Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Nidderpallen

Op Niederpallen kucken den ‘Ditzen-’ an de ‘Pallerbierg’ erof. Et läit am südlechen Deel vun der Réidener Gemeng, 31 km vun der Stad. Déi aner Dierfer, déi ‘op der Pall doheem’ sinn, Uewerpallen, Liewel an Näerden, ënnerstinn de Gemengepappe vu Biekerech. (Den Uertsnumm kéinnt vu Palus ofstamen wat ‘marais fangeux’, d.h. eng schlammeg Supp an där just Hongerkënschtler iwwerliewen.) Do gouf et keen imaginäre Kropemann wéi un der Atert, mä vläicht kruten d’Duerfkanner Varianten erzielt vum Fräschkinnek. Am Mäerz 1891 sollt d’Gemeng Réiden e lokale Projet mat gesetzlecher Basis vun 1888 ënnersichen, zum Thema Grënnung vun enger Cooperative vu betraffene Besëtzer zur ‘Regulierung der Pall und zu Entwässerungsarbeiten.’

Am Laf vun der Zäit sollt d’Rad vun der Fortuna d’Liewen ofwiesselnd ‘mësshandelen oder verwinnen’ (laut de Carmina Burana Gesäng a. d. fréien 13. Jh.) Dokumentatioun iwwer Nidderpallen ass relativ rar. Mä d’Soë-Sammlung vum Jean Haan ernimmt do e schlammege Weier. Ee räichen Useldenger Schlasshär sollt tëscht Nidderpallen a Biekerech vum Wee ofkomm sinn an do mat de Kniecht, Päerd a Won am déiwe Morast versénken. Hie wollt no engem Kräizzuch gestuele Schätz op Arel a Sécherheet bréngen. (Vum marquisat Arel ofhängeg Seigneurien haten ë. a. 1479 Propriétéiten zu Uewerpallen.) E feinen Här, den Nicolas Eyschen, war Seigneur de Niederpallen an mayeur vu Réiden. Hien hat 1681 an där Roll dem Spuenesche Kinneck seng Hommagen erwisen. Säi fils Henri war mayeur vun Niederpallen. (Ënnerschiddlech al Zeilen dréien ëm een emol verbrannte manoir oder erwähnen en ‘ancien château transformé en ferme.’ (Ch. Bivort.) D’Ferraris Kaart dokumentéiert e gréisseren L-förmege Besëtz um Enn vum Duerf. Wéi dëst vun der ‘Giischer Baronnie’ ofhoung, 1759, hat den André de Marches d’Héich-, Mëttel- an Nidder-Geriichtsrechter iwwer d’Leit. (Hie sollt nieft Näerden, Nidder- an Uewerpallen, Réiden, Ell, Thiaumont, der Gäichel a Bieckerech ronn 40 Uertschaften dominéieren.) Spéider, 1873, gouf en Niederpaller Haff a Lännereien an d’Schlässer Ell a Colpech Besëtz vun der Madame de Munkacsy, née Papier, (der Witfra vum Guiischer Baron Edouard de Marches). (luxemburgensia.bnl.lu)

Am ‘Zousazinventair’ steet säit 2013 d‘Kierch vun Niederpallen. (Als Eelst vu Site et Monuments klasséiert waren 1937 d’Wolzer Justizkräiz, 1938 d’Randschelter Kierch, eng Statu an d’Kierche vu Veianen an e Joer duerno d’Kapelle vu Longsdref an der Giischterklaus.) Den Nidderpaller Kierchepatréiner, den hl. Bernard, war de gréisste Priedeger aus dem Mëttelalter. Eent vu sengen iwwer 80 berühmten Zitater seet „Den Garten des Paradieses betritt man nicht mit den Füßen, sondern mit dem Herzen". Den Interieur vum getäfelte Kiercheraum verschéineren dräi klassesch Altär mat Statuen an d‘Fassad iwwer der Entrée eng opfalend reng Rosette. D‘Fënschtere vun 1964 vum Zanter hu fräi Kompositioune mat deels Symboler. Déi zur lénker Sàit am Schëff weisen z.B. e Kräiz a Schlësselen an Äere mat Drauwen. Äere sinn hei ganz wichteg. Fir de Besuch vum Groussherzog Wëllem III. an dem Prënz Hari hat Réiden ‘à l’improviste’ e Wope kreeéiert - bekannt als ‘blason à l’épi’. Eng Photo vum Jean Nehrenhausen dokumentéiert deen am Steen gehaëne Motiv mam charakteristeschen Aspekt vun der Regioun. (La voix, 24.11.2008) Den Aachere-Symbol hat gepasst well deemols de Kanton consideréiert gouf als ‘grenier à blé du Grand-Duché.’ (Offiziell krut Réiden duerno en anere Wopen.)

D‘Vollekszielung vun 1848 notéiert bei Nidderpallen mat der Millen 229 Awunner. Haut huet et där 457. Den ‘dénivelé’ an den ‘débit’ vun der Pahl (Schreifweis vun 1838) hire Quellen haten de Bau vun e puer Millen erlaabt. (Der Baach hirt Gefäll mécht op 10,6km 73m aus.) D’al Zuchligne Nœrdange-Martelange, de sougenannte «Jhangeli» ass nom Arrêté vun 1888 iwwer d’Pall, deels duerch d’Duerf Nidderpallen a laanscht den neie Wee an Direktioun Réiden gefuer. E Fräliichtmusée versetzt Betruechter op senger fréierer Statioun a Gedanken zréck an d‘Zäit. Deen hei 1864 mat 104 Joer verstuerwene Jacques Nilles hat dëst net méi erlieft an och net d‘Amerika-Auswanderer Bodwin Johann-Peter (+1872) (Tresorier vum zu Williamsburg, NY gegrënnten "Letzebuerger Kranken Ennerstetzungs-Verein") an net säi Brudder Michael (+1874). (D‘Uewerpaller Famill Jean-Pierre Weyker (*1806) war ‘among the first Luxembourg settlers of Ozaukee County, Wisconsin.’ (www.wikitree.com/wiki/Weyker-4) Nach e lokalen Detail: Ginn déi Biekerecher op Pallen heescht dat op Uewerpallen - mä d‘Näerdener mengen domat Nidderpallen.

P.S. Vun eise Schmuelspuerbunne gouf iwwer d’Grenzen eraus geschwat. “Die 1890 eröffnete Jangeli-bahn hat 1953 wegen roter Zahlen den Personenverkehr eingestellt und 1967 den Frachtverkehr. Einige erinnern sich, wie sie öfters mit dem Zug in einer Schneeverwehung festsaßen” (sot emol d’Saarlandwelle). D‘Journée de la Porte Ouverte vun der Nidderpaller Gare an dem Näerdener Gare-Musée war an de leschte Joren en Highlight. D’lokal Jhangelisfrënn konnten houfreg hiert 2011 restauréiert Nationalmonument mat engem Stéck Schinn presentéieren. Dass de Jhangeli net ëmmer pénktlech war ass vergiess. Nom 2. Weltkrich hat ‘den Automobilbestand seng Bedeitung an den Hannergrond gedrängt.’ (R. Zenner.) Haut begéint een e Reitstall bei der Pall. A grénge Wisen grasen Limousin-Ranner, an nobäi invitéiert engem ale Wäschhaus säi Waasser zum ‘plätschen’.