Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Nidderaanwen

Nidderaanwen läit 10 km vun der Haaptstad a mat Senneng um ëstleche Rand vun eisem gréisste Bësch, dem Grengewald. D’Naturschutzgebidd “Aarnescht“ kuckt vum Hank nieft Ueweraanwen erof a säin Dall. Archäologesch Trouvaillen aus der Jongsteenzäit beweisen, dass dës un Waasserquellen räich Géigend ‘seit frühester Zeit besiedelt war‘. Am Ëmfeld vun enger Réimersiedlung sollten am 19. Jh. nobäi Töpferiewen fonnt ginn. D‘réimesch Reeskaart ("Itinerarium Provinciarum Antonini") weist et als Andethanna ënner dem Keeser Diokletian als Reesstatioun tëscht Arel an Tréier. D’Konsularstrooss goung iwwer de Fëschmaart, de Weimeschhaff via Grengewald an Direktioun Mäertert a Waasserbëlleg. D‘Fernstrooss Sennengerbierg (Nidderaanwen)-Gréivemaacher gëtt beispillsweis och ënnerëm Louis XIV ernimmt. Haut huet Nidderaanwen eng zentral Lag no um Autobunnsnetz, deem seng lescht Deelstreck tëscht Nidderanven an Pottaschbierg 1992 am Juli offiziell opgoung. Ugangs 2015 hat et 1429 Awunner, d.h. 150 manner wéi de Sennengerbierg. Wéi Zäiten an Zuelen evoluéieren? Dem Shakespeare no “reiset die Zeit in verschiednem Schritt mit verschiednen Personen.“ Am Réckbléck op 1848 hat Nidderaanwen 506 Persounen a Senneng 46 méi.

Zeile vum Sulpicius Severus ernimmen 386 eng Rees vum Bëschof von Tours, dem spéideren Hellege Martin, duerch Nidderaanwen op Tréier. Den Haff „Anven“ hate vermuttlech fränkesch Kinnecken tëscht 481 an 751 gegrënnt mat enger eegener Geriichtsbarkeet. En daucht heefeg an Urkunde vum 12. Jh. op. (Ënner sengen Haffgidder waren d'Dierfer ‘Hofstätte’ (Hostert), Senning, Erenster an Andevane‘. De Grof Henri II. vu Lëtzebuerg hat ewell 1044 der Tréierer Abtei Sankt Maximäin "Schëtter” an Anwen geschenkt. Hir Äbt bloufen hei Grondhäre bis an d'13. Jh. Wéi den Henri VII. senger Fra, der Gräfin Margaret 1307 den Akkord gouf e Spidol an eng Kierch op senges Terrain ‘auf den Steynen‘ze bauen, (d’éischt Grënnesch Kierch) koum dat néidegt Bau– a Brennholz aus sengem Bësch vun Anven. D’Duerf war 1326 ënner dem Jang de Blannen dokumentéiert als „Andfen“ (an 1270 als „Andevana“ ënner Henri V.) ’t goung doran ëmmer nees ëm senges Holz! Wéi d’Véihwirtschaft allgemeng an d’Luucht goung sollt de Fieschter aus dem Gréngewald 1328 dem Helleggeeschtklouschter senge ‘chevaulx, beufs et vaches‘ erlaben „de chercher pasture au Grunewald“. (Lascombes) Intressantes nach: 1380 waren d’Anvener Awunner verflicht d’Fudder fir “das Wasserpert vom Ziehbrunnen“ vum Schlass um Bock ze liwweren! Eng Feierplazenzielung verréit 1473 Chiffren iwwer d‘Bevëlkerung vum Haff Anwen (ronn 250 Awunner an ëm 36 Menagen.) A Krichszäite sollten dës da schwanken.

Mam Ausbau vum Duerf als Relaisstatioun vun de Postkutschen Bréissel-Lëtzebuerg-Tréier koum am éischten Deel vum 18. Jh. e wirtschaftlechen Opschwong („Postmeister, Kutscher und Reisende brachten ein reges Geschäftstreiben in den Ort.“)(Lokalchronik) D’Stater Postamt hat virun 1827 en Direkter a véier Beamten, krut 1850 fir d’deeglecht Ausdroe vum Courrier awer Personal bäi. 1855 koum dann ee Landbréifdréier bis hanner de Grengewald. De 26.11.1888 hat Nidderaanwen d‘éischt vun den 9 éischte Gemengen-Telefonskabinen am Haus vum Gemengesekretär, di zweet hat Buurschend. - Fréier war Nidderanven eng Agrargemeng. An de leschten 30 Joer huet dat geännert. ‘t entstounge vill neie Wunnraum an 61 aktiv Veräiner am Sport-, Kultur- a Fräizäitberäich, wat d’Integréiere vun den ronn 47 % Netlëtzebuerger vereinfacht. En Deel vum Findel zielt zum Gemengegebitt, wat Vir- an Nodeeler huet (z.B. eng gewëss Ëmweltbelaaschtung.) (R. Weydert)

Nidderaanwen hat am Mëttelalter zur Urgemeng a –por Schëtter gezielt an dann ab 1702 zur Por Hueschtert. Seng aktuell Kierch vun 1851-‘53 war eng vun den éischten néogoteschen am Land. Se steet op der Grenz tëscht Nidderaanwen a Senneng an an der Bistumsverwaltung ënner deem éischten. Hire Bau huet speziell um Tuerm filigran Dekoratiounen, 17 Fënstren (deels Simminger, deels Binsfeld) a 6 héich elegant Sailen (op déi d’Phrase “beauty is the normal state“ vum R. W. Emerson passt.) Et war dem Architekt Hartmann en Uleies, datt Kierchen duerch hir Lag a vertikal Ausriichtung markant Zeechen an den Duerfbiller sinn. An der Mëtt vum 19. Jh. gouf munnch eeler Porkierch ersat. D’Motivation: d‘Land war am Opschwong an “man riss die Gotteshäuser reihum ab und ersetzte sie durch neo-barocke, neo-gotische, neo-romanische oder neo-byzantinische Gebilde.“ (J.P. Koltz) Eng Notiz um Rand: An der Kathedral weist iwwregens eng Fënster de Martinus, deen hei duerchkoum, mat der Nidderaanwener Silhouette a sengen Hänn.) (Norbert Thill) - Déi den 8.8.1988 gegrënnte Geschichtsfrënn vun der Gemeng hunn an 22 Joer sechs Bänn erausginn iwwer d’Lokalgeschicht, an hiren Engagement spiggelt d‘Goethe-Zeil erëm „Dat Bescht, wat mir vun der Geschicht hunn, ass den Enthusiasmus, deen s‘ervir rifft.“

P.S. Am Kär vum alen Uertsnumm ‘Andethanna‘ kéinnt sech am éischten Deel d‘uraalt ad, adde, ade fir Waasser verstoppen, dat “nasaliert, mit eingeschobenem ‘n‘ zu “ande" gouf. (Dr. Richard Spessart) Aner Trouvaille: de “girls name Anwen (or Anwyn) means ‘very beautiful’ in Welsh.” Den zweete Wuertdeel Thanna erënnert un d‘aalhéichdäitsch kaum bekannte Kollektivform vun Dänn: dasTann. Déi hei gebueren Prof. Dr. Claudine Moulin, Spezialistin an Historescher Sproochwëssenschaft an Luxemburgistik, huet vläicht eng besser Erklärung. Si ass deels zu Tréier (a war gelegentlech op der Uni Lëtzebuerg) täteg an intresséiert sech ë.a. fir Annotationen "Zwischen den Zeilen und am Rande der Blätter". Hei aktiv ass de Raymond Petit, deem seng Skulpturen den Thema ‘Mënsch an zwëschemënschlech Bezéiungen’ weiderentwéckelen. Vun him sinn d‘lokalt "Monument aux Morts" an d’Skulptur "Sérénité" beim Alters- a Pflegeheem. De ‘mérite culturel’ krut 2014 de Gust Graas. Sengen Notes d’Atelier no fillt hie sech als ‚saltimbanque à l’écoute d’une mélodie qu’il transpose sur une toile”. “niederanven-wo-das-glueck-wohnt“ housch emol e (villverspriechenden) Titel an engem lëtzebuergesche Wochemagazin.