Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Réngel

Réngel koum den 1.3.2019 op 24 Menagen an 66 registréiert Awunner. Et läit am Naturpark Öewersauer an dem Kanton Wolz, an ‘t zielt zanter 2012 zur Gemeng Esch/Sauer. Dës huet no hirer Fusioun mat der Heischter Gemeng an där vun Néngsen evoluéiert. D‘Ardenne besëtzen als geschichtsträchteg Regioun e villfältecht a räicht kulturellt Ierwen. D‘Stroossen- a Flouernimm sinn dovun inspiréiert. No bei Réngel gëtt et op 439m e ‘Gebranntebierg’ an lokal de Schousterwee, de Bourschterwee an d‘rue Bourwis, mam Busarrêt vun der Ligne 613. Si verbënd d‘Duerf mam Wolzer Lycée a bleift 16 mol ënnerwee stoen. Fligere fléien iwwer Réngel ewech zu all Saison, d‘Krukerten um Ufank an um Enn vum Wanter. Et sinn der heirëmmer extrem vill z‘observéieren. (Hir Vitesse läit tëscht 45 a 65 km d‘Stonn an d‘Streck an d‘Stad miesst där 57, d.h. si brauchen theoretesch vun der Bourwiss an d‘Péitrus ronn eng Stonn. Am Flug forméieren d‘Ho- oder Huergäns ëmmer en Eenter a fléien am oppenen Dräieck. (Alain Atten) Esou hunn si de mannste Loftwidderstand.

D’Ferraris Kaart weist 1777 um Hau Ringel 7 rout Diech, Hecken ëm Gäert, vill präzis gezeechent Parzelle ronderëm, südlech de Katzenberg a lénks de Moulin de Tatteler! D’Haiser, vun deenen eent méi herrschaftlech wierkt, leien op 404m, de Réngelerhaff op 331. D’Kaart sollt vill Detailler festhalen ’pour combler les lacunes des cartes topographiques existantes’! Am Ancien Régime huet den Territoire vu Réngel an der ganzer Ëmgéigend bis bei Dikrech zur Seigneurie vun Esch/Sauer gezielt. Den Heischter Moart ka bis 1201 zréckverfollegt ginn! Koar, Huewer an Dénkel sinn hei gewuess an ab 1750 och d’Gromper, de ‘Weess vun den aarme Leit.’ ‘t gouf probéiert laanscht d‘Steier vum ‘Zehnten’ ze kommen, mä St. Maximäin huet reklaméiert. (‘t war ewell virdrun Ierger ginn, well di vun Heischent, Réngel, Toodler, Merscheed an Dellen ‘Fronfuhren’ net gemat haten (se sollten zu Boufer ‘Weysse’ Kallek ofhuele fir d‘Kierchewänn opzefrëschen.) - Den Dictionnaire universel géographique vun 1804 ernimmt de Ringelerhof am département des forêts, 10 km vun Dikrech, 23 km vu Bastogne - an d’Gemengebicher dokumentéieren intressant Zuelen: 1862 hat Toodler am Vergläich 404 Frang Steieren an Réngel 592! Aner Trouvaille: 1884 steet de Linck Pierre vum Ringelhof am Memorial als ‘cultivateur mat permis de chasse.’

Réngel huet keng Kierch an hat laang zur Por Heischent gezielt, där hir Akte bis 1664 zréckreechen! (www.luxroots.com.) D‘Leit gounge fréier an d‘ 2,5 km no Filial-Kierch op Toodler; Haut sinn se zougehéireg zur Por Öewersauer St. Pirmin, där hir 24 Kierchen ofwiesselnd op sinn. Poetesch Zeilen aus dem Cees Nooteboom Text ‘Das Paradies ist nebenan..’ (2015 zitéiert an der ‘Warte’ Rubrik ‘Kleines Grossherzogtum in der Weltliteratur’) passen zum noë Floss-Dall: Dëse war laang wéi eng ‘grosse Schale voll Stille, in die dann und wann Geräusche einbrachen.’ - Am Krich war do alles anescht. ‘t goung am Oktober 1944 beispillsweis e Bréif vum Jos Wagner un den Innenminister Bodson. (De Gemengesekretär vu Groussbus wousst, dass Réngel op der Gestapo hirer schwaarzer Lëscht stoung. Hien hat d‘Kartei am Aa an opgepasst wat fir Haiser den Okkupant intresséiert hunn. E konnt dann als Resistenzler d‘Leit virun Hausduerchsuchunge warnen! (z.B. d‘Familljen Didier an Federspiel vum Réngelerhaff.) Den 26.12.1944 housch dann en däitsche Kommentar: Gegenangriffe schlugen fehl, der Feind drang bis Ringel vor... (E.T. Melchers) An de 6.1.1945 hunn Däitscher d‘Front Bitscht -Géisdref - Réngel verstäerkt (mä vum Ofwier-Feier gebremst ‘mussten Geländegewinne aufgegeben werden.’)

D‘Bild vum Théophile Steffen ‘Ringel à l’ombre des sapins’ gouf interpretéiert als ’endroit magique’. (De Moler hat vu Scheedel aus d‘Land iwwer Bierg an Dall no schéinen Ecken duerchsicht.) D'ronn 2.250 Meter laang apaart Mooschterbaach entspréngt südlech vu Réngel op 465 Meter Héicht um Fouer Tulleweier. Si hat emol op 500m Längt d'Grenz gemat tëscht de Gemengen Heischent a Buerschent! Se leeft no ville Kréngelen op 275 Meter an d‘Rannerbaach a mat där an d'Sauer. - D’Kanner iwwerblécken um Schoulwee am Bus op Heischent de Sauerdall a wonnere sech wahrscheinlech iwwer d’Nimm Deiwelslay, eng héich zackeg Fiels um Floss mat engem ugedeite Priedegtstull. an Jâslee, déi den Nic Gredt am Rapport mat onheemleche Kreesch vum obskure Jâsmännchen ernimmt. Dëse sollt net nëmmen d‘Awunner vun Heischent, Toodler a Ringel erschrecken! Mä d‘al Zäite sinn eriwwer. Ranner gi scho ganz laang net méi als Zugdéier genotzt. Den eleng geleeëne Réngelerhaff bewunnt de Propriétär, ëm d‘Land an och d‘Béischten këmmert sech e Piechter. Zwee aner Häff sinn a Betrib. An d‘Bréifboîte beim Haus Nr 3 um Schousterwee gëtt regelméisseg mueres um 9.00 eidel gemat.

P.S. Mat Réngel verwandten Nimm sinn Ringard, deen als Uertsnumm op Renk, Krees, eventuell eng Geriichtsplaz oder e Réngwall baséiert. (J. Tosti, J. Meyers) Ringeldorf nennt sech eng Gemeng am Elsass, knapps 30km nord-westlech vu Strossbuerg. De Ringelnatz huet behaapt ‘Bücher werden, wenn man will, lebendig.’ De Persounennumm Ringhard bezitt sech op Rank, an op hard… a Ringo ass an England e ‘bell ringer.’ De Jean Ringel, e bedeitenden Elsässesche Skulpteur, (*1847 zu llzach bei Mulhouse) huet ë.a. Medaille vum Rodin, Hugo, Gounod oder Pasteur kreeéiert. Eist Duerf am Naturpark Öewersauer huet keng al Schätz oder Ruinen. ‘t gouf méiglecherweis vu Veterane vum Keeser Maximian Herculeus am 3. Jh. uurbar gemat wéi Kiemen, Scheedel an Heischent. A vläicht gouf do emol fläisseg Woll gesponnen oder souguer gewieft? Esch/Sauer hat fréier ëmmerhinn 60 Wiefstill a landeswäit waren 1850 statistesch 70.000 Schof erfaasst…