Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Wandhaff

Den ‘hameau de Windhof‘ läit am südlechen Eck vun der Gemeng Käerch op 335,4m Héicht. Do konnt fréier just an zwee Haiser gesonge ginn „am Uewe potert d‘Feier de Wanter jot ëm d’Haus“ (Clement, Chr.). Haut bléisst de Wand op där Plaz ëm zwee Lotissementer mat 87 Awunner. Ronderëm hu sech an zwee Joerzengte ronn 100 international Firmen an enger ca. 30 Ha grousser Industriezone implantéiert. Am Wand vun der Verännerung entstoungen do keng Wandmille, mä zolitt Maueren an deene ronn 500 Leit beschäftegt an ë.a. zwou Crèchen, e Kiné, e Schaaschtechbotzer an eng Rei Restauranten ze fanne sinn. D‘Stellebezeechnung «Wandhaff» fënnt een och bei Allerbuer an Ettelbréck, mä do gouf et net emol zäitweileg e ‘cabaret de Windhof‘.

De Flouer südlich vum Wandhaff nennt sech "Bei der Alt Stras" an erënnert un e Kiem. Dëse läit deels ënner engem asphaltéierte Feldwee a ka bis op Capellen verfollegt ginn. Nërdlech dovun koum dann spéider d‘ N6. Am 15. a 16. Jh. hat d’al Arelerstrooss ee (vun de raren) Zougäng zur Festung. Déi 1649 vum Jan Blaeu publizéiert Kaart aus dem Album vum Braun weist d’Stad en ¾ Joerhonnert virdrun an dokumentéiert um wäiten Horizont och Solwer an de ‘Wech zu Arle’. Zur Zäit vum Louis XIV gouf d‘verlueten an geriichten fréier Areler Réimerstrooss Uschloss op Bréissel, Léck an via Lonkech op Paräis (Koltz). D‘politesch an zolltechnesch méi gënschteg Suite koum mat där vum Nicolas de Jamez 1766 geplangter 1769 ugefaanger an wéinst Geldmangel dann zeng Joer drop fäerdeger grousser Arelerstross! D’Plaz vum Wandhaff hat 1778 eng Kaart als Koericher Heyde bezeechnet. D’Suite: Ënner aanrem duerch seng Verbindung mat Ostende krut Lëtzebuerg um Enn vum 18. Jh. en ekonomeschen Opschwong. Nodeems de Goethe d’bataille de Valmy (v. 20.09. 1792) aus der Distanz suivéiert hat (a gläich duerno d‘franséisch Monarchie gestierzt an d’Republik proklaméiert goufen) sot en vum Heemwee de Saz: ‘sehr angenehm überrascht fuhren wir von Arlon nach Luxemburg auf der besten Kunststrasse und wurden eingelassen in die so wichtige wohlverwahrte Festung wie in jedes Dorf.‘ (N. Hein)

Um Wandhaff fänkt d‘Dräikantongsstrooss’ un,sou ass de geleefegen Numm vun der heiteger Nationalstrooss N13. (Si verbënnt d‘N6 d ’Arelerstrooss, mat der N2 zu Bous an d‘Kantone Kapellen an Esch mam Kanton Réimech.) En arrêté royal grand-ducal vum 8.2.1847 dréit ëm der Route des Trois-Cantons hirt éischt 3446,60 Meter laangt Stéck Wandhaff-Garnech. Si huet bei der ferme dite Windhof (d.h. tëscht Capellen a Stengefort) d’Strooss Käerch-Wandhaff verlängert, a war mat 8 Meter breet virgesinn. Vun deene goungen op all Säit zwee Meter fir Accotementer oder Fousspied of. (Weideres dozou op www.legilux.public.lu/leg/a/archives/1849/0065/a065.pdf) - Eise klenge Punkt op der Landkaart hat 1848 am ganzen 9 Awunner. E war allerdengs als Maartplaz zwëschen der Stadt an Arel bekannt. Dem Memorial no waren do 1879 de 7. Abrëll, de 25. Juni an den 28. August KV-Mäert, d.h. Kreemches-a Véihmäert. Kuerz drop, am Oktober, konnt den Thomas Edison no onzielegen Experimenter an Amerika seng electric light bulb virstellen; hire ‘Glühfuedem‘ hat dunn iwwer 40 Liicht-Stonnen. D’lëtzebuerger Regierung gesouch am Hierscht 1887 bei der Questioun Telephonsréseau de Besoin d’nei Telefonsleitung Lëtzebuerg-Cap mat Rodange ze vebannen (via Schuller, Dippech, Garnech a Wandhaff.) Enn dës Joers hat Rodange dann 10 an d’Cap 7 Abonnennten. (L. Bodé)

D’N. 6 ass intégral en Deel vun der 1.145 Kilometer laanger "Voie de la Liberté", dem historesche Wee vun Utah Beach an der Normandie bis op Baaschtnech. Déi den 12. Oktober 1947 ageweihte liberty road marquéiert der 3. amerikanescher Arméi hire Wee ënner dem Generol Patton. Speziell 1,20 m grouss Bornen mat de Stäre vum amerikanesche Fändel, der Fräihettsstatu hirer Flam an Wellen fir den Atlantik erënneren zu Lëtzebuerg tëscht Fréiseng, Hesper an Capellen, dem Wandhaff, Käerch a Stengefort un eis Liberatioun! Online Photoen vum Convoi de la Liberté erënneren un den 21/12/2014 @ Windhof, wou ë.a. Jeepen a Militärgefierer en Halt gemat haten.

P.S. No bei dem lëftege Flouer mam Miergelbuedem entspréngt d'gutt 5 km laang Olmerbaach. Se fléisst vum Sëlberknapp erof laanscht d'Kap, Ollem a Kielen an schlussendlech um Flouer Ielen an d'Kielbaach. Iwwer d’A6, d’Autobunn Lëtzebuerg-Arel, fléisst de Verkéier an Direktioun Grenz. Do trefft s’op de réseau autoroutier belge (an heescht als Deel vun den europäeschen Autobunnen E25.) Schlussendlech nach e relativ intressanten Datum: déi zwee Echangeuren um Wandhaff waren 1982 fäerdeg. - An eise Grenzuertschaften vum Capellener a Réidener Kanton housch fréier heefeg an d’Stad goen op Arel goen. Dem J.F. Gangler säin Dictionnär vun 1847 - deen dem Autorenlexikon no Anekdote mat Finesse formuléiert huet - hat d’Lag vun der haut iwwer 29.000 Leit grousser Stad esou beschriwwen “La ville d'Arlon s'élève en amphithéâtre sur un vaste mamelon”. De Saz ‘Jede Strasse führt ans End‘ der Welt‘ ass net vun him, mä vum Schiller. D’nei an d’al Areler Strooss verbannen eis mat ville flotte Plazen.