Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Wanseler

D‘Wanseler Leit trenne just 63 km vun der Stad. Hire sproochleche Background war fréier wéi bei Donkels a Soller d’Wallounescht. D’no Grenz mam belsche Kinneckräich sollt dësen ‘élément linguistique‘ erkläeren. Allerdéngs gouf d‘‘Wanseler Gemeng net vum leschte Partage vum Land betraff. D’Buch ’Grenzwallonesch‘ vum Alain Atten, vun 1980 kuckt zréck a gëtt flott Wuertbeispiller wéi Andje fir Engel, bole fir Jatte, cabûs fir Kabes, oder Dward fir Edouard a galète fir Waffel. (Dës komme vum Site winseler.lu/loisirs/Grenzwallonisch.) (Gouf dëse Language ewell heefeg als "Kauderwelsch" betitelt kruten d’Schoulkanner allerdéngs heefeg fir hir ongewéinlech "Véiersprooche-Kenntnësser" e grousse Luef!) Tëscht 1979 an 2006 koumen nieft deem genannte Buch nach sechs aner intressant Publicationen eraus iwwer d’Gemeng, d’Duerf an d‘Kierch. Kurioserweis geschouch den éischten an eenzege Sproochesträit 1904 an der Kierch, net an der Schoul, wéi de Geeschtlechen d‘franséisch Texter duerch landbekannten däitsch Gebieder ersat hat!

Vermuttlech staamt den Uertsnumm aus der Réimerzäit. ‘t heescht, dass e présuméierte fränkesche Krichsgefaangne «Winizio» no senger Fräiloossung hei usässeg gouf... ‘t ginn nach réimesch Substructuren a Richtung Grëmmelescht. D’éischt Mentioun vun «Winzelar» datéiert vun 1310, anerer erschengen no an no mat diverse Schreifaarten. Den Awunner hire soziale Status war 1469 kengesfalls eenheetlech; hei wéi an ‘Weilere‘ ronderëm ‘waren Freimänner, Bastnacher, Außenbürger und Hörige.“ (A. Atten) Am 15. Jh war Wansler Deel vun der prévôté Baaschtnech. ‘t hat an där Zäitphase 13 Menagen a 1501 dann 12 ‘Onfräier‘. D’Schreifweis vu ‘Wynseller‘, Nimm wéi Nüwen Johann, Claisz Crantz oder Nillisz Peter (vun 1528) klénge spéitmëttelalterlech - grad wéi der Wolzer Seigneurie hir hei ernimmte ‘Poeckeswies’. Am 17. Jh. goung d’Feierplazenzuel erof, mä schlussendlech koumen nei Aarbechtsplazen duerch de Wolzer Hären hir Papeterie. En Zäitspronk.weist ë. a. 1822 d‘Zoudeelung von Doncols a Soller zur Agence Winseler. Changementer am Transportdomaine haten d’nei Strooss Ettelbreck–Baaschtnech bruet (1848 gebaut ‘à l'occasion de la visite du Roi Grand-Duc Guillaume II‘) an d’1881 bis op Wolz fäerdeg Zuchligne Kautebaach–Baaschtnech. Tselwecht Joer fällt dem (1863 hei gebuerene) Joseph Schock seng Pionéieraarbecht op iwwer d’‘philatélie luxembourgeoise’. Dëse Matgrënner vun der Union des Timbrophiles hat ë. a. mam J.Ch. Kohn an den 1890ger Etuden iwwer Timbren an Postkaarte vu Lëtzebuerg erausginn.

Eng fréier Wanseler Kapell gouf 1417 ageseent als Filial vun Nidderwolz. D’‘Chronica Huberti‘ ernimmt 1730 den Doud vum 49 jäerege Wanseler Kapuziner-Pater Angelicus Vinselarius a.d. Krantzen-Hauss, deen ‘zwymal provincial und dreymal zu Rom gewesen an de Luef ‘bene meritus,‘ verdéngt hat. Virun där 1867 geplangter Kapell krut de Schoulbau Viirrang. D’aktuellt Wanseler Gotteshaus steet säit ëm 1890 a gouf ëm 1970 restauréiert. Et krut e marberverkleeten Altor, den Tabernakel an eng Gitterwand an ënner aneren eng Statu vum hl. Lukas, dem 1. Patréiner. (1994) Al Statue goufen deels verschenkt, wäertvoll Originaler koumen an de Musée an ersetze Kopien. Säitlech riets steet d‘helleg Famill an Holz. Aquisitioune vun 2006, der leschter Restauréirung, sinn d‘helze polychroméiert Muttergottes um ale Marienaltor, d‘Holzverwëllef an d’elektronesch Benedikt-Uergel, déi mat klangvereedelte Päiferesonatore gutt kléngt! Am Mee 1901 hat d‘Ardennerzeitung vum Wanseler Wonschdenke beriicht, d’lokal Kaplanei zou enger Por z’erhiewen. D‘Duerf hat deemols 250 Séilen an e beschwéierleche Wee op Nidderwolz, sollt awer eng Filial bleiwen!

Ufangs den 1980ger koum e considerablen touristeschen Opdriff, d’Ëmfonktionnéiere vun der Zuchligne mam 150m laangen Tunnel zur Velospist an den Naturpad krute Succès. 1981 gouf d’sougenannt Obere Wiltztal offiziell ‘paysage à protéger’. De Projet Téifabrik, e Baueregaard an e botanesche Kraidergaard entstoungen an den 1990ger. Dee leschten existéiert net méi, awer d’Entreprise ëm d’Téigenossenschaft soll expandéieren, se kënnt deemnächst an d’Schleef. De Baueregaard lieft weider. Am Summer flüsteren do muerges d’Blummen, an Betruechter ‘wandele stomm.’ (H. Heine.) D’Skizz vum eegene Séi louch laang an Tiräng a gouf skeptesch gekuckt. Deen 1991 relançéierte Projet d‘Wolz op 3km tëscht Donkels a Grëmmelescht ze stauen an seng 65 ha grouss Waasserfläch blouf eng Seefeblooss. An d’Plaz vum „Wanseler Séi“ koum d’erfollegräich Iddi vum Téi! A propos Natur, d’Gemengefläch vun 30,42 km2 besteet aus 53,5 % Bësch. D‘Resultat vun der Véizielung (v. Dez. 1937) waren 139 Päerd, 933 Randbéischten, 1141 Schwäin an 3627 Henger, (an donieft 16 Schof, 36 Geessen, 86 Kanengercher, 10 Gänsen, 6 Iinten a 7 Schnuddelhenger.) Lescht Chiffre waren 31 Beiestäck ‘ohne bewegliche Waben‘ an 82 ‘mit beweglichen Waben‘. Haut huet Wanseler nach e Beiemann mä kee Bauer méi. Nieft engem nostalgeschen N.G.-Aquarell veréiwege bestëmmt och Photoen ee ganz spezielle roude Wanseler Oldtimer-Trakter.

P.S. 1948 hate bei der Vollekszielung Donkels (186), Näertreng (156) a Wanseler (148) di meeschte Leit an der Gemeng. (1848 war ‘Winseelr‘ mat 216 Awunner och hiren drëttgréissten Uert. Um Feierowend hunn d‘Leit vermuttlech deemols, wéi en Dichterwuert mengt, de “Symphonien der Stille“ nogelauschtert -au besoin iwwerluet, ob a wivill "dringuèle", d.h. Drénkgeld, ubruet wär - oder sech iwwer eng Korwi, eng lästeg Aaarbecht beklot.) 1945 hat d‘Ardennerschluecht d’Regioun ganz haard getraff. Wanseler hat 49 méi oder manner zerstéiert Haiser. Bis zur Rekonstruktioun war d‘Lag bei de Sinistréierten, Temoignagen no, schwiereg an ugespaant. E klengen Extrait aus Krichs-Erënnerunge vum Rosi Nennig ginn zréck an de Summer 1944: “D’Vakanzen zu Wanseler ware fantastesch. Do goufen et Kazen, Honn, Hénger, Schippelcher, Klucken, Hunnen, Kéi, Uessen a Schwäin. Et gouf vill ze kucken, ze stréilen an ze fidderen. D’Fräiheet war grouss, just eppes war verbueden: de Pëtz! Et gouf ëmmer gesot: „Bleift ewech vum Pëtz.“ Deemols gouf et nach keng Waasserleitung zu Wanseler.”