Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Belval Metzerlach

De Lëtzebuerger Dictionnaire erkläert verschidde Wieder di mat Metz ufänken oder ophalen, z. Beispill bedeit ‘metzen’ …Steng behaen, wéi de Stee-metzer. T’fënnt een do dann och Metzer Kueben, oder -Kiischten, an d’Metzerlach an der Gemeng Suessem. Dëse Quartier ëstlech vu Bieles a südëstlech vun Zolwer gëtt als Poar an der ‘Communauté pastorale Zolwer’… ofgekierzt mat ‘BMZ’. Op der Landkaart existéiert no un der franséischer Grenz och e Metzerbierg, eng Héicht an der Loftligne tëscht Esch-Lalleng a Bieles. Ee Spezialist gesäit a ’Metzel’ eng al-louthrengesch Variante vu Matthias.

Ob zu Belval-Metzerlach méi Metz-vioule* wuessen wéi zu ‘Metzert’ am Attert-Dall? An ob ‘Metzing’/Moselle allerlee mat Metz ze dinn hat... dat am 2. Jorhonnert mat 40.000 Awunner méi grouss war wéi Paräis? Genuch där Theorien, bleiwe mer am Grand-Duché! Eisem ‘Metzgröndchen’ säin éischt Haus gouf 1925-26 gebaut. Dës Plaz verbënnt mat Metz vläicht en edlen Här; Hei si gudde roude Buedem an excellent Waasser, t’gouf es emol bis a China exportéiert. Quellen ëm den Zolverknapp fléissen an Direktioun Suessem oder Éilereng. Photoe vun 1905 erënnren un d’Source Bel-Val-Metzerlach, hiren 23m héige Filtréiertuer, an d’Entreprise ëm d’Mineralwaasser. Der 1891 gefaasster Quell hiren Debit war 300.000 Liter pro Dag, d’Waassertemperatur konstant 10°Grad! Dräi Joer nom Produktiouns-Arrêt vu 1935 sollt d’Arbed den Terrain kafen, an haut grenzt un d’Éilerenger Strooss e 95 ha grousse Schlakentipp.

En héige Niveau huet säit 1960 de ‘Cercle Vocal BelVal–Metzerlach‘, d’fréier Kierchechorale Ste Thérèse. Aktiv sinn hei och de Scoutegroup Don Bosco a säit 1965 der Protection Civile hire Centre d’Intervention communal. Relaxe kann ee nobäi beim Boule-Spill um Boulodrom a Meeschterschafte suivéieren oder den Trëppelgrupp vum Interesseveräin begleeden, deen a 6 Joer 150 mol ënnerwee war. D’Poar Bel Val-Metzerlach an hir 3000 Poarkanner hunn als Patréiner d’helleg Thérèse an den Don Bosco. S’ass di jéngst vu fënnef am Poarverband Suessem a besteet säit 1959; den engagéierten Här Fisch hat 15 Joer laang hei d’Poarliewe geleet. De Konzept vun der ‘Obersteeungskierch’ staamt vum Baseler Herrmann Baur; d’Regie hat de lëtzebuerger Architekt Robert Leer. D’Aweihung war de 4. Juli 1971 vu Mgr. Hengen. D’Melodie vun de 5 Klacken am separaten Tuer ass den Ouschter-Allelujah. Di meescht Géigestänn an der Kierch stame vum Tessiner Kënschtler Pierino Selmoni: Den Altor aus Granit an Dëschform ass schwaarz, wei bal alles… wi de Schieffer-Buedem an d’Altoerkräiz aus gebéiten Eisestief. D'Skizze vun den deels buedemhéige Fënschteren a Glasschmelztechnik an d’Ausféirung vun de fräie Kompositioune si vum Jean Zanter. De Wandteppech hannerëm Altor aus Natur-Material ass vun him a senger Fra. D’apaart Madonna vum Josef Rifesser (dem Madonnen-Peppi aus dem Tirouler Dall vun den Herrgottschnëtzer) gläicht där vum Cents; hiert Kënnchen hällt hei e Minettssteen an der Hand als Hommage un d’Grouwenaarbechter a net eng Drauf. Weider opfalen e Bronzerelieff an eng Statue mam ‘operstanene Christus’ an Bänken aus Eechenholz.. A bausse nieft der lénker Kierchepaart dekoréiere 9 Symboler aus Waacken e Wandbild. Di 1953 entstanen Theresie-Kapell fonctionnéiert säit 1971 als „Poarhaus” mat Festsall a Versammelungsraim fir d’kathoulesch Veräiner. Hir Fassade verschéinert d’Statu vun der Helleger vu Lisieux aus Zäite wéi d’Poar nach Dependence vu Bieles war.

P.S. den 1. September 2010 gouf invitéiert op d’offiziell Nei-Ouverture vum Poarhaus Eck Escher Strooss-Feldstrooss zu Bieles.’t ass renovéiert a nees fir Veräinsréuniounen, Familljefester oder Theater vun de Scouten disponibel! Et mécht seng Dieren och op fir Kaffiskränzercher, Bazaren a natierlech fir d’Metzerlach’er Poarkiermes, an déi ass den 1. Sonndeg am Juli. A gëtt dee Moment iwwer den Uertsnumm spekuléiert… kléngt dem Abbé Fisch seng Deitung zugudderlescht als déi valabelst: Hien huet METZ mat Metzen erklärt, ‘sauer Wisen’ déi hei de ganze Quartier virum Bebauen ausgemaach haten.