Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Wämperhaart

Wéi virun 1839 d’Nidderlännescht Kinneckräich un eist Land gegrenzt hat an de Belsche Staat nach net laang bestoung sollt wéineg ëm d’Wämperhaart passéieren. Di puer Awunner goungen op Wäiswampech an d’Kierch, an hir Kanner waren un een onbequeme Schoulwee an d’Nopeschduerf gewinnt. 1927 hat et 5 bewunnten Haiser mat 23 Awunner ouni besonnesch Usprech. Haut leeft do 75 km vun Stad e Kontrastprogramm, deen eng hollännesch Beschreiwung undeit. “Naast de tankstations ligt in Wemperhardt ook nog een bankkantoor, een supermarkt, een drankenhandel en een landbouwmachinehandel.” ‘t huet nieft senge 5 Haiser zwou Residencen an e Centre commercial dee 400 Leit beschäftegt. Am Laf vu 40 Joer gouf no an no ‘alles anescht’. An ‘t sollen nach Plange bestoen! Wat op 504 bis 530 m Héicht blouf: d’Bëscher distinguéiere sech weider dës an déisäit der Grenz: op dem côté grand-ducal wuesse méi Eechen an op der belscher Säit méi Koniferen.

D’Ferraris Kaart weist an de 1770ger e grousse Bësch genannt Wampacher Hard. Dësen duerchkräize schmuel Bëschweeër, nërdlech dorun grenzen d‘Bruyère Koelburg a riets Molschent. Hate Kaartenzeechner do eppes iwwersinn oder stoung deemols nach keen Haus do? De Klëppelkrich huet kuerz drop an der Regioun fir Oprou gesuergt. Wäiswampech war dran involvéiert; d‘Éislek war relativ aarm an isoléiert. Postkutschen hu wuel Reesen erméiglecht, mä an de Bëscher gouf et Banditen… Kalenner-Zeilen erënneren un d’Suite vum Londoner Kongress vun 1839: Wéi d’onofhängeg Belsch entstoung krut Lëtzebuerg aner Grenzen… Dëst war engersäits net gutt, et hat Terrain verluer, mä anerersäits eng Chance. Wéi eis keng gemeinsam Grenz mat den Niederlande blouf sollt Wëllem II. Muecht ofginn un d‘Volleksvertrieder an eist Parlament hat säi Sëtz zu Lëtzebuerg, net méi zu Den Haag. De klenge Grenzuert gouf an engem Groußherzogleche Beschloss am Oktober 1879 iwwer d‘‘Portofreiheit der staatsdienstlichen Postsendungen‘ ernimmt als Wemperhardt Dreibaracken. E Kaartenextrait weist 1904 uewen un Ëlwen de Moulin de Massen oder ‘Moossemillen’. ‘t bestoungen dunn ewell privat Telefonsleitungen, mä däitsch Zaldoten hunn d’Apparater de 16.8.1914 wéins ‘Spionage-Gefor ë. a. zu Beeler, Leetem, Léiler an op der Wämperhaart confisquéiert. (L. Bodé) (an de Wäiswämper Postagent Mercatoris hat direkt dem Postdirekter gemellt, dass däitsche Militär seng telegraphesch an telephonesch Aparater matgeholl hat. Mëtt Juni 1919 gouf décidéiert den Autostraffic virleefeg op der route Troisvierges-Wilwerdange-Wemperhardt-St.Vith vun owes neng bis muergens sechs ze verbidden fir de Schmuggel z‘ënnerbannen.

Wäiswampech an d’Haart haten 1945 un all hiren 142 Haiser Krichsschued. D’Iwwersiicht vun iwwer 25 VI Aschléi zu Lëtzebuerg verzeechent de 5. Okt. 1944 eng Flugbomm op der Wämperhaart; hire Bilan war zwee Doudesaffer an eng gréisser Zuel blesséiert Amerikaner. (E.T. Melchers.) Dem Henry Kissinger senger Krichserënnerungen ëm essentiell Momenter évoquéiert de Site gouvy.eu/histoire/kissinger-en-ardenne. Hien hat 1981 um Rand vun enger Konferenz zu Bréissel dem deemolege Premierminister Eyskens uvertraut ‘Je suis déjà venu en Belgique… C’était avec la 84th Infantry Division, lors de la bataille des Ardennes’. (Seng Divisioun war just e puer km vun der Haardt ewäch.) D’kleng Haisergrupp an der Gemeng Wäiswampech ass keng eegestänneg Uertschaft an hir Awunnerzuel ass net separat agedroen. Lokal gëtt ‘op der Haart’ dofir gesot a fréier alt emol op der Barriär. Offiziell sinn ‘Wämper’ net vun hei mä «d‘Awunner vu Weiswampech, Uewer- oder Nidderwampech.» Eng al Photo weist do e ‘Juegdschlass’. Vum 1975 ofgedroene Café Verscheure existéiert eng Postkaart mat Postkutsch virdrun a vum Café International d’Notiz datt en d‘Stroossesäit gewiesselt hat. Béid ersetzt elo e Bistro am Akaafszenter.

Op der Wämperhaart verbënnt e Rond-point d’N7 mat der N12. Och uewen am Éislek koum de sougenannte Progrès längst un. De Georges Hausemer erënnere Shopingzentren allerdéngs un e Basar. A feelt et fir di eng an esou Konsumparken un näischt, hannerloossen dës bei aneren onerfëllten Dreem. Kritesch Blécker gesinn hei kaum Kuckeswäertes wat méi al ass wéi d‘21. Jh. Mä eisem Grand-Duché seng landschaftlech Vielfalt kritt vill Luef. Wanderungen iwwer den neien (säit Enn Mäerz 2008 als ‘zone protégée d'intérêt national sous forme de réserve naturelle’ klasséierte) "Konzefenn-Pad" begeeschteren. Am Schutzgebitt tëscht Wëlwerdang a Wämperhaart gesäit een Deelberäicher mat Highland-Ranner an extensive Schoofrassen. Haardt bedeit iwwregens ‘complexe boisé’ oder ‘bewaldeter Hang.’ D’kleng Kailsbaach leeft vun hir duerch d’Wäiswämper Seeën an heescht da ‘Wemperbaach.’ Am Wanter gëtt et dorëmmer ënnerschiddlech Zorte Schnéi: ‘La neige des grands, la neige des petits, la neige des routes, la neige des bonshommes. ‘t gëtt awer och ‘neige souillée, salée, et neige des sports d’hiver’ mä keng ‘neige éternelle’. (Anonym, Cliärrwer Kanton)

P.S. Säit alles anescht ass op der Wämperhaart ‘kennen d’Lekt sech net méi am Uert’. De Shopping-Center Massen huet eng Verkaafsfläch vun ëm 40.000m2 an en Hotel dernieft. Eng Tankstell accaparéiert d’Plaz vum fréiere Café. Ëlwen huet iwwregens eng rue Massen. - Ee Kalennerblat vum Batty Weber ernimmt am Juli 1931 als Repère vun eiser geographescher Längt Schengen an d‘Wämperhaart. (Soll tëscht deenen eemol kee Feldhong méi fléien - da wäerten d’Hubertusjénger man wéi d‘‘chasseurs de casquettes‘ vun Tarascon an op hir Mutze schéissen…) - Ee Merian-Heft hat emol d‘grünbewaltete Hügelwelten’ ëm d‘bescheiden éisleker Plaz (mat e puer Häiser, enger Benzinpompel an engem Rondpoint) gelueft a betount, dass si Mountainbiker unzitt. Duerch d‘gutt ausgebauten touristesch Infrastruktur mat Ravel- a Vennbunnstreck kënne ‘Ritter vun de gëllene Pedalen’ (däitsch Ëmschreiwung fir eifreg Cyclisten) di besonnesch ländlech Regioun ‘en passant’ kenneléieren. Dëse ‘passe-temps’ zielt zu deenen ‘déi de Mënschen dat gëtt wat d’Liewen net liewesmidd mécht’. (Fränz Frising)