Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Méischdref

Am waarmdrechnen Ënnersauerdall weist e Bléck op d‘N10 Méischdref als lescht Uertschaft virun der leschter Sauerschleef viru Waasserbëlleg. D‘Sauer kéinnt vu Rouspert an hir längelsech gréng Insel dokumentéiert d‘Ferrariskaart bei ‘Merscdorf’. Säit 1987 féiert eng Foussgängerbréck, eng Hängebréck, vum 395 Awunner-Duerf iwwer d’Waasser an iwwer d’Zäit - op “Metzduerf” an de Landkrees Tréier-Saarburg. Méischdref läit mat Mompech a Givenech am Häerz vun der ‘Viezgéigend’, do ‘wou d’Fréijoer fréi aréckt!’ (H. Glesner) Do hat ëmmer en Deel vun den Haiser modern Kelterariichtungen fir de beléiften Aeppel- a Birewäin an anerer hate Brennereien. Do gëtt de Rambour ‘Klouschterapel’ bezeechent. Net ze vergiessen: wou haut Bongerte sinn, hu fréier Wangerte vum besonnesch mëlle Klima profitéiert, an fir iwwer d’Sauer ze kommen gouf et e Boot. Am XIV Jh. hat z.B. den Hermanus de Burne seng Mille verkaaft, an donieft och eng Barque fir iwwer an eriwwer ze rudderen.

Beim Thema Fréigeschicht sinn am Dräieck Waasserbëlleg-Givenech-Meeschdorref, wéi ‘t och alt heescht, dräi Wüstungen ernimmt. Do war dat eelst "waldfreie Gebiet" vu Lëtzebuerg, dat vum Muschelkallek, wou sech Neolithiker ugesiedelt haten. Do konnt, laut Meyers, den eelsten einheimeschen Aackerbau sech entfalen. (Den Häerebësch louch wéi eng Insel ‘inmitten der Ackerbreiten der Mörsdorfer Germarkung‘ a war ‘herrührend aus dem Schlossbesitzt des Fräuleins de Reinach von Mörsdorf.‘) Templer, déi zu Méischdref eng Nidderloossung hate, sollten am 12. Jorhonnert ufänken déck Nëss an Äppelbeem (d’ewell ernimmte Ramboen) do unzeplanzen. Méischdrëf war emol no Veianen de gréissten Noss-Liwwerant! (Gusti. lu) D’Maximiner vun Tréier waren hei vum 13. bis an d’18. Jh. d‘Grondhären an och d’Abtei Iechternach hat do Besëtz. Méischdref gouf deemols als Mersdorph oder Murstorff registréiert. D’Duerf hat eng Zäitchen zur Por Givenich gezielt an duerno zur Por Mesenich. Liese mer, dass dës emol hei iwwer d’Grenz eraus goung, ass sous-entendu, dass dat nach nom 15.6.1815 war, nodeems eis nei 135 km laang Ostgrenz festlouch. ‘t war vill Waasser d’Sauer erof gelaf bis mir zum Département des Forêts goufen. D’ëstlecht Gebitt vum fréieren Herzogtum Lëtzebuerg ënnerlouch zwanzeg Joer laang administrativ dem Arrondissement Bitburg (an ee vun dësem senge fënnef Kantone war Iechternach, béidsäiteg vun der Sauer.) (Edm. Steyer) Och Koppen an Dällten vis-à-vis vu Bur a Méischdref ware fréier net Ausland wéi haut.

D‘eelst Virgängerin vun der Méischdrefer Kierch hat réimesch Fundamenter a Spure vun den Tempelhären als Basis. Déi aktuell huet beispillsweis e romanesche Klackentuerm mat Zwillingsschalllächer, eng klassesch Dir mat Pietà, an noweisbar säit 1570 den hl. Martin als Kierchepatréiner. Fir hir Vergréisserung gouf ‘t 1852 dem Memorial no 725 fr Subsid. 2003 krut si virun de fréibarocken Altor en neien niddregen Altordësch, an als Schutz fir d‘Kierchefënstre vun ëm 1900 mat stiliséierte Blieder a Friichten eng Duebelverglasung. Hir Statuen, de Martinus ouni Heeschemann an den Hubertus aus dem 17. Jh. goufe restauréiert, den Duxall erneiert a Still ersetzen d’Bänken. Bei typeschen Ausdréck aus der Géigend fällt d’Verschlécke vum ‘r’ nom leschte Vokal op. Ee Beispiel vum Site Engelmann.lu heescht: “No de Vespe gin d'Jhingelche mat de Mädéche op d'Pädéche, da setzen se sich op eng Bink an äässe Briddéche mat Stippéche.” (Bréidercher mat Wirschtercher). Dem Marcel Reuland (+1956) seng Schreifsprooch mëscht d‘Méischdrefer vu sengem Papp an d‘Beforter vu senger Mamm… An dat kléngt esou: „Enzwousch an de Gaasse ramouert de Schmadd - ma soss keen Toun, tëscht de Maure keen Tratt. D'Hëtzt ziddert laanscht d'Haiser, keen Hunn, dee kréit keen Hauch, deen en Hallem um Flouer béit.“

Aus historescher Vue hat d‘59 km laang Sauerligne eng gewësse Wichtegkeet. Si huet Iechternach a Waasserbëlleg tëscht 1874 an 1958 verbonnen, genee gesot Ettelbréck mat Gréivemaacher. Hir Gare steet nach, iwwer d’Bunn féiert streckeweis e Veloswee. Méi wéi een enke Lien steet tëscht ‘Moersdorf‘ a Metzdorf! 1993 gouf z.B. d‘gemeinsam grenziwwerschreidend Kläranlag vun der Gemeng Mompech an der ’Verbandsgemeinde‘ Trier-Land ageweit. D‘Sauerbréck stoung du 6 Joer. (D’fréiert ‘ferry-boat’ war längst vergiess.) Si verbënnt d’piste cyclable des 3 rivières un däitsch Velospisten. En Highlight si lokal Promenade mat Aussiichtspunkten an d’Méischdrefer Naturschutzgebitt 'Däiwelskopp' mat engem Orchideen-Léierpad! Zënter 2004 sti vun där 250m héijer Kopp 60,98 ha ënner Naturschutz. Hiren Numm hängt mat kondenséierter Loftfiichtegkeet zesummen, déi am Wanter heiansdo aus de Buedemfoue quëllt an fréier am Volleksmond als Damp aus der Häll ugesi gouf! D‘Gemeng Mompech zielt zur Tourismusregioun Mëllerdall, an där intressant Fielsen a Wëllplanzen ‘der Natur hir d‘Oppositioun géingt d‘Regierung vun de Gäertner‘ ausdrécken. (Kokoschka)

P.S. ’Schotterwierk Méischdref’ nennt sech säit den1960ger en imposante Steebroch op 265m an der Rue de la Carrière. D’Duerf lieft haut manner vu Landwirtschaft wéi vun Tourismus. D'romantesch Kauzebaach, d’Sauerinsel an hir Beem oder d’1195m laang Sauerdall-Autobunnsbréck si flott Photomotiver. Seng permanent Entwécklung léisst awer d‘Traditiounen net vergiessen. D‘Frënnschaft ënner den Dierfer Mesenich a Metzdorf, Bur, Givenech, Méischdref a Mompech ënnerhält ë.a. de Pompjeeën hir Zesummenaarbecht an hire gemeinsamen Depot zu Bur. Heescht e Grillfest bei der aler Millen “De Wollef ass zréck zu Méischdref“ weist dat op säi Monument hinn, eng seltsam Wollefsgeschicht an d' "Mêschtreffer Wollefslidd" (e Spottlidd mat 30 Strofen, an deem ‘en Här vum Adel ’sot ‘de Wollef huet keen Tadel’...) Goufen d’Leit hei ‘Méischdrefer Wëllef’ gezeckt... waren d’Kanner dann d’Wëllefcher?” Dat däerft d’rezent publizéiert Buch mam Reckbléck op 350 Joer iwwer „D’Schoul zu Méischdref an hir Schoulkanner” wëssen. (Dass “Bildung nët vum Liese kënnt, mä vum Nodenken  iwwer Geliesenes” denkt net nëmmen de Schwäizer Philosoph Carl Hilty.)