Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Bech

De Porverband Bech-Konsdrëf-Hemstel war den éischten vu Lëtzebuerg um Internet. E krut 2002 d’Pore Befort a Baërdref bäi, a betreit am Ganzen ca. 6000 Awunner. En erstreckt sech iwwer e grousst Gebitt vun eiser "Klenger Lëtzebuerger Schwäiz" a gehéiert zum Dekanat Iechternach. De Numm Bech geet an d’Zäit vun de Franken zréck  a soll un d ‘aldäitscht ‚beke’ fir Bach erënneren. ’’Bech’ kéint als Familljen- oder Spëtznumm stoen fir ’Personnes bavardes, qui ont du bec’.... oder e ’bec fin’...!

Bech (bei Iechternach) huet ënner sengen 397 Awunner e véirel auslännesch Mat-bierger vu 26 Nationalitéiten. ‘Friemer sinn och fréier hei passéiert um Carrefour vun zwou Réimer-Stroossen. Dës ernimmen 862 Bicher vun der Iechternacher Abtei. D’Duerf Bech war méi wäit vun Iechternach wéi Konsdref, mä huet der Willibrordus-Abtei gehéiert. Dëst weist sech bis haut an sengem kuckeswäerte Kär wéi an de lokale Mondaarten. Bech schwätzt wie Iechternach a Konsdref wi d’Uertschaften am wäiten Ëmkrees. 1256 koum den Haff Bech un e Chevalier vu Berbourg.

An der Noperschaft vun der Kierch sti stilistesch wäertvoll elegant Haiser aus dem 18. Joerhonnert. E wahrscheinlech fréieren ‘Iechternacher Haff’ ass 1758 datéiert mat der Devise ‘Ad astra’. D’Haus Nr. 46 ass dem Buch ‘Das alte Luxemburg heute’ (vum Robert Krantz a Norbert Quintus) no e soignéierten Ensemble vu 1770. Mä e rurale Charakter schléisst modern Infrastrukture net aus. An absolut ‘digne de statut de protection’ ass och d’Sauerbaach tëscht Bech a Berbuerg.

De ‘Chareli’ ass hei gutt 50 Joer passéiert, bis 1956, seng Trasse ass haut groussendeels eng Vëlospist. Um 210 m laangen Becher Tunnel gouf gebaut vun 1901 bis ‘03, d’Inauguratioun vun der 45,8 Kilometer laanger Streck Lëtzebuerg-Iechternach war de 19.4.1904. Den éischten Zuch ass den Dag drop gefuer, an déi lescht Zuchfaart war den 13. Juni 1954. De Numm Chareli war ofgeleet vum Virnumm vum deemolegen Generaldirekter vun den ‘travaux publics’ Charles Rischard.

D’romanesch Kierch vun 1875 krut 1908 dräi nei Klacken an eng Tuermauer .. an d’helleg Lucie gëtt an hir veréiert. Hir 1998 fräigeluete Molereien vum Kierchemoler Gerhard Lamers vu Kleve, engem Schüler vum Friedrich Stummel (wéi och de Brücher) datéiere vu 1901 an erwiermen optesch d’Atmosphär. Aacht vun de konschtvolle Fënschteren am Schëff si vun 1926 a reproduzéieren biblesch Zeenen mat villen Detailer. Si an d’ Molereien kéint ee mam Saz vum schottesche Philosoph David Hume (+ 1776) kommentéieren „Die Schönheit der Dinge lebt in der Seele dessen, der sie betrachtet.“

Net ze vergiessen: Bech ass säit 1808 e Porsëz ...seng Gare ass haut Restaurant mat Kënschtlergalerie, d’Molkerei vu 1909 eng ‘maison pour jeunes’ an ‘Hanner Bra’ e Kultur-Zenter‘. An d’Buch vun der Joffer Andrée Ketter vu 1978 “Bech und Geyershof seit 1637” ass en héchstintressant Dokument fir d’Nowelt. Et kuckt nämlech 10 Generatiounen zréck!

P.S. D’heescht ‘eist Häerz géif sech nach un Erliefnesser erënneren, déi eise Geescht eventuell vergiess huet… Een deen heirëmmer seng Kandheet verbruet huet, op Aenhéicht mat der Blummewelt… deem koum eis ‘kleng Schwäiz’ garantéiert net kleng vir! Filmzeenen vum Norbert Peffer mam Titel ‘Mein Duerf Bech’ hunn 2009 intressant Erliefnesser opgefrëscht.