt sinn domat d‘Grenzlignen tëscht de Populatiounen am Lecker Norden an Tréirer Süden, an tëscht Uewer- an Nidderloutrengen. D‘Leit am Norden, beispillsweis d‘Éisleker, kréien allgemeng eng ‘nature rude‘ nogesot, sollen haaartneckeg, eegesënneg mä och ganz zouverlässeg sinn (...wéi d’Leit an der Bretagne.) Déi aus dem Guttland solle robust‚ ‘entreprenant‘ a schwongvoll sinn. An di hei aus der Géigend däerfte vu béiden hunn, an donieft eng humoristesch Oder! An enger Lëppschter Spottried op d’Nopeschduerf housch et fréier nämlech: ‘di vu Méchela mengen, wann de Fuuss d'Hong gefreess hätt, da misst en och Äer leën!‘ Der aler Por Mechela gëtt en „dräifache Klima‘ nogesot mat am Dall italieneschen Temperaturen, op den Zwëschenhéichten mässegem Wand an op dem Biergkamm rauer Loft!

Lëpschent läit 48 km vun Diddeleng an 24 vun Ëlwen. Et kuckt iwwer de Sauerdall op d’pittoresque Ruine vum ‘château fort triangulaire de Burscheid, qui nous enchante’ (schreift en Touristeluef.) Bei béid Uertschafte féiere Serpentinen. Al deels vergiesse Geschichten ginn haut vu Prehistoriker oder Archeologen erfuerscht a matenee verglach. An ‘t goufen dobäi Reschter vum Kiem Waarken–Wäiswampech detektéiert. Lëpscht gouf ë.a. ernimmt, mat Ettelbréck, Cruuchten, a Kautenbaach, wéi Dikrech Marktvogtei war an 1317 eng Festungsmauer krut. Aus Notize vum Professer Engling goungen 1350 no de Folge vu schlemmen Epidemien sechs vun den iwwerliewende Vogteibesetzer vu Fléiber op ‘Lëpscht‘. Geschwënn duerno krut d’Duerf eng Kapell, an déi sollt d‘Miwwel vu Fléiber ierwen. ‘t goung laang eng Pressesssioun vu Lëpschent iwwer Dikrech op Iechternach, (mä no 1636 bis zur franséischer Revolutioun koum se den ëmgedréite Wee, d.h. vun Dikrech heihinn. Nom Konkordat gouf Mechela eng Por mat Fléiber a Lëpschent als Filial. Am ewell ernimmte Chrëschtnecher Professer an Heemechtsfuerscher Engling sengem Beriicht daucht ë.a. och d’amusant Info op, dass de lokale Geess- a Kouhhiirt de Klöppelkrich onbewosst beaflosst hat; d’Klöppelmänner hate, wéi et däischter gouf, seng Herd fir en Detachement Fransouse gehalen an s’an Flucht gedriwwen! 1795 war Lëpschent eng Mairie am Kanton Vianden, 1826 gouf et hei 10 Baueren an 2 Doléiner; 1849 hat eng Vollekszielung dann 114 Séilen an 13 Feierplazen notéiert. 1858 waren dann ënner sengen 220 Awunner 6 Baueren, 6 Mëttelbaueren, 6 Doléiner an 20 Gebaier. (An - mol sinn Taten, mol Daten méi wichteg - geschwënn drop sollte Männer, déi op der Bunn geschafft hunn, d’Statistike veränneren.)

Lëpschent oder Lëpscht hat 2007 genee 190 Awunner an am Januar 2014 dann 269 (d.h. 106 Menagen.) Een Deel vun hinnen wunnt „op dem Gaart“ an der zimmlech neier Cité déi d’Schoulstrooss verlängert. Op dës flott Plaz passt d’Zitat vum «lieu créé par l'être humain dans la nature, où ses idées vivantes fleurissent.» Haut schwéier virstellbar ass d‘Notiz vun 1857, dass nuets vum 20. op den 21.7. eng ‘Wölfin’ mat hire Jongen hei am Duerf an enger schlecht verschlossner Schéifferei 60 Schof a Lämmer ëmbruet hat. Weltwäit existéiert just eng Plaz ‘named Lipperscheid in Luxembourg’ mat engem flott situéierten Sporthotel an engem relativ noen Aussiichtspunkt genannt "Grénglay". An 'Trapebiischt'..? Dee lokale Begrëff fir Handbiischt verréit de Veianer Linguist Engelmann.

D'Uertschaft läit op enger Héicht tëscht ronn 321 a 427 Meter an d‘Lëpschter-Dällt säitlech vun der Housener Strooss. Seng neogotesch Filialkierch vun ëm 1898 ass dem hl. Willibrord geweit, deen hei (Zeile vum P. Tousch no) den drechene Welpert (d.h. Wëllfeier) heele sollt. Hir Fënstren huet d‘‘Forschungsstelle Glasmalerei an hirem Inventaire erfaasst, si illustréieren d‘Geheimnisser vum Rousekranz (a si signéiert: Linster et Schmit, Mondorf 1895.) Den héije polychroméierten Altor mat ‘gewundenen Säulen’ a räich profiléierter barock Ornamentik vum Enn dës 17. Jh. war no 200 Joer modifizéiert ginn. De Memorial ernimmt hir Virgängerin a schreift, dass d’Awunner d’frais de culte vun hirer ‘Chapelle non dotée par l’Etat’ gedroen hunn an, dass 1851 e Subsid koum vu 75 Frang fir d‘Binaison (d.h. fir zwou gehale Massen am Dag.) Nach eppes spezielles: d’Ufro vun Enn Dezember 1948 beim Beschof ëm d’Verkierze vun de Bietstonne gouf positiv beäntwert. Dee Moment waren hei 16 Haiser mat gutt 100 Awunner.. an di al 1958 ersate Schoul mat de Ronnboufënstren huet, wéi iwwerall, e Briketten- an Holzuewe gehëtzt. Si hat maximum eng Bäckeschdose Schüler. Ee Virdeel dobäi: di opmierksam Kleng hu vun den Eelere bäigeléiert, an schwaach Grousser duerch Widderhuelen mat ënneschte Klassen hirt Wëssen opgefrëscht. (M.J. Kremer.)

P.S. Den Uertsnumm Lipperscheid géing op d‘ “Völkerschaft der Lipper“ hiweisen, déi ënner Karel dem Groussen hei ugesiedelt goufen. Ënner hinne ware méiglecherweis Virfuere vu Freiherren von der Lippe aus dem westfäleschen Uradel oder vu Fürsten Zur Lippe (genannt nom 220 km laange rietse Niewefloss vum Rhäin.) D’Duerf huet eng Ambiance 'qui permet de trouver la sérénité', net ze vergiessen e Centre culturel an en Tunnel a Riichtung Buurschter Millen. (Doran haten d’Okkupanten um Enn vun der Rundstett-Offensiv 50 Veloen a Gepäck zréckgelooss, mä am leschte Moment nach d’Sauerbréck gespréngt.)