Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Alzeng

De passionéierte Frënd vun eiser Nationalgeschicht Pierre Grégoire hat gemengt, dass "Geschichtsschreiwer d'Uertschafte mat den Aen vum Prophéit betruechten, deen hanneru sech kuckt." Alzeng war als Noper vun der Hesper Buerg dacks mat Problemer konfrontéiert; bei Belagerunge goufe seng Felder verwüst mam Hannergedanken, dass dann d'Stadter Leit géingen Honger leiden. D'grouss Strooss an d'Directioun Frankräich entstoung ëm 1750, an eng Postkutsch op Diddenuewen sollt 10 Joer duerno funktionnéieren. No der Annexioun vun eisem Duché u Frankreich, 1795, huet d’Duerf mat Fenteng an der Kockelscheier d"Commune d'Altzingen" am neien “Canton de Hesperange“ forméiert. Deemols huet d'Breet vun der Uelzecht de Responsable Suerge gemat; Geometerpläng vun 1819 proposéieren dofir um Terrain vun der Mairie d'Alzingen eng nei Breet... Zwanzeg Joer drop hunn dann am kale Wanter Äismassen d'Hesper Bréck beschiedegt. Bei klenge Bauproblemer war d’lokal Zillebäckerei zoustänneg; si war 120 Joer laang, bis 1900, fir hir Well- a Flaachzillen fir Diech, d'sougenannte Biberschwänz bekannt an fir Bauzillen aus Lehm. Se hat z.B. 1826 sechs Leit beschäftegt a konnt jäerlech 100.000 Zille baken am Wäert vun 1.050 Gulden.

Wéi 1823 ënner Wëllem I. d'Fusioun vun de Gemengen Alzeng an Hesper koum haten di meescht Haiser nach Stréidiech. Kuerz ir de Siegfried d'Méchelskierch baue sollt ernimmt d‘Chronik vu 983 eng Bannpressessioun vu Conter, Itzeg an Alzeng op Tréier. D'haiteg paisibel "bourgade" hat laang zum St. Paulin-Stëft Tréier gehéiert. 1128 attestéiert de Popst Honorius II. d'Por Alkesingas am Rapport mat Pilgergäng an d’Stad. Ënner dem ale Regime waren Deeler vun Alzeng der Hesper Herrschaft an Deeler dem Mierscher Seigneur ënnerdéngeg. Well d'Populatioun vill ënner de Suite vu Kricher a Belageronge ze leiden hat, hunn d'Lëtzebuerger 1678 d'Tréischterin zur Landespatréinesch erkuer. Alzeng gouf no eiser 1. Deelung (1659) beim Pyrenäesche Fridden 120 Joer laang mat ënner aanren Ruedemacher, Fenteng, Hesper an Itzeg vu Frankräich dominéiert. Beim Reguléiere vun der Grenz am Joer 1779 ënner der Keeserin Maria Theresia krut eist Land Hesper, Alzeng an Itzeg zréck an huet Ruedemaacher an d'Nopeschdierfer verluer. En Akt vu 1694 beschreift seng baufälleg Kierch. Fir hir Reparatur gesouch en Devis duerno 55 wäiss Daler fir de Steemetzer Michel Spengler, 40 fir den Zammermann Jean Mettendall an 54 fir den Daachdecker Nic Fouren vir. Hiren eelsten Deel, den Tuerm huet spéitromanesch Schalllächer a geet ähnlech wéi d'Hesper Schlass an d' l4. Jh. zréck. Seng Helmspëtz ersetzt de rustikale Suedeldaach, wéi Kannerzeechnunge s’alt emol weisen. (Wéi d'massivt Kräiz op der Spëtz 1909 riskéiert hat erofzefalen, gouf de Kierchtuerm reparéiert. A well en liicht zur Strooss hänkt, stäipt haut eng wuelduerchduechten Eisekonstruktioun vum Hesper Schmatt der "tour penchée" hirt d‘Gemaier vu bannen an dréiht hir dräi Klacken.)

1755 gouf d'mëttelalterlecht Alzenger Kiercheschëff rekonstruéiert. Dësen Deel (den häitege Chouer) gëtt duerno a guddem Zoustand beschriwwen mat dräi Altär, alle Paramenter mä ouni Beichtstull. 1795 huet de Curé vun Alzeng am Géigesaz vun der Majoritéit vu senge Confrèren den Eed ‘de fidélité à la République’ geschwuer an den Eegentom vun der Por gouf net konfiskéiert. Der Kierch hiren Aspekt vun haut staamt vun 1885, du war mat Hellef vun engem Kredit vu 5.500 Frang e Schëff drugesat ginn. Zur Verschéinerung hat d'Kierchefabrik am Joer 1900 zwou nei Kierchefënstren ugeschaaft aus dem Munnerefer Atelier Pierre Linster (deem säi Patron tselwecht Joer eng Décoratioun op der Paräisser Weltausstellung krut). 1928 huet e Mosaikbuedem d'al Steeplacken ersat an um Späicher vun der Porhaus-Annexe gouf e wäertvollt Altorbild erëmfond. D'Kréinung vun der Himmelskinnigin hänkt elo hannen an der Kierch. Di Alzenger ‘Oberlinger Uergel’ gëtt op engem Timber gewierdegt.

Bei der fundamentaler Restauratioun kuerz virum Millenium koumen d'Evangelistebiller an de barocken deels kompletéierte prächtege Greeff-Altor zréck op seng Plaz. D’Kierch hat sech no 40 Joer, Kommentären no, no där ‘nüchterner Phase vum Billerstuerm’ an e ‘Festsall vum Glawen’ zréckverwandelt. Am Intérieur falen d‘ Statue vum hl. Sebastien, Niklos an Isidor op, di zwee lescht si Greeff Copien, no Originaler vun Altwis. Hir Faarwepalette repetéiert d'Nuance vun de Fënstren. Fir Skulpteuren, Schräiner a Moler ware Kierche fréier Plazen, wou si hir Talenter weisen a gutt dovu liewe konnten. De nei amenagéierten Entourage ëm d’Kierch hannerléisst eng Impressioun vu moderner Vitalitéit. D’Weekräiz op der Kiercheplaz mat enger Kräizegungsszeen a mam hl. Jouseph am Sockel ass e Wierk vu 1730, aus der Zäit wou d’Bridder Pierre a Nicolas Greeff zesummegeschafft hunn. Et ass am Genre vun der ‘croix-souvenir’, déi dem Här Walin no op e stënterlechen Doud hiweist. (Dëst an soss Detailler verroden d‘Bicher ‘Hesper 2000‘ an ‘Greeff‘.)

P.S. Den Uelzechtdall gëtt am Siegfried sengem Kaafakt vum ‘Bock’ den 12.4.963 ‘valle alsuntiensi’ genannt! D‘Duerf an d`Landschaft ronderëm hate bis an d’Mëtt vum 20. Jh. e ländleche Cachet. (Der Statistik no hat et 1951 ganzer 17 landwirtschaftlech Betriber, 25 Joer drop 7 an 2000 nach 4!) Beim Bau vum légendaire “Jangeli”, der Sekundärbunn Lëtzebuerg-Réimech, d.h. 1882, hat et ëm 440 Awunner a 1955 genee 30 manner. Duerch nei residentiel Quartieren ass et rapid gewuess: nom Millenium waren hei 1400 Leit doheem! Den Alzenger Camping ‘Bon Accueil’ erlaabt ”käschtegënschteg Erhuelung an der Natur” a krut rezent 9,3 vun 10 Punkte vun ‘Hotelverächter’ (R. Schulté.) Den ‘Dictionnaire Geographique’ du Luxembourg ernimmt 1858 d‘Diddenuewener Streck als eng vu 6 grousse Stroossen, déi an der Stad zesummekommen. Am lokalen Ëmzug fir 100 Joer Onofhängegkeet vum Land hat d’Chorale Alzéng 1939 e ‘Feierwon’ presentéiert…‘t louge jo och (bis 1955) Schinnen an der verkéiersräicher Nationalstrooss. D’imposant Lokomotiv vum ‘Jangeli’ hu Blummegirlanden an e Wope mam roude Léiw dekoréiert. ‘Alzina’ sollt iwwregens eng Plaz heeschen wou Eeche wuessen.