Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Scheierbierg

De Scheierbierg zielt zu dräi Gemengen: den Aussiichtspunkt mat Helikopter-Plattform an dräi Haiser sinn op Réimecher Buedem, fennëf anerer lauschteren op d’Schengener Gemengepappen a seng fréier Gare ënnersteet mat véier Haiser der Gemeng Bous. (D’Ierpeldenger rue du Scheuerberg féiert wuel op d’Héicht, mä gehéiert zum Duerf am Dall.) D’Muselchronik weist hinn op ‘d’Mär vom Alabastersucher im Schoß des Scheuerberges’ vum gebiertegen Ierpeldenger Paul Noesen. Ob ëm de ‘Wëllfragrond’ och eng Legend dréit? Duerch hie koum vun der Ellenger Gare hir jorelaang de ‘Jangeli’. Um Lieu dit ‘Scheierbierg’ war seng zweetläscht Statioun. Haut besteet do eng Velospiste. D’Zuchstreck Lëtzebuerg-Réimech war eng 27,15 km laang Schmuelspuerbunn mam Avantage manner Terrain ze brauchen. Duerch e méi e klenge Profil hunn dës och manner héich Tunnelen erfuerdert a waren ëm en Drëttel méi bëlleg. Nodeems d’Postkutschen net méi am Asaz ware gouf mam Jangeli och Post transportéiert.

Um Haus vun der fréierer Gare vum Scheierbierg erënnert e Kapp un d’zerbrachen 1792 nobäi fonnte Réimerstatu. D’Chronik iwwer d’Joeren 751 an 768 no Chr. ernimmen d’Schenkungsakte vum „Hof Remich“ vun dem Kinneck Pippin un d’Abtei Sankt Maximin. Deen ‘Hof’ oder d’Curia bestoung dunn aus den Uerten tëscht Schengen a Stadbriedemes, Greiwelding, Rolling an Deeler vu Waldbredimus, Welfring, Elling, a Bous plus 16 Dierfer déisäit der Musel… (ë.a. Borg, Thorn, deels Nennig, Zell a Manderen. (R. Buet 4/2008) Am Joer 1000 war Réimech bedeitend genug fir en Dekanats-Sëtz ze ginn. ’t krut den Titel Stad 1312. An der noer Ëmgéigend vum Scheierbierg a Réimech gouf ëm 1500 Fluess ugebaut, deem leschte senger Exportartikele ware Kallek, Eisen, Dännebrieder, Glaswueren a Kabeskäpp. Säi 1537 vum Keeser Karel V. genehmegte Maart war Donneschtes laang en Unzéiungspunkt fir d’ganzt Gebitt. A sengem Testament hat de Réimecher Här Johann-Friedrich von Elter d’prachtvoll Uerdenskette mam goldene Vlies der Consolatrix vermat. (Hie krut se 1706 als neie Ritter vum spuenesche Kinneck Philipp V.) Dëst alles verréit de Réimecher Buet 5/2009. Un haard Momenter erënnert um noe Gaalgeberreg zur Bech-Maacher Säit hinn en 1769 datéiert Kräiz. D’handgezeechent topographesch Ferraris Kaart weist nieft dem ‘Scheiberg’ (an den 1770ger) engersäits Bongerten, aanrersäits Wangerten an nobäi de Welleschter Hermitage.

D’baufälleg Porkierch vum verschwonnenen Nainkiirchen bei Ierpeldeng sollt 1789 ofgerass ginn, si war d’laangjäereg ‘église pour 9 villages avoisinants.’ D’Leit haten duerno nach e Choix vu stabile Kierche ronderëm. De J. Engling hat 1861 eelst chrëschtlech Begriefnes-Schrëften zitéiert bei Schwéidsbeng, Éimereng, Altwies, Bërmereng, Réimech a Besch, (Preuszen). (Deutsche Nationalbibliothek: d-nb.info.) ‘Vom Emeringer Hof und seiner Kapelle’ houschen Zeile vun 1933 (‘Ons Heemecht’, P. Noesen.) Bekanntlech war deen Haff de Stammsëtz vun der Réimecher Notairsfamill Crocius, an offiziellen Akten aus den 1890ger no haten dës an d’Ierpeldenger Leit sech d’Hangäcker a Wisen ëm de Scheierbierg gedeelt. 1880, also kuerz virdrun housch hei d’Nouvelle, de Staat hätt der Schwäizer Maschinefabrik Winterthur de Bau a Betrib vun der ewell erwähnter Schmuelspuerbunn Lëtz-Réimech iwwerginn - a weider ‘le tracé se dirigera sur le plateau du «Scheuerberg» et aboutira à la ville de Remich du côté Ouest.’ 1882 goung d’Bunn a Betrib. (J. P. Koltz) Duerno blouf e gemittlecht Gaaschthaus net aus. Bei der Deelmoderniséirung gesouch de Scheierbierg 1936 nei Dieseltriebween passéieren. (Am Krich goufen um ‘Jangeli’ alt emol Entgleisunge provozéiert.) D’fréier Schmuelspuerromantik krut en Enn wéi 1955 vum Summerfahrplang un Busse gefuer sinn.

Di meescht Leit verbanne mam Scheierbierg d’fantastesch Vue op den Dall. Dem Bech-Maacher Moler Nico Klopp (1894-1930) säi Saz «Vor mir lag das Moseltal in grünem Gewande mit seinen silbernen Wassern, als wollte es sagen: Da bin ich. Male mich und zeige deinen Mitmenschen, wie schön ich bin!» impressionnéiert nach haut. (Buch Mosella, J. Groben) D’‘Jangeli’ Zeil ‘De Scheierbierg erof do geet ët méi schnell. Do héiert een d'Gebimmel nëmme vun der Schell’ mecht op d’Pente opmierksam. D’Beschreiwung vum Cyclistewee ‘Velo Romanum - Auf dem Stahlross durch die Antike’ informéiert, dass zwee Drëttel vun der 35km laanger Streck flaach sinn an een Drëttel hiwweleg (mat 200 Héichtemeter Differenz tëscht Bech-Maacher an dem Kaaschtel zu Altwies.) De Reckwee féiert laanscht de Réimertheater vun Duelem.

D’Piste cyclable PC7 geet vu Réimech duerch d’Wangerten an Directioun Panoramabléck ‘Scheierbierg’ an Ellenger Gare (deels iwwer d’al Zuchstreck.) Hire Wee veréiwegt e klenge Film. (PC7Jangeli Galerie multimedias). Ir eist Land 1815 e Grand-Duché gouf a fir d’zweet Terrain verléiere sollt (deemols u Preußen) hat et knapps 50.000 Mënsche méi.

P.S. Duerch d’neigeschafe Postverwaltung krut Réimech 1842 ee Verdeelungsamt an dräi Bréifdréier (vu 35 landeswäit) wat verréit, dass hei vill korrespondéiert gouf. (R. Buet 2014) D’Héichbuerg vum Wäin, wéi Prospekter Réimech nennen, huet nieft Velos-Pisten och Trëppeltier opweises. Am Summer 2014 war d’Inauguratioun vum Sentier santé-nature Scheierbierg. Fir den Tour de Luxembourg 2006 war de Vicinalwee Scheierbierg-Éimerengerhaff tëscht 15 an 18 Auer gespaart fir Vehikelen an Déieren. D‘vum Numm hir kaum bekannte ‘Scheierdellen’ bezeechnen en onopfällegen Flouer nobäi. Den alen Ausdrock vu Bous/Réimech ‘wëlle Watz’ fir Hummel weist op humoristesch Observateuren hinn. Vum Contournement Réimech ass relativ wéineg gewosst. (www.route2020.lu) (E soll ë. a. ‘de monticule de Scheierbierg par une tranchée couverte traverséieren’.) Vläicht inspiréiert säi Projet en ironesche Bäinumm oder eng Geschicht ëm d’legendärt gëllend Kallef vum Ellenger Bann, dat eng So vum Dicks ernimmt.