Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Reiler

Op der Landkaart ass Reiler mat 467m héichteméisseg de Pendant vun der Clierfer Benediktiner-Abtei. ‘t gëtt do gesot Fregdiç fir Freideg, Brugder fir Brudder, mikt fir midd, an vajullich fir violett. ‘Vioule‘ verstoppen sech (och do) heemlech am Schied‘. (M. Lentz) Reiler trennt ee Kilometer vum iwwer 100 Meter méi déif geleeëne Clierf. D‘Héichtenduerf mat de gewäisste Fassaden, Schiferdiech a blummeräiche Gäerd hat e Kenner 1974 angenehm, groussendeels onverduewen an harmonesch genannt (an d‘nei Haiser am ënneschten Deel passend zum Ganzen.) De ‘Radwanderer‘ Carlo Hemmer stoung do virun dem Dilemma ongehemmt biergerof ze rullen oder mat ‘kreischenden Bremsen‘ d‘Clierfer Landschaft ze genéissen. Reiler ass via den CR 340 mat Fëschbech verbonnen - an do mecht d‘N7 de Lien zur Stad. Seng Awunnerzuel louch den 03.07.17 bei 304, an d‘Telefonsbuch gëtt do bei zwou Nummeren de Beruf Cultivateur un déi (wéi virun iwwer 1200 Joer den Alcuin) am ‘Hierscht de Späicher vum Summer‘ gesinn.

Reiler huet fréier zur Herrschaft Clierf gezielt. Et huet eng onopfälleg Geschicht - wat e Spezialist ëmschreift mam Saz ‘Laissons à notre imagination le champ libre‘. D‘Zielung vun de lokale Feierplaze koum 1473 op 10, (Dickerke, d.h. Dikrech zum Vergläich op 98.) (Seng Kapell ass am Spéitmëttelalter ernimmt.) D‘Kaartenzeechner vum De Ferraris hu säitlech vum grousse Clierfer ‘Parcq‘ seng perfekt ageperchten Haiser mat Annexen agedroen, an d‘dozougehéireg kleng Hubertus-Weekapell (Dëst iwwerrascht net well Clierf am Ancien Regime an der Diözes Léck louch.) Si steet e puer Schréck vu Reiler. S‘entstoung wahrscheinlech an der zweeter Hallschent vum 17. Jh. De Moler Gerson hat 1934 hir Vignette gemoolt fir de Guide Cosyn. (M. Schoellen.) Wéi 1848 am Grondgesetz de fräie Gebrauch vum der däitscher a franséischer Sprooch beschloss gouf hat Reiler 114 Awunner. (1837 war Däitsch d‘eenzeg Unterrichtssprooch am Kolléisch.) 1852 koum den éischten Timber mat Wellëm III. als Symbol vun eiser Souveränitéit. Den Traitement vum Léierpersonal aus der Reiler Primärschoul war 1925 op 8.829,78 fr. fixéiert, tselwecht wéi zu Rueder oder Bigelbaach. – Fir de Bau vun engem Wäschbur gouf et 800fr. Subsit laut engem Arrêté vum 21. September 1935 an 700fr fir d‘Reparatioun vun der Waasserleitung (an dëst am ‘Intérêt vun der ‘hygiène publique).

D'Origine vun der Reiler Duerfkapell sinn ural. D'Grondgebai mat de Ronnboufënstren gouf am Laf vun de Joerhonnerten zweemol vergréissert. Eemol sollt de relativ niddregen Tuerm bäigebaut ginn an eemol den trapezfërmege Chouer. D‘Kapell huet e vum Weihbëschof vu Léck am Joer 1760 konsekréierte Renaissancealtor aus Eechenholz mat räichgeschnëtzte Säiten-Unhäng, eng barock Madonnestatu an eng vum Kierchepatréiner. (Den Tabernakel ass allerdéngs manner al.) Deen dem Rochus an der Barbara geweite Raum gouf 1953, 1975 an 2001-2002 renovéiert. D‘Verwëllef stäipen 8 Säilen un de Säitewänn. Reiler war virun 1803 Filial vun der Por Munzen - duerno koum et an d‘nei gegrënnte Klierfer Por. D‘ewell ernimmten Hubertus-Kapell mam apaarten Daachreider läit tëscht Eechen a Bichen op 426m a grenzt un den nord-ëstleche Bord vum Clierfer Schlass-Parc. 1820 hat de Mémorial administrativ gemeld, dass d‘Kierchefabrik vu Munzen d‘Autorisatioun krut d‘Schenkung vu 70 Gulden a 87 Cents unzehuelen vun der Dame Margaretha Lenerds vu Reuler. - Mëtt der 1970ger lueft d‘Buch vum Natur-an Ëmweltschützer Carlo Hemmer d‘neigeplanzte Beem lénks op der Strooss Ischpelt-Reiler. An d‘200 x 20m Planzung riets um Héichterreck mat Hobichen, Esche, Lannen an ökologesch wäertvollen Arlesbeem, (d.h. Mehlbeerbäume, Sorbus aria) erfëllt d‘Erfuerdernësser vum Landschaftsbild; se déngt als Wandschutz, Erhuelungsplaz am Schied an ‘Landschaftszierde‘.

De Centre Intercommunal scolaire et sportif Reiler/Clierf entstoung tëscht 1990-1995. Elëf Buslignen brengen d‘Kanner dohin an zréck - fir di kleng sinn se mat Déiere gekennzeechent, z.B. mam Pingouin, Elefant a Päiperleck. D‘grouss Realisatioun huet als Address Maison 84. Ob d‘Schüler do och verzielt kréien, dass fréier meeschtens d‘Grousselteren d‘Kanner erzunn hu well d‘Elteren Aarbecht um Feld haten? (Di 12 Schoulklasse vun 1994/95 kënne sech am Cliärrwer Kanton 1995/3 erëm-entdecken, dora sinn se veréiwegt.) E speziellen Dag war den 9. Dez 2010, du war keng Schoul, ‘t louch zevill Schnéi! - Den Zuchtrajet Stad-Reiler soll eng Stonn daueren plus e Stéckelche Bus vun der Clierfer Gare oder eng Promenade per Pedes. En Taxi brauch dofir 51 Minutten (zum Präiss vu minimum 190 €.) Dëst alles a méi verroden Internet-Zeilen. De lëtzebuerger Diktionnär ass allerdéngs och zimmlech léierräich. Do fënnt een z.B. wat eng Reil ass. Et gëtt Taart mat Reilen, d.h. mat Deeg-Gitter iwwerëm Belag. D‘Lederen hu Reilen oder Sprossen, an Eise-Reile virun der Fënster si méi bekannt als Trueljen.

P.S. En «Hôtel Saint-Hubert» fënnt een zu Lëtzebuerg just nëmmen zu Reiler. E koum 1950 an d‘Fieschterhaus vis-à-vis vun der Hubertuskapell an hat ufangs 3 Zëmmer. Haut verbënnt de Familljebetrib an zweeter Generatioun e ‘charme douillet et confort moderne‘ - ass ideal fir z‘Entspanen oder Ausgangspunkt fir vill Aktivitéiten. Nobäi läit de Camping Reilerweier mat 2 Fëschweieren déi d‘Ierbicht speist. Dee proposéiert schéi Spazéiergäng an ënner aanrem 100 Laangzäitparkplazen. Am Häerz vun de Lëtzebuerger Ardennen, nërdlech vu Reiler, ass den als Transversale de Clervaux annonçéierte Projet am Lafen. Dës verbënnd d‘N7 iwwer de Viaduc Ierbicht, (265m laang) bei der Fëschberfuert an iwwer de Viaduc Clerve (155m) mat der N18 am Ausgang vun Clierf a Richtung Antoniushaff; Se gëtt 3,7 km laang a soll aner Stroossen entlaaschten. Méi zum Organigramme verréit de Pressedossier vum Gouvernement.