Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Waalsdref

Se huet 59 Awunner a 25 Haiser, d’kleng Uertschaft Waalsdref. Se zielt zur Gemeng Tandel, läit ënner dem 509m héijen Niklosbierg, deem säi kënschteche Séi säit Abrëll 1964 bewonnert gëtt; e faasst ëmmerhi 5 Millioune Kubikmeter Waasser, spiggelt d’Wolleken a produzéiert Stroum! Ënnen un der Waalsdreferhéicht entspréngt d‘Tandelerbaach. D’Duerf huet aus der Loft gekuckt vill eenzel Beem a Bëscher; vu beipillsweis 600ha Juegd ass d’Hallschent Bësch, (d.h. Eech (Louh) an ‘Tännen’.) - Duerch d’2006 fusionnéiert Gemenge Furen a Bastenduerf aus de Kantone Veianen an Dikrech krut eise klengste Kanton Zouwuess a reecht bis bal bis un d’Sauer. Där neier Gemeng hire Siège blouf am administrative Gebai vu Baastenduerf. D’Kanner aus 8 Dierfer, der Seltz a vum Houschterhaff besichen elo d’Tandeler Zentralschoul. (Se hunn do 4 zousätzlech nei Säll, en Acceuil an eng Kantine.) Zur Gemeng zielt d’Buergruin Branebuerg, e ‘vrai nid d’aigles’ dat berühmt Hären hat mat Wéi zu Veianen. (Lambert Herr)

Dokumentatioun vum Vic Fischbach erënnert drun, dass d’Ardenner Landwirtschaft wéins hirem stengege Schiferbuedem ni mat Räichtum geseent war. Ob d‘Waalsdrefer den Opschwonk vun de 7 Veiner Handwierkszünfte matkruten? D‘Nopesch-Stiedchen hat am 15. Jh. nämlech 3000 Awunner an eng gewëssen Attraktivitéit! (Op Waalsdref an och an d‘relativ bescheidenen Nopesch-Dierfer koume Leit vun déisäit der Our; am Laf vun der Zäit war de Schouster alt emol niewebäi Schwéngshiirt. - 1736 hate schwéier Wiederen d‘ganz Géigend ‘heemgesicht.‘ Walsdorf sollt zur Meierei Karlshausen zielen, den Theresianesche Kadaster ernimmt do e Kleis an e Leus. D‘Grofschaft Vianden hat mat Waalsdref 136 Uertschaften; (se war am 15. Jh. duerch Mariage un d‘Haus Nassau komm.) 1794, no hirer Ophiewung, goung hire leschte Grof Wilhelm V. an engleschen Exil. D‘Zäiten hu geännert; 1811 goufen d‘Nopesch-Dierfer Zeien, wéi am Veianer Napoléonsgäertchen e Käschtebam geplanzt gouf fir de franséischen Throunfolger. Ob 1815 d‘Our un d‘Waalse koum, wéi s‘e Grenzfloss an d‘Land e Grand-Duché gouf? Waalsdref fënnt ee fréier dacks mat 2 ff - och nach 1848, wéi do 99 Awunner gezielt goufen. Fir d‘Schouljoer 1911-‘12 krut seng lokal Fortbildungsschoul e Subsid vun 100 Frang, mä wéini dës entstoung ass net gewosst.

Waalsdref war virun 1803 an der Por Furen. Seng ländlech Kapell mam schlanken Daachreider am Burewee zielt haut zur Por Parc Our Saint-Nicolas. S’entstoung uganks dem 19. Jh., hir Virgängerin stoung op enger anerer Plaz. Hire Patréiner ass den Evangelist mam Adler, de Johannes, (deen Erlieftes nidderschreiwe sollt.) Op sengem Fest gouf fréier Wäin geseent. D‘Kapell krut nom Krich en neien holze Plafong (gestëft a fabrizéiert vun Duerfleit.) Mä ‘t war do méi beschiedegt wéi d’Molerei um Verwëllef. Däitsch Zaldoten haten hir Päerd dra stoen - eng Ursaach fir amerikanesch Ugrëff! Am Hierscht 2011 hunn intressant Fotoe vu fréier hire Raum gefëllt. D'Awunner hate mam "An Elo" d‘Ausstellung organiséiert fir u lokal a regional Alldagszeenen z‘erënneren, un d’Primiz vun 1952 oder eng al Bauerenhochzäit. Neierdengs koumen d‘Furener Kierch (mat geierftem Waalsdrefer Altordeel) an ë. a. d‘Kapellen Uewereesbech a Waalsdref ënner Denkmalschutz. (Elo erwaard d‘leschtgenannten eng Opfrëschong - och wann ‘t wéineg Gottesdengschter d‘Joer gëtt.) - De Missionar Jacques Steffen, ee gebiertege Waalsdrefer, (*1922) veréiwegt eng Zeen am Dokumentarfilm ‘Ech war am Congo’! (De Reportage ‘Der weisse Blick’ (R. Hilgert, 08.2000) beliicht dës memorabel Epoch. De Pater mam wäisse Baart sollt säi Liewensowend zu Réimech verbrengen an heiandsdo seng begrenzt Hëllefsméiglechkeete bedaueren.

Dem klenge Bauerenduerf seng bemierkenswäert al Véidränk an e Wäschbur erënneren u vergaangen Deeg. Eeler Auszich aus dem Memorial weisen intressant Verfügungen: beispillsweis d‘am August 1918 fixéiert Zuuchtdistrikter fir d‘Gemeng Furen: d’Sektioun Longsdorf an d‘Ziichter vu Bettel krute bétail ‘pie-noir’ viirgeschriwwen an d‘Sektioun Furen a Waalsdref Béischte mat ‘couleur de robe pie-rouge’! E groussherzogleche Beschloss vun 1934 hat Furen a Waalsdref opgeholl an de Syndikat fir ‘Exploitatioun an Entretien’ vun der Ardenner Waasserleitung. - Fiicht kal éisleker Schluchten gesouchen an ängschtleche Kandheets-Erënnerunge vum Roger Manderscheid (*1933) aus wéi ‘Fjorden’. Net just d‘Héichtendifferenze vum Ourdall waren am Krich problematesch fir GIs; si haten d‘Kapell als Päerdsstall vum Okkupant viirfonnt a wéi ewell gesot... attaquéiert. ‘Sturmkompanien’ haten de 16. Dez.1944 hei ufangs Uertsgefechter évitéiert, mä hunn (dem Kolonel Melchers no) amerikanesch Stützpunkten an Branebuerg bedroht. De 17. Dez. sollt d‘15 Fallschirmjäger-Regiment ouni infanteristesch Ausbildung Waalsdref an Nuechtmanescht ugräifen, mä US Infanteriestellungen ëmgoen. Deene leschte waren een Dag drop (op lëtzebuerger Rot) d‘Schinnen hanner Woltz Weeweiser op Baaschtnech. Enger Erzielung no gouf deemols eng blesséiert Waalsdrefer Persoun mat Ochsekar bei de Maarnecher Dokter bruet.

P.S. De Familljennumm Walsdorf fënnt een zu Lëtzebuerg an am Rheinland. ("Den âle Walsdorf" vun Ettelbreck war legendär.) Dem noe Camping Parc Walsdorf seng 128 Stellplaze stinn jäerlech 5 Méint zur Verfuegung. Dem ‘Nordic Walking Park Ourdall’ säin Depart ass och do: De 5,8km laangen Trajet huet 128m Denivellement - säin héchste Punkt erreecht e mat 408m zu Waalsdref. Seng touristesch Attraktioun ass d‘intakt Landschaft ëm d‘Tandelerbaach. D‘Beschreiwung op ‘windumtosten Koppen und in der Geborgenheit der Täler lässt sich ein Stück Natur erfahren, wie man es in seiner Ruhe und Weite nur noch selten findet’! (Angelika Thomé) passt do excellent. Seng Haaptstrooss war laang net erneiert ginn, Kabelen hunn de Stroum duerch d‘Luucht an d‘Haiser geleed, d'‘Trottoire’ waren aus alem Pawee an d‘Klack gouf manuel gelaut... mä dat alles hat och säi Charme.