Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Wickreng

Wickreng un der Mess ass eng vun der Gemeng Reckeng hire sechs Sektiounen, déi aner si Lampech, Éihleng, Pisseng a Riedgen. ‘t huet kee klasseschen Duerfkäer, nach ee Bauerenhaff, e Sportsgeschäft, en handwierkleche Betrib an 2 Caféen - a Verännerunge si programméiert. D’Beschreiwung ‘Stadtnah, ländlich, idyllisch' passt hei relativ gutt, obwuel s’e schwäizer Duerf bei Solothurn mengt. Hei wéi do ‘zwitschern Vögel und riecht es nach frisch gemähtem Rasen...’ D’Duerf zielt aktuell 91 Leit (d.h. am Mäerz 2017), ‘t louch 2001 bei 110 a virun 170 Joer bei grad emol 37 Awunner. - Nieft Wickreng läit säit 1976 der A4 hir drëtt Autobunnssortie, den Echangeur Pontpierre. De Plang mam séchere Schoulwee indiquéiert d’Streck vum ‘transport scolaire’ mam zweestäckege Bus op Reckeng. De "Schoulbuet" regroupéiert d’néideg Eenzelheeten.

D’Quellgebitt vun der Mess zielt eng Rei Dierfer mam urkeltesche Waasserwuert ‘ingen’. D’Siedlung Wickreng reecht wahrscheinlech a virkeltesch Zäiten zréck. S’ass 893 ernimmt bei enger Schenkung vum Keeser Lothar un d’Abtei Prüm. An hirer noer Ëmgéigend sollten emol dräi haut vergiesse Schlässer stoen - zwëschen Éihleng a Biergem - am Scheirendall, Mettendall an Deirendall. (Jean Gillen) Der Iwwerliwwerung no housch deem zweete säin Här Alexander Waldecker von Kempt. Hie war Probst vun Arel a Besetzer vum groussen Deel vun der Herrschaft Uespelt. En hat ë. a. Gidder zu Hunchereng a Wickreng a krut 1530 d‘keeserlech Erlaabnes an der Herrschaft Ehleng d‘Haus ‘Mittenthal‘ nees opzebauen. (E. Flener, monnerecherellchen.wordpress.com/101-2/) D‘Héichgeriichtsbarkeet vu Wickreng goung 1674 un de Steebrécker Seigneur Pierre Beving-Kesseler, 1719 koum d‘Duerf un d‘Grondherrschaft Meysemburg an - ‘à la merci du changement‘ - ënnerstoung dann no knapps 50 Joer der Seigneurie vu Rëmeleng. D‘deemols relativ kleng Uertschaften an hir Por-zougehéiregkeet dokumentéiert d‘Ferraris Kaart. Hire Stroosseplang weist hei 7 laang roud Diech op 5 Berenger a vun do aus eng duebel Allee an nordëstlech Direktioun.

D’intressant vum Dr. J.-Cl. Loutsch éditéiert Wopesammlung presentéiert am Gemengewopen vu Reckeng nieft dem eegene Symbol (diagonal selwer a blo Stäife fir d’Mess) d’Lampecher ‘croix ancrée d’or’ an d’dräi zu Wickreng gehéireg Merletten. (D’Opstellung bréngt awer och e ‘Cachet d’Anne-Marie Wickring’ vu 1682, där hir Famill vu Viville war.) - A kierchlecher Siicht hate Reckingen a Wickringen emol zum Fraeklouschter Mariendall gehéiert. Ob d’Dierfche fréier eng Kapell, eng eege Biedplaz, e Kräiz oder Afferaltor hat ass net kloer, mä säi Choix vun Nopesch-Kierche war relativ grouss. D’ewell ernimmte Ferraris-Kaart stellt et wéi Éihleng, Pisseng, a Reckeng zum Poramt Nr. 29! En allgemengt Zäitbild vun 1807 aus den Dierfer un der Mess resuméiere Stéchwierder: “Schoulbesuch an de Wanterméint ‘bis ins 14. Lebensjahr‘ - Reliounsunterricht ‘bis zur 3. Kommunion‘ – ‘sie (Mädchen und Knaben) lernen Lesen und Schreiben, falls es sie interessiert!‘‘ (Pfarrer Molitor, Biergem) D‘Suite vun 1809 vum Här Corneil Funck ‘Verleeë vum Porsëtz vu Biergem op Steebrecken‘ a ‘Valoriséirung vum Kierchegesank.‘ (Brochure Steebrecken, 1997 (J. Malget). Dës Notiz leed iwwer bei d‘haiteg 'Chorale Ste-Cécile Steebrécken-Biergem-Wickreng‘. Deen dynameschen Ensembel hat ë. a. um ‘Atelier de chant liturgique‘ vum Camille Kerger deelgeholl, engem interaktive Workshop fir Kierche-Sänger a Kantoren bei de Belair‘er Franziskanerinnen. (Canticum novum, CN1,2012)

Ob de grousse lokale Projet ‘shopping center’, deen 2012 ouni Resultat blouf, e Suivi kritt an fortschrëtt-orientéiert Changementer komme weist di no Zukunft. De bekannte Café ‘Beim Hollänner’ huet ewell evoluéiert an ass op fir en Challenge. D’2014 geschafen Adress ‘An Haffen’ belieft al Mauere vun 1848. An engem Café gesouch ee weise Lex Jacoby–Saz en Treffpunkt «um seine Bedenken am Flug der Zeit, an der Welt und ihren unterschiedlichen Menschen zu äussern»... Ëm d’Dräikantongsstrooss dréit iwwregens en Arrêté vun 1852. ‘Le 3e alignement de la partie de route en cours d'exécution de Wickrange vers Ehlange sera prolongé sur une longueur de 27m’. Trotz besserer Mobilitéit liese mer, dass der Postkutsch hiren Trajet Esch-Wickreng am Juli 1894 eng Stonn dauere sollt. (Beim départ zu Wickrange um 6.10, Pontpierre um 6.20, Fœtz um 6.40 an arrivée zu Esch um 7.05 goung et e bësse méi séier.) Erstaunlecherweis hat e schwedesche Staatsmann d’Zäit 1652 mat engem ‘Tourbillon’ verglach... De Projet Waasserleitung gouf am Abrëll 1908 beschloss fir d’Sectiounen Ehlange, Limpach, Reckange, Rœdgen et Wickrange a krut 500 Frang Subsid. Den Uschloss un d’intercommunal Waasserleitung koum am Oktober 1912.

P.S. Dem Duerf tëscht Éihleng a Steebrécken seng al Bëscher ‘Klein Kasehl’ an ‘Grouss Kasehl’ heeschen haut ‘Kaggel’. Intressant Chiffren aus der offizieller Statistik verroden, dass seng Gemeng 1901 beispillsweis 361 Päerd a 954 Ranner hat, 1951 genee183 Päerd an 1268 Randbéischten an 2001 da 17 Päerd a 1507 ‘bovins’. 1985 haten d’kommunal Bëscher eng Fläch vun 347,6 ha, den ‘taux de boisement’ louch bei 17 % an d’Gestrëpp war mat 0 ha uginn, d.h. quasi inexistent. Mä verwëldert Hecken hunn dacks intressant Planzen- an Déieremotiver unzebidden. Op den hei gebuerene Fotospezialist J. C. Berens übe verloosse Plazen eng besonnesch Faszinatioun aus. Hie wëllt net d’Realität festhalen, mä Gefill a Stëmmung déi dovun ausginn. Den Uertsnumm Wickreng léisst un photogen a faarwefreedeg 'Wicken' oder Wéck denken. An d’ ‘Merletten’? Dës symboliséieren an der Heraldik mol ‘blessures recues en voyages’, mol ‘Nachfahren eines Kreuzritters oder Gerichtsfunktionärs’ a ‘Persoune mat ville Ressourcen’...