Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Iischpelt

Tarchamps, «Iischpelt» oder Eeschpelt gehéiert zur Stauséigemeng a säit 1999 zum Naturpark Öewersauer. Dëse ‘Puzzle’ aus siwe Gemengen huet nei Perspektive fir d’Géigend entweckelt. Touriste luewe beispillsweis den Iischpelter Camping Um Bierg als «gezellige en rustige plaats» mat onvergiesslechem Panorama. “Ischen” sinn am Elsass iwwregens Eschebeem. D'eeler Awunner an de Club des Jeunes Tarchamps-Walter schwätzen traditionell vun der "Eeschpelter Kirmes“. D’Duerf gouf fréier och Hieschpelt genannt an ‘t huet sech esou vu sengem Homonym Ischpelt (Urspelt) bei Klierf ënnerscheed. Vun der lokaler Fauna a Flora hirer Diversitéit liese mer, si wär bestëmmt vun engem Wiesselspill aus extrem drechene sonnege Felder a fiichte Biotopen am Schied. Eng flott lokal Riedensaart verréit den Dictionnär vum Engelmann: "Sinn d'Ribbe gutt geroden, dann heescht Hieschpelt "Tarchamps". An hir Variante mengt "Sinn d'Grompere gutt geroden, ass ee vun Tarschang, a si se näischt, ass ee vun Iischpelt!"

Déi kleng Éisleker Lokalitéit Iischpelt - Tarchamps op der Landkaart – läit am Kanton an Dekanat Wolz. Se hat 2005 genee 284 Leit… (an 2012 dann 300 vun den 1665 Awunner aus der Gemeng.) Si huet apaart Stroosseschëlter mat ënner aanren der Rue de la Bruyère, kuerz "Op der Heed" genannt, der Rue ‘Virstad’ an der Rue Fatima a Richtung Hareler Fatima Kapell. D’Parochia Tarchaimpss war eng vun 20 Poren, déi, (engem Pergamentschreiwes aus dem 16. Jh. no,) u Pflicht-Wallfahrten op Nidderwampech deelgeholl hat. Si huet do dem Pastor als Affergab keng ‘Bayersgrosche’ ginn mä e ‘Kaëss’. D’Por gouf och 1760 dokumentéiert, mä prezises vun hirer fréierer Kierch ass net gewosst. Wichteg Zeile vum 18.12.1840 vum Kardinol Antonucci hale fest, dass den Dekanat Messancy no der Grëndung vum lëtzebuerger Staat seng ëstlech Regioun verléiert vu Clemency, Garnech, iwwer Péiteng, Rodange, bis Harel an Tarchamps. (Dee Fait confirméiert lakonesch d’Internet-Phrase «Tarchamps fut cédé au roi de Hollande en 1839 au Grand-Duché de Luxembourg».) D’nei belsch Grenz huet den Tracé vum Dikrecher Arrondissement suivéiert tëscht Harlange an Tarchamps engersäits an Liverchamps a Lutremange aanrersäits. De Wëllef war d’Grenz egal, si hunn deemols hei d’Bëscher onsécher gemat a Geschichten inspiréiert. Tëscht 1850 an 1883 goufen där 240 am Land erluecht. Iwwer Wëllef schreift de Professer Hess iwwregens si hätte sech zréckgezunn, wéi Wëllschwäin opkoumen, se hätten deenen hire Geroch net verdroen! (Am 19. Jh. sollte wäit Regiounen an Däitschland, Éisterräich, der Schwäiz an Italien ‘wëllschwäinfräi’ sinn.)

1860 hat hei de Paschtouer Wahl sech agesat, dass d’Louhecken am Kadaster méi héich agestuft goufen an d’ “Loukëpperten” méi verdéngt hunn. 1872 gouf en Don vu 510 Fr un d’Kierchefabréck acceptéiert. D'aktuell Iischpelter Kierch entstoung 1903 zur Zäit vum Abbé Welter an der Duerfstrooss. D'Pläng koume vum Architekt Knepper vun Dikrech, den Devis war 33.000 Fr., den definitive Präis 40.000! Hir Virgängerin stoung op enger anerer Plaz a sollt 1904 mat beschéflecher Permissioun ofgerappt ginn. An der Rundstettoffensive war si an d'ganz Uertschaft schwéier beschiedegt ginn. Erhale blouf awer den alen Altor. – Bei Tarchamps war Enn 1944 en englesche Fliger erofgefall. Et sollt den 10. Januar 1945 besat ginn, deeselwechten Dag wéi Harel, Walter an d'Kräizung vun Donkels. Dräi Regimenter vum Generol Patton vun der 26. Divisioun hunn hei an de Bëscher südlech vu Wolz operéiert bei 20 cm Schnéi a 6 Grad minus. Déi deeglaang Kämpf an déi fir d‘Betraffe schicksalsschwéier Stonne si just en Detaill aus 500 Säite Krichsberiicht: De Colonel Melchers ernimmt dem Dall vun der Harelerbaach seng Dierfer mat der zweesproocheger, fir Friemer schwiereger Benennung: Soller (Sonlez) Iischpelt (Tarchamps) Walter (Watrange) Harlingen (Harlange) a Syr (Surré) e puermol. Un aner Kricher erënnert eng 1857 vum Napoleon III. kreéiert “Médaille de Ste-Hélène”; dës krute mam Michel Meyers vun ‘Tarschang’ (*1791, mat der Matricule 1899) iwwer 400.000 Zaldoten als spéide Merci fir hiren Asaz ënner Napoléon I.)

Nom zweete Weltkrich goufe vill Duerfhäiser an d Kierch op de Grondmaueren nees opgebaut. Di véier Fenstren am Chouer an d‘Rosette um Duxall vum G. Picard sinn vun ëm 1950. Di aacht säitlech vum Robert Emeringer vun 1998 stellen d’aacht Séilegkeeten aus der Biergpriedegt duer… an deenen “déi Sanftmüteg Land ierwen“. Kierchepatréiner vun Iischpelt ass den hl. Clemens, de véierte Poopst a Péitrus-Schüler; säi Bréif un d'Korinther ass bekannt. Glaskënschtler brauchen dat richtegt Ëmfeld, a vill Luucht. Am Éislek wou den Himmel méi op a méi grouss ze si schéngt an den Horizont méi wäit ewech, gëtt dat speziellt Liicht de Faarwen eng ganz aner Bedeitung! (Gilles Wunsch)

P.S. D’Stauséigemeng verleeft 10,7 km laanscht d’belsch Grenz. Déi no Grenzmaarken hu méi a manner schlëmm Altersblessuren a gläichen sech net méi Zur Soller–Säit läit e Flouer „Thier de Tarchamps“ an aanrer heeschen An der Greschen, Rouer, Bierg (op 503 m) an Huuscht. Hire Flouernumm ‘Heckalenfeld’ léisst op Heckenéilen oder Réngelnattere schléissen. Am Februar 2007 goufen d’Concessiounen um neie ‘cimetière de Tarchamps’ approuvéiert’; anengems koum d’Informatioun, den ale Gottesaacker wär nom 1.4.2007 zou. De préfixe Tar kéinnt op tarir, d.h. dréchnen, hiweisen oder op “tart” oder tertre, also op Erdhiwwel. (Dat persescht Musekinstrument Tar däerft heirëmmer net bekannt sinn.) Hei an der Regioun ginn Aarbecht, Fräizäit an Ecologie sou gutt wéi méiglech verknëspelt (...sou soten d’Leit déisäit der Grenz am Areler Ëmfeld fréier fir Ënnerschiddleches mateneen ze verknëppen.)