Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Mecher

Mecher bei Clierf huet als Homonym Meecher (Määcher) am Kanton Wolz. (Si leie grad emol 13 km vuneneen an ënnerscheede sech duerch d‘kuerz oder laang Betounung vun der éischter Silb.) Et hat laang zwou Millen. Eng huet Käre gemuel an di aner Lou verschafft. Haut fënnt een de Golf de Clervaux um Mecherwee zu Eeselbuer! Wat do an d‘Aae stécht ass d‘Diversitéit vu sengem landschaftleche Kader. Dem klengen Uert sengen zwou Dosen Awunner benotzen typesch Nordéisleker Ausdréck, ë. a. Bom fir Bam, faaren fir fueren a geschwatt fir geschwat!‘ An d‘Variante vum ale Sproch ‘deemols wor nach e Frang e Frang‘ war heirëmmer deemols wor ‘de Frang na jätt wiärt’. An d‘Duerfleit profitéiere vun der Gemeng hire 24 Buslinien mat iwwer 50 Arrêt‘en, zu Mecher passéieren där zwee an der Stonn.

Den Numm Mecher erënnert un d‘keltescht mec'h-ger, wat ‘Flouerduerf’ bedeit. ‘t entstoung viru laanger Zäit 2 km süd-westlech vu Clierf. Um Enn vum VI. an am VII. Jh. haten Disciple vum hl. Willibrord d’Regioun christianiséiert. Se hunn zu Mecher an zu Veianen Riewen an den Dall geplanzt fir den néidege Masswäin ze kréien. Ir d’Liwwerung un d’Paren an d’no Abteie goung kruten d’Duerfleit en am Oktober ze schmaachen. D’Normannen hunn 200 Joer duerno d’Dierfchen ausgeräibert. Eng Weil duerno koum en Einsiidler an den Dall, a bis an d’Joer 1150 sollte kleng Wonner vum ‘bon frère Dodo’ Pilger unzéien. Am Mëttelalter entstoung do eng Kapell an d’Plaz vum Oratorium. Nom 30jäerege Krich an no der Pescht goufen ënner der Maria Theresia zu Mecher d’Leit, hire Besëtz an hir Revenue gezielt. 1766 haten do a véier bewunnten Haiser 11 Männer, 10 Fraen, 5 Jongen an 9 Meedercher gelieft! - Dem J.P. Zanen seng Reeslekture an Zeilen aus dem Cliärwwer Kanton erënneren drun, dass den Napoléon och hei jonk Männer an d’franséisch Arméi geruff hat. - Säit 1866 jauwt do den Zuch laanscht - d‘erlaabten Héchstvitesse tëscht Ettelbréck an Ëlwen läit bei 95 Stonnekilometer. Nom Dierfchen benannt sinn den 180m laangen Tunnel Mecher an den 84m laangen Tunnel Mecherbaach tëscht de Statiounen Drauffelt a Clierf.

D’Mecher Anne-Kapell huet e schwéier definéierbaren Alter an hat fréier zur Por Wäicherdang gezielt. Hire Bau steet ënner Denkmalschutz a gouf emol mat ‘cute little church‘ iwwersat. En huet 6 Ronnbou-Fënstren, en apaarten Daachreider, ass bausse frësch gewäisst a bannen an der Erwaardung vun Neiem! Hiren fréieren Héichwaasserproblem ass groussendeels geléist an hir Klack laut nees dräimol deeglech. - Mecher war 1823 mat der Gemeng Clierf, Esselborn, Reiler, Urspelt, an ë. a. dem Katzfelterhaff an der ‘Katzfeltermühl’ ernimmt. (Bei der Zielung vun 1848 hat et 44 Leit a Katzfeld 18. (Deen tselwecht Joer ernimmte Borromäus-Veräin hat d‘Zil gutt Bicher ze verbreeden. Bei dësem konnten d‘Mecher Leit an déi vu ronderëm sech 1856 zu Clierf fir een oder fir en halwen Daler Lekture léinen. - (Annerhalleft Joerhonnert spéider kann ee beispillsweis d‘literaresch Wierker a Korrespondenz vum gebiertege Clierfer Léopold Hoffmann am Mierscher Literaturhaus consultéieren.) Relativ aktuell Zeile vum Léon Braconnier dréien ëm d‘Samschtegowenter; um halwer 9, wann ee Rou a Fridde vum Éislek spiert, lauden e puer Kilometer nërdlech iwwer dem klenge Mecher d‘Klacke vun der Cliärrwer Abtei. An nom Laude wäerte gläich ‘die gesprochenen und gesungenen Gebete der Mönche an die Himmelstür klopfen.‘ (www.dck.lu/revue/article/2007-2/)

D‘Parzelle vum ewell ernimmte Kadaster haten 61 Geometren an hirer Schüler op 1700 Säiten agedroen; se veréiwegen no 1766 d’Besëtzer- a Flouernimm an domat och der Sektioun Mecher hiren «Dräistempler». Dësen ‘arbre mythique plusieurs fois centenaire’ war den héchste Bam aus dem Bësch an no senger monumentaler Form - dem Stamm mat 3 gedeelten Äescht - benannt. E figuréiert am offiziellen Inventaire vu remarquable Beem an hat öfters de Blëtz ugezunn. D’bannen huel ‘vum Alter gezeechent’ botanesch Raretéit hat 2010 duerch blesséiert Wuerzele keng Iwwerliewens-Chance. Mä seng Legenden-ëmhauchte Geschicht hat en Noruff inspiréiert. (N. Hamen, mywort.lu.) Nieft seng Iwwerreschter koum eng jonk Eech. - Mecher huet nach ee Bauerebetrib. An deen huet kee wäite Wee bis bei d‘Betriebshal vun der éisleker Setzgromperegenossenschaft. Dës kann zu Eeselbuer bis 16.000 Tonne vun där beléifter Notzplanz, dem véiert-wichtegsten Nahrungsmëttel lageren. (D‘lëtzebuergesch Sätzgromper däerf just am Éislek geziicht gi well säi liichtsauere Schieferbuedem d‘ideal Konditiounen erfëllt!) De Saz ‘La pomme de terre, le légume de la cabane et du château’ vum Marquis de Cussy kléngt gutt! (Dëse Gastronom hat ë. a. d’‘kulinarescht Kräizwuerträtsel erfonnt.)

P.S. Den Nordic Walking Park Klierfdall proposéiert dräi Weeër. Deen 11,6 km laangen Tour gëllt als ‘Circuit difficile’, e féiert duerch d‘Foussgängerzon duerch de Park op Reiler an dann duerch de Bësch a Riichtung „Dräistempler“. De Velosfrënd Carlo Hemmer beschreift säi Wee vu Wäicherdang zimmlech schwäermeresch: ‘in nächtlicher Dunkelheit, duerch den Schein der Sterne erhellt, gleite ich spät am Abend über Mecher talwärts nach Clerf.’ Bei dëse Promenaden droen d‘Leit dofir passend Gezäi. Viru ganz laanger Zäit haten d‘Réimer sech de Partikularitéite vun eisem Klima ugepasst, d.h. si hunn där Kiddele gedroen, wéi d‘Baueren se fréier hei haten. Hir Sandalen hunn zolidd Schong ersat an d‘am Süden onbekannt Beschloe vun de Päerd hu s‘iwwerholl, fir d‘Widderstandskraaft vun hire Féiss ze stäerken. Der ‘Zeitschrift für die Alterthumswissenschaft’ hirem 3. Band no sollte si eis d‘Asalzen a Räze vun den Hame weisen.