Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Aasselscheier

Aasselscheier heescht an der Géigend Uesselscheier an huet 61 Awunner. D’Distanz vun do op Aasselbur si 47 km - op Esch 25 an op Paräis 292. Dem klengen Uert seng Haiser verdeele sech laanscht d’rue du Grünewald, déi op Eesebur féiert. Säi separate groussen Haff stoung mat enger Dependence ewell do, wéi am Gréngewald Kouerten Holz nach mam Lambertifouss gemooss goufen. (7 mol 4 mol 3 Fouss) (1791 hat d’franséisch Nationalversammlung dann d’Iddi eng universell gëlteg Längeneenheet anzeféieren.) Zu den offizielle ‘lieux-dits’e’ vun der Luerenzweiler Gemeng hirer Sectioun C zielen ‘Op Aasselscheier’ an ‘Ënner Aasselscheier’. Bei der lokaler Gare routière, d.h. dem Busarrêt mat Haischen, halen de Schülerbus aus der Fiels a Richtung Lamperbierger Lycéée’en; (d’Uesselscheier Jugend ass domat a 25 Minutten um Zil) an de klenge Bus Luerenzweiler-Eesebur. Do besteet dann eng Verbindung fir an d’Stad.

D’heefeg matenee genannten Häff Aasselscheier a Kléngelscheier leien net wäit vuneneen; mä den zweete mat just 10 Leit betruecht d’Gemeng als eenzel Uertschaft. D’Haffgutt Kléngelscheier goung 1396 als Dotatioun vum Sire de Guirsch senger Wittfra Jeanne de Roussy un de Stater Hospice. Vum ale Kiem ass wéineg gewosst; där direkter Réimerstrooss Metz-Tréier hir Ofzweigung vun Duelem a Richtung Miersch–Dikrech koum héchstwahrscheinlech hei laanscht. (De ‘Kallekewee’ tëscht Luerenzweiler a Blaaschent staamt der Kollektivmemoire no aus der Réimerzäit an d’Raschpëtzer leien net wäit ewech.) D’Belagerung vu Karel V. (1543/44) hat ’die grossen Höfe der Probstei Luxemburg’, d.h. och deen Aasselscheier vill beschiedegt. (J.P. Koltz). Dëse figuréiert tëscht 1651 a 1793 am Steeseler Porregester. D’Ferrariskaart weist 1778 d’al Domainer als Cense Klingel Scheuer an d’Cense Ousselscheier A S. M. (mat engem ähnlechen Zonk ronderëm wéi dee vum noe ‘Grunen Wald’.) Dem Itinéraire du Luxembourg germanique no krut eng Madame de Seyl 1792 Eeseburer Lännereien an d’Schlass, ‘Terre des fermes d'Asselscheuer et de Klingelscheuer et la haute justice avec les droits de pêche et de chasse’ vum François II, empereur d'Allemagne... D’al Zeilen ernimmen tëschenduerch mam Grünewald den 1136 verstuerwene ‘Schetzelon’.

Zur Por Steesel haten nieft Aasselscheier zäitweileg 15 Uertschafte gezielt. Hir ’Dâf-Lëschten haten am Zäitraum vun 142 Joer 7.073 agedroe Kand-Dâfe. (E. Ney) Aanren alen Zeilen no sollten dorëmmer am Wanter 1724-’25 vill Kanner d’Riedelen net iwwerliewen. Beim Ëmstrukturéiere vum Porsystem gouf d’Eeseber Kapell 1808 zur Porkirch erhuewe mat Amber an Neimillen, Klingelscheuer an Asselscheuer als Filial. (D’haut an d’Por Miersch integréiert Duerfleit besichen zum Deel d’Blaaschenter Kierch.) - Ëm den Aasselscheierhaff dréie muunch reng beschriwwen Joerhonnerten-al Dokumenter. E koum 1797 an d’Gemeng Luerenzweiler. E war engem Temoignage no emol zougehéireg zur hollännescher Kroun. 1845 ënnerstoungen d’Nopeschgidder dem Friddensgeriicht Miersch; eng Zielung hat deemols festgehalen: ‘Klingelscheuer - Einzelnes Haus - 11 Einwohner’ an ‘Asselscheuer - Einzelner Hof - 7 Einwohner’. (Nach Erausgepicktes vum Haff... En offizielle Relevé vun Zuuchthengschten ernimmt 1879 ë. a. dem Schintgen Jean d’Asselscheuer säin Eisenschimmel an d’Stater Zentral-Molkerei 1940 e Leo Schintgen an hirem Komité.) An hire Ställ stounge spéider d’éischt Limousin-Ranner vu Lëtzebuerg. Deen haitege Besëtzer ass op ‘hornlose Zucht’ mat gudde Limousin-Eegenschafte spezialiséiert. E Mémoire vun engem Schüler vun der IIe. aus dem Mierscher Ermesinde-Lycée hat 2015–2016 de moderne Betrib beschriwwen. D’Primärschoul-Kanner bréngt iwwregens e Bus op Luerenzweiler.

D’Dierfchen Aasselscheier ass lues a lues gewuess. Aktuell Kaarte weisen ronderëm vill gréng Natur; e puer eeler Bauerebetriber existéiere wuel net méi, awer ‘t gëtt do och keng Residence. Relativ no ass der A7 hiren 1850 Meter laangen Autobunntunnel Stafelter-Aasselscheier. (E verbënd den Echangeur Waldhaff mam Plateau vum «Heeschdrëfferbierg». Seng zwee ‘tubes à deux voies’ mat Houfeise-profil féieren duerch de Grès de Luxembourg. Jidder Tunnelkilometer reduzéiert den Impakt vum Stroosseverkéier op d’Bëscher a schützt d’Flora, d’Fauna an d’Leit! (Den Tunnel Stafelter passéiere wiertes ronn 27.000 Autoen a Camion’en.) Laut Chiffren vum ‘Ministère du Developpement Durable et des Infrastructures’ verdanke mer am Duerchschnëtt engem Hektar Bësch 120 Kubikmeter Grondwaasser a 15 Tonne Sauerstoff; d’Beem filtere bis zu 50% Rouscht a Stëbs aus der Atmosphär a bannen 10,6 Tonnen CO2 pro Joer! (LW. 2016) - Ganz intressant ass och d’lokal Kläranlag. Dës biologesch Station d’épuration funktionnéiert iwwer Weieren; ’t schwammen Inten drop an d’gefiltert Waasser leeft an d’Baach. Se ka besicht ginn an eng (SIDERO) Brochure beschreift se. Nobäi verleeft eng Grenzsträif vum Distrikt Gréiwemaacher. An de verloossenen Uesselscheier Steebroch ass engem Lex Jacobi Text no ‘gutt fir seng Suergen ënner enger Handvoll Sand ze begruewen.’

P.S. ...net ze vergiessen - ee klengen Uert ënner villen wou 1463 Brennholz fir d’Festung hierkoum war Kléngelscheier. Vun do waren ’t nëmmen 12,6 km fir an d’Stad. Kléngelscheier huet jonk Propriétairen – an e grousse Beréng. Si an d’Noper vun der Héicht, déi vun Uesselscheier an och déi vum Scheierbierg intresséiere sech vläicht wat de René Engelmann alles mam Wuert Scheier festgehalen hat... E schreift «Geet engem eng Scheierluck (oder -Liicht!!) op – fängt en un ze verstoen.» Tselwecht mengt d’Variante vun der Späicherliicht! «Engem mat der Scheierpaart wénken» bedeit bildlech eppes kloer an däitlech ze verstoe ginn! ‘Aasseler’ huet kee speziellen Hannergrond, mä ass d’Traduktioun vum Wallouneschen Uert Anlier. Keng Iwwersetzung brauchen der Katarzyna Kot-Bach vun Aasselscheier hir Holz-Skulpturen. Vun der Artistin heescht et ‘Dans le bois, elle entame un dialogue direct avec la nature.’ E Saz deen d’ Fantasie vum Betruechter usprécht!