Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Rulljen

Rulljen läit um Wee Léifreg-Wolz, 11,8 km vum Séi, 54 vun der Stad an 8 Bus-Minutte vum Wolzer Lycée. Seng Stroossennimm erkläere geographesch Detailler; seng 156 Persoune verdeele sech deels an dem Reimerwee, Am Groussfeld, Beim Burren, am Heckewee oder am Hoolewee. A Leit mat besonneschen Iddië bréngen d‘Duerf gelegentlech an d‘Presse. Beispiller sinn dofir Entwecklungshellëf, e Mädrescher-Cross-Team oder eng innovativ Mellechtankstell! Mat hir bidd op Nummer 10 ‘Am Duerf’ ee vu senge 4 Baueren frësch onbehandelt Mellëch un an engem Automat! Fréier bestoung do eng Molkerei a villes ronderëm war ouni Maschinnen eng richteg Plo oder ‘Korwi’.

De Réimerwee Tongeren-Wolz-Tréier erënnert déi eng un de Keeser Konstantin, deen 321 de Sonndeg zum offizielle Roudag ernannt hat – an anerer un Vestige wéi de Viichtener Mosaik oder d’Porta Nigra vun Tréier. Rulljen hunn eeler ‘Sekundenzeiger der Geschichte’ (d‘Schopenhauer Wuert fir Zeitungen) nëmme sielen veréiwegt. Wéi rondrëm an iwwer d‘Grenz eraus konnten d‘vergaange Generatioune do Héichten an Déifte bewältegen an se gesouchen d‘Wolzer Herrschafte sech ofléisen. D‘Ferraris Kaart aus de 1770ger nennt d‘Dierfchen Reihlingen a weist nobäi d‘montagne Papierknopf. Ënner den Habsburger ernimmt 1785 eng riseg Auswanderer-Lëscht an d‘dënnbesidelt Banat de Mores Peter vu Roullingen. (De Familjefuerscher, Nr.77/A. Krämer) D‘Statistik erfuerscht Awunnerzuelen; 1848 louch déi vu Rulljen bei 110 Awunner an d‘no ‘Papeterie’ hat 6 Leit. En anere Sujet war dann d’Extensioun vum Telefon. Dës hat tëscht 1881 an 1884 munnch Obstaklen z’iwwerwannen. (Deier bronzen Dréit, Isolateuren aus Porzeläin an Honnerte vun 8m héich Pinien- oder Mélèze-Poteauen.) Fir d‘enorm Konstruktiounskäschten ze reduzéire goufen d‘Ligne Wolz-Esch-Sauer a Wolz-Boulaide deels iwwer eng Reih Poteaue geluet via ‘Roullingen à Schanksmillen’. (Léon Bodé)

Nieft d‘rustikal ondatéiert Kapell op der Haaptstrooss gouf e Bushäische plaçéiert, virdrun holze Blummekiwwelen, an un de Schifer-verkleete Giewel koum eng Lanter. D‘ronn Fënster iwwer d‘Entrée dekoréiert de lëtzebuerger Wopen, déi siwen aner just eng Bordure. Den Intérieur huet ee renge goteschen Altor an als éischte Patréiner de Matheis. Als zweet Patréinesch huet se d‘Plunni, déi géingt Zännwéih schützt an déi e Kalenner-Sproch veréiwegt ("Kommt die Jungfrau Apollonia, sind bald die Lerchen wieder da".) De vum Lécker Bistum gedréckte ‘Journal historique‘ vum Mäerz 1841 weist Rulljen mat allen ‘à perpétuité’ vun der Diözés Namur getrennten Uertschaften; wéins der neier Grenz koume s‘ënner Regime a spirituell Juridictioun vum Apostoulesche Vicaire vum Grand-Duché. - Vum fréire Wolzer Deputéierte Jean-Charles Mathieu sengem Schwéierpapp vu Rulljen, dem Jean-Nicolas Jaans, krut d‘Kierchefabrik 1856 en Don vun 300 Frang. (Legilux.) 1867 gouf Rulljen Filial vu Wolz. Eng manner al Notiz dréit ëm Krichsandréck vum Albert Paquay. ‘Les combats sur les hauteurs de Roullingen et Nothum faisaient rage, les gains de terrain d’un jour étaient anéantis le lendemain.’ Hie war bei senge Béischten doheem a sollt de 17. Januar 1945 d’éischt d’Nuet ouni ‘d’compagnie des Prussiens’ am Haus verbréngen; zwee Deeg drop ass dann d’‘activité accrue’ vun der amerikanescher Aviatioun opgefall.

Zu Rulljen begeine sech d‘Weeër vu Bitscht, vum Schumannseck, Nacher an Noutem. Vun do goung den Tony Maillet 1959 an d’Obervolta, (haut Burkina Faso) wou eng Hongersnout no där anerer koum. D‘Entwécklungsaarbecht zu Imasgo housch fir hien jong Baueren ausbilden an d’Schaffe mam Iesel aféieren. D’grot Schaffpäerd vum klenge Mann sollt net just Laaschten droe mä och liicht Pléi oder Käerercher zéien; en Duerfschmatt gouf geléiert Kielere man, an de ‘Rulljer Modell’ besteet do nach ëmmer. - Dank der finanzieller Stäip vun Leader Plus Réiden-Wolz kann de Radio LNW (Lycée Nord Wiltz) säit Fréijoer 2003 d‘Emissiounen aus sengem Wolzer Studio op dee méi héich geleeëne Sendemast op Rulljen funken a vun do weider diffuséieren. Wann s’et net scho war kéinnt d’Asinothérapie do en Thema sinn... Hiert Ziel ass soziaalt an emotionaalt Wuelbefannen. (Déiere vum Rulljer ‘Eselhaff’ kënnen nämlech gestresste Mënschen zur Erdung an Ausgeglachenheet verhëllefen. (Iesele waren am alen Aegypten beléift an haten nieft engem Pharaonegraf vun Abydos souguer eng eege Grafkummer.) (Welt.de) Et gëtt am Duerf awer och e Reitstall - ee besonnesch sportlecht Päerd war do 2001 d’Reine de Roullingen.

P.S. Ganz sportlech war am Summer 2015 d‘Entreprise vu Rulljen zufouss mam Iesel un d‘belsch Plage ze goen! Den Nono an seng Meeschtesch haten di ronn 450 km op de Haan an 20 Dagesétappe gemeeschtert. D‘Goen gesouch d‘Duechter vum Tony Maillet dobäi als en ‘neutralen Zoustand’ an eng Zort Entschleinigung bei där een alles ganz bewosst mat alle Sënne realiséiert. (wort.lu) - E Brauchtem, deen den Dicks mat Liewensfreed an enker Zesummegehéiregkeet verbonnen huet, ass d’Burrigbrennnen. D‘Jeunesse Rulljen ass fir deen Event um Aale Bitschter Wee zoustänneg. All dës ënnerschiddlech Notizen ëm en typescht klengt éisleker Duerf weise mënschlech Responsabilitéiten. An zu deenen hat den Antoine de Saint-Exupéry emol gemengt ‘en posant sa pierre, on sent que l‘on contribue à bâtir le monde.’