Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Tandel

D‘Gemeng Tandel krut hiren Numm nom Fusionnéire vun den Nopeschgemenge Furen a Baastenduerf, wéi keng vu béide sech fir d’Roll vum neien Haaptuert begeeschert hat. De Kanton Veianen besteet säithier aus dräi Gemengen, aus Pëtschd, Tandel an aus där no him benannten. De Victor Hugo hat am August 1862 d’Regioun an engem Bréif gelueft mam Saz «Tout ce que nous voyons est superbe, les Ardennes sont un enchantement», e Saz, deen ëmmer nach stëmmt. D’Awunner an d’Touristen appréciéieren haut hei ‘fantastic hiking and biking routes and richly wooded surroundings.’ Allerdéngs gouf et no 1724 aussergewéinlech Holzschléi an de Bëscher an eng Weil drop si bei gréisserem Bedarf d’Präisser geklommen. 1748 koum dann d‘Bedingung zu Baastenduerf an Tandel ‘jidder gefällte Bam misst duerch dräi neier ersat ginn!‘ (Helbach, Geschichte des Luxemburger Waldes.)

Zu Tandel huet d‘Lokalgeschicht wéineg opfälleg Evenementer opweises. Mä d‘Gemengen Zeitung „Den Tandeler Duerchbléck“ dokumentéiert intressant Aktualitéiten. Den neie Wope garnéieren e sëlwer ‘écusson’ mat roudem gezackten Tuerm an dräi selwreg Merletten op roudem Fong. Säin Design huet dee vu Baastenduerf inspiréiert, mä d‘Lilien ersetzen d‘gestümmelt Meisen vum Furener Wopen. (Deen Hengeschter huet där Meisen iwwregens zwou.) Der Iwwerliwwerung no duerfte just „teilnehmende Ritter der Kreuzzüge dieses Wappentier als Auszeichnung im Wappen tragen.“ E gewëssen altertëmleche Wäert huet haut de Bauerenhaff aus der Veianerstrooss, d‘Nr. 3, als Monument Classé. - Een jonken Dikrecher, den Antoine-Théodore Tandel, daucht 1806 op am 108. franséischen Infanterie Regiment. Hien huet munch Campagnen a Käempf materlieft a gesouch Moskau brennen; seng spéider Professioun: ‘Teinturier’ an sengem Heemechtsuert. De Bréisseler Émile Tandel war den Auteur vum Wierk "Les communes luxembourgeoises", d.h. vun enger “mine de renseignements sur notre province pour des générations d'historiens.” Dëst louch 1894 an 10 Volume vir. – Net friddlech sinn di nächst Zeilen. Fofzeg Joer spéider, de 16. Dez. 1944 hat en Artillerie-Iwwerfall Dikrech brutal erwächt. Den E.T. Melchers erzielt, dass Bauerefamilljen ë.a. vu Furen an Tandel “auf Leiterwagen mit einigen Habseligkeiten, angsterfüllt ins Innere des Landes flüchteten.“ Ugangs Mäerz hat dann mam Fall vun Tréier dëssäit der Grenz d’Stonn vun der Befreiung geschloen.

D’Duerf huet keng speziell konschthistoresch Bausubstanz wéi Branebuerg oder de Longsdrefer Marxbierg mat der Kapell St. Marc - mä seng Kierch mam diskreten Daachreider temoignéiert eng gewëssen Unhänglechkeet u Veianen. Eng vun hire Ronnboufënstren am Chouer presentéiert d’Yolanda (an eng zweet den Albertus Magnus, e ‘Magister der Theologie’ v. d. Sorbonne a Schutzpatroun vun Naturwëssenschaftler. (D’ondatéiert modern Fënster hanner dem Altor (vum Emeringer) ass e Lien zur moderner Zäit. Hir Madonna, eng Franziskaner-Immaculata vu 1767 kuckt vum majestéiteschen Haaptaltor erof a staamt méiglecherweis aus enger Veianer Wierkstat. Si ass eng vu multiplen ‘images de la vierge magnifiée par l’art.’ (G.Schmitt) Patréinesch ass d’hl. Anne. Tandel zielt als Filialkierch vu Baastenduerf zum Porverband Veianen. Et huet eng Zentralschoul mat de Primärklassen, eng Crèche an eng Maison relais - där hire Bëschprojet vun 2010 d’Kanner déck begeeschtert hat. (Et housch beim Uleeë vum neie Buerbes-Pad an enger grousser Kugelbunn nämlech eng Stonn schaffen an eng Stonn spillen.) D’Thema Wëssen ëm d’Natur gëtt hei groussgeschriwwen.

D’Tandelerbaach leeft paralell zur Our an zur Nordstrooss. Hir Quell kënnt vum Groesteen, hëllt ënnerwee d‘Igelsbaach op an huet duerno hiren definitiven Numm. Se verstäerkt südlech vu Baastenduerf d’Blees; an zesummen invitéieren béid d’Summergäscht vum Camping Bleesbréck d’Rou ze genéissen (... mä Dikrech mat senger „chromglitzernden, buntlackierten Prozession des Kraftverkehrs“ (Carlo Hemmer, 1974) ass net wäit!) D’Schmuelspuerbunn „Benny” hat tëscht 1889 an 1948 d’Leit “ vum Sauerstiedchen iwwer Tandel, Furen a Bëttel op Veiane gefouert. (Autobussen hunn s’ersat.) - D’Remarque "Kleine Dörfer (und Gemeinden) werden nicht lebensfähig sein, wenn wir sie nicht an die Straßen des 21. Jahrhunderts anschließen" (F. R. Habbel) kontert en Hiwäis op de lokalen Asaz fir Waasserqualitéit a Solarenergie. (D‘Photovoltaikanlage produzéiere beispillsweis zu Bëttel 114,9 - zu Branebuerg 119,6 kWp- an déi vun Furen an Tandel bréngen et op eng Spëtzeleeschtung vu ronn 127 Kilowatt peak .(Quell Enovos & eegen Daten) D’Duerf fleegt nieft neien Energien allerdéngs och al Traditioune - wat net bedeit „Asche aufbewahren, sondern Glut am Glühen halten.“ (J. Jaurès) D‘lokaalt Buergbrennen organiséiert regelméisseg d’Amicale Tandel.

P.S. Dem Gerhard De Kremer alias Mercator seng Kaart vun 1585 weist den Uertsnimm hir eeler Schreifweisen, beispillsweis Tannel, Pettel an Dietkirch. (Ob den Numm e Rapport huet mat ‚Tanneur‘ oder ‚Tanne‘ ass onkloer; gewosst ass awer, dass d’Duerf mat den haut ëm 112 Awunner un der d'N17 virun der Fusioun eng eege Kadastersektioun hat ( an sech am Dall vun der Tandelerbaach op enger Längt vu ronn engem Kilometer verdeelt…) An Massachussetts-Regestren daucht dee lëtzebuerger Familljennumm heefeg op an souguer am Lexikon vum Harry Potter-Universum! Do dréit eng Zaubererfamill den Numm Tandel. De lokale Garden-Center a ‘Créateur de paysages’ wënscht sech gelegentlech beim Verschéinere vun onscheinbare Gaardestécker och magesch Kräften.