Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Waarken

Waarken reimt mat 'staarken' Wuesstëmszuelen. Dës goungen immens erop säit 1848 (vun deemols 206 Leit iwwer 411 am Joer 1981 op 1286 op dem 20.6.2015.) Et läit «à 2 pas d'Ettelbruck» a regroupéiert d‘Citéen 'Bourschterbach', 'Breechen', 'bei de Buchen' a 'Warkdall', d‘Welschter- an d'Bierdener Strooss. D’Kanner fannen do bis elo 3 Spillplazen. An d’Jeekele suerge regelméisseg fir Distraktioun fir déi Grouss. Zwëschen Ierpeldeng a Waarken sollen ënner der Haardt an ënnerirdesche Gäng emol Wiichtelcher gehaust hunn, erzielt dem Marc Angel säin 'Nixe, Geeschter, Hexemeeschter'-Buch fräi nom Dicks. Si haten dem Gredt no eng Entrée zu Waarken a "Wöllen" hirer Tâk an eng aner war d‘sougenannte 'Fûszelach' an der Hohlbech vis-à-vis vun Ierpeldeng. E réellen an emotionale Wäert hu Biller; den Tableau "D'Schoofsbréck bei Waarken" vum Landschaftsmoler Michel Weyler hat de Carlo Hemmer der Gemeng Ettelbréck geschenkt.

Duerch Waarken goungen zwou Réimerstroossen, d‘RR3 Tossebierg-Wäiswampech, an d‘RR4 vun Tréier an d’deemoleg 'Belgica'. Iwwer si koume réimesch Händler duerch eis Regiounen. Laut C.M. Ternes hunn d’réimesch Invasoren heefeg eeler Weeër konsolidéiert, déi fir si nëtzlech waren. Am Joer 776, ënner dem Karel de Groußen, ass d‘foret à Waringis ernimmt an esou mat ganz villen Uertschaften am Lorscher Codex erfaasst, (d.h. am eelsten 'Urkundebuch'.) Uewerwaarken hat am fréie Mëttelalter zum Domaine Useldeng gehéiert. An 909 steet vun Niderwaarken ‘t hätt hallef zu Buerschent an hallef zu Miersch gezielt. (De Männernumm Warin (och Werner) begéine mer ë.a. als Warin II. vu Poitou, engem Grof vu Paräis.) Am Réckbleck hunn d‘Leit hei Joerhonnerte laang dat gemat, wat e Victor Hugo Saz spéider sot „je compose mon rien avec un petit morceau de tout“. Wéi Waarken 1501 just 66 Awunner hat, war eisen Duché ënner 6 Diözesen opgedeelt, déi Tréier a Léck ënnerstoungen. (J.M. Kreins) Allgemenges nach zum Zäitbild: An de 1550ger gouf d’Schlass um Bockfiels no enger Polverexplosioun eng Ruin a 1572 entstoung den haitege groussherzogleche Palais. De Mansfeld war deemols Gouverneur an "Luxembourgeois d’Adoption." D’Aarbechte fir d’staatlech Strooss Bréissel-Lëtzebuerg goufe 1772 fäerdeg no 6 Joer "bäuerlicher Zwangsarbeit". 10 Joer drop huet Jousef II. d‘Leibeigenschaft ofgeschaaft. (M. Pauly)

D'Waark huet en Anzugsgebitt vun 70 km² op der Grenz tëscht dem Éislek a Guttland. S‘entsteet aus zwou klenge Baachen am Ellegrëndchen säitlech vu Gréiwels a fléisst zu Ettelbréck an d'Uelzecht. An de 1770ger weist d‘Ferraris Kaart nërdlech vun 'Niderwarcken' eng Loumillen an e puer gréisser Vogteien am Uert. Attraktiv fir d’Waarker Leit gouf den neien Ettelbrécker Moart, deen Maria-Theresia 1780 eemol de Mount ageféiert hat. Dem Pore-Repertoire no hat 'Warcken' virun wéi och no 1803 zu Ettelbréck gezielt. Den 1848 hei gebuerene Martin Klein gouf een iwwer d’Grenz eraus relativ berühmten Dokter. D‘Regierung huet hien 1886 als medezineschen Direkter vum dunn staatleche Munneref Thermalbad ernannt. Hie sollt do nei wëssenschaftlech Methoden aféieren an d'lokal Hoteliere berode fir de Kurgäscht gesonde Kascht unzebidden, inklusiv e Glas Muselwéngchen. An de Munnerefer Park koum 1909, zwee Joer no sengem Doud, e Monument zu sengen Éieren.

D’aktuell Waarker Kapell ersetzt eng éischt vu 1645… Se gouf no de Pläng vum Architekt J.P. Knepp gebaut an am Summer 1904 ageseent. D’Entrée ass an hirem apaarten zu 2/3 an de Banneraum integréierten Tuerm. Se huet d‘Inscriptioun 'cantate angeli domini in loci sancto' a säitlech e Grafsteen an d‘aalt Wee-Kräiz vum Steichenshaff. Um Héichaltor stinn nieft der Statu vun der Tréischterin och d‘Evangelisten. Wéi Ettelbréck 1901 véier nei Klacke krut huet dann d’Waarker Kapell di klengst vun hiren alen geierft. - De Waarkdall ass ideal fir Fousstouren, en zitt Fotografen, Moler a Fëscher un. Dass fréier Kriibsen an der Waark gefaange goufen illustréiert 1966 e Caritas-Timber vum Foni Tissen vun 1,50 Fr. Eng Sammlung, déi weltwäit all Käppercher mam Motiv ‘Flosskriibs‘ presentéiert (Omori & Holthuis 2005) weist d’luusseg Soegestalt Jekel, (de "Fëschwart" oder "Protecteur Jacquot") mat de Féiss am Waasser, deckem Fësch an klengem bloen Edelkriibs. ‘t bestounge fréier hei nieft där schonn ernimmter Loumillen nach aanrer, mä den Haaptbetrib hat d‘Krackemillen. Enger Zeidongsnotiz no hat de Feldhidder 1918 um Bann '3 Frauenspersonen' aus der Minettsgéigend beim Grompereklau iwwerrascht - wat deemols anscheinend heefeg war. Aner Notizen: 1922 krut de Waarker bâtiment scolaire 800 fr. Subsid an zenter 1985 viséiert de centre d’éducation différenciée hei d’global Entwécklung an individuell Autonomie vun senge Schüler.

P.S. De Club 'Waarker Jeekele' nennt sech no der onsiichtbarer Märchefigur, déi an diverse Gestalten Leit erschrecken a Fëscher iergere sollt. Den dynamesche Club invitéiert beispillsweis am Summer op de Jeekelslaf am autofräie Waarkdall. Dozou passend eng kleng Verb-Analyse vu ‘jekelen’ (mat engem e.) ‘t bedeit ë. a. wibbeleg sinn, beim Sëtze mat de Been 'schlenkeren' oder sech dekontraktéiert bewegen. Zu de ronn 531 Menagen aus dem Uert mat ëm 52 % Lëtzebuerger nach e sympathesche Gedanke vum Gilles Wunsch: "wann e “frieme” sech bis agewinnt huet, sech eng regel zu häerz geholl huet a sech och un si hält,“jiddfer engem säint, dann huet der däiwel näischt”, dann ass d’äis zerguttstert gebrach." Am Fréijoer observéieren a beréngen d‘Naturfrënn Ettelbréck-Waarken jonk Waassermärele laanscht d'Waark. Ob do niewebäi een um Jeekel seng Spiichten denkt oder vläicht un d’Zeil vum Haydn sengem Schöpfung’s Oratorium ‘Leise rauschend gleitet fort im stillen Tal der helle Bach’ ass net gewosst....