Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Biissen

D‘Biisser Gemeng entsprecht mat ëm 43% Bëscher der fréierer franséischer Klassifizéirung “département des forêts”. Hire Wope mat zéng strukturéierte Sträifen a Sëlwer a Schwaarz ass derivéiert vun den Armoirië vu de Biisser Häeren aus dem Mëttelalter. Am Laf vun der Geschicht ass et mol als "Bysange" oder “Byzhe” ernimmt... an ‘t steet 1585 als Byssen op der Mercator-Kaart. An d'Joer 1631 geet d'Grënnung vun der lokaler Schmelz zréck. Honnert Joer drop hunn hei un der Atert d'Hirsch- an d’Pastoretmillen funktionéiert. D' Waassermille gëllen allgemeng als eelst Maschinn, déi nët duerch Muskelkraaft  ugedriwwe gouf.. - Am 19. Jorhonnert huet d'Uertschaft evoluéiert, se krut d'Atertligne, 1887 d'Clouterie Mécanique an 1890 d’éischt Gemengen-Telefonskabinn. Dës gouf am Hotel Penin installéiert, un de staatleche Bureau vu Miersch ugeschloss.. an d’Nolfabrik krut d’Nummer 4. Paralell mam industrielle Wuesstem koum d'Verschéinerung vum Duerfkär. Géint 1910 hat et 10 Caféen… De Victor Kalmes erzielt op iwwer 1000 Säiten "Bissen seit eh und je" bal alles iwwer d'Uertschaft!

D‘Duerfgeschicht ka suivéiert gi bis an d'Zäite vum Siegfrieds-Schlass – a seng Por konnt 1960 dausend Joer féieren. Den Äerzbeschof vun Tréier sollt de Mierscher Porbezierk am Joer 960 hei nei kennzeechnen mat engem Grenzsteen, deen als ‘Bisiceromarkun’ bekannt ass. Eng Chronik nennt 1242 d'Awunner vu Biissen Tributairë vum Metzer ‘Couvent St-Sauveur‘. Siwe Joer spéider gounge seng Rechter un d'Seigneure vun Esch-Sauer. De grousse spéitmëttelalterleche Biisser Maart koum no 1839 aus der Gewan an den Duerfzentrum. 40 Joer drop ernimmt de Memorial säi KV, d.h. de Kram & Viehmarkt. D’Herrschaft Biissen koum um Enn vum 14. Jorhonnert duerch Mariage un d’Haus Pittingen, duerno Criechingen-Pittingen an weider a vill aner Hänn. Dem Kadaster vun 1766 no haten d’Pittinger Hären zu Biissen d’1730 gegrëndten Eisewierk, honnert Joer duerno den Henri-Jean Baron d'Oyen, an no him de Meesebuerger Schlasshär. Wi 1887 d’Nolfabrik an hir Atelier'e koum, krut se verschidde Besëtzer bis s’an d'Arbed integréiert gouf. An der Belle Epoque war d’Duerf "industrielement riche", steet geschriwwen. 1881 krut eng Paräisser Assurance d’Autorisatioun sech am Grand-Duché z'etabléiren, de Biisser Ernest Vanière gouf hiren Agent général.

D'Biisser Kierch entstoung 1860 am néogotesche Stil an huet zéng Sailen an dräi Schëffer, wat fir en Duerf rar ass. Hir al "Müller-Uergel” steet mat de véier schéine Beckius Fresken ënner Denkmalschutz. Dës stellen ënner aanrem "Jesus de Kannerfrënd" an d’Biergpriedegt duer a weisen, dass hire Moler seng Themen souwuel mam Häerz wéi mam Aa interprétéiert huet! Den éischte Kierchepatréiner ass de Stephanus, dee mam Buch mat Steng dran, den zweeten de Laurentius, de ‘Laurier-bekränzten’ deen eng Brudderschaft vu Käch patronéiert. D’Bänke loosse mam breede Mëttelgank eng schéi Vue fräi op den Altor.. ‘sou wéi architektonesch geplangt. - D’Por Biissen zielt nom Mierscher- elo zum Porverband Helpert a kann sech do als gréisst Duerf staark engagéieren. An der Kapell vum Wobierg aus dem Peschtjoër 1636 gëtt de Roukes veréiert, en Hellegen aus der viischter Rei vun de „Peschtilenz“ Patréiner. Si gëllt mat den zwee héije Käschtebeem als Symbol vum Duerf.

Biissen huet eng dynamesch Chorale an en intakt Veräinsliewen. Seng Musek ass eng vun de gréissten am Land; s’entstoung am Summer 1898 als Ënnerorganisatioun vun der Feierwier a gouf no 25 Joer eegestänneg ‘Harmonie‘. Säi Kulturzentrum "Woonerbatti" ass fir flott Rencontren an Ausstellungen op – an sou eng hat do d’lescht un d'Liberatioun an und d'Resistenz erënnert. Am Oktober 1940 enstoung hei heemlech di zweet Resistenzorganisatioun,( d'spéider LVL, d'Lëtzebuerger-Volleks-Legioun.) Un si erënnert an der Rue de la Laiterie e Monument. Geschafft huet se deels mat Flüsterpropaganda, deels mat Flugblieder; hire Noriichteservice hat London iwwer d’Peenemünder V1 a V2-Rakéiten informéiert. - Beim Uertsnumm Biissen denkt ee spontan un den ewell 1297 erwähnte "Biesserwee" am Stadgronn. Dëse weist op "Büsserweg" hin, e fréiere Pressessiounspad, mä “Biscergassa” kéint och op d‘alfranséischt “Bièz” fir Millekanal zréckgoen, well hei d‘zur Mënsterabtei gehéiereg ‘Biessermille’ stoung, (..d‘spéider Hasteschmillen.) Di zoukonftsorientéiert Uertschaft läit 23 km vun der Stad a war 2008 eng vun den iwwer 30 am Land mat ronn 2500 Awunner! Si ass a sechs Joer ëm ronn 270 Mensche gewuess. (a.d. ‚Kierchtuermscauserien‘.)

P.S. 1848 hat d'Duerf mat de 44 Leit vum Rouscht 1270 Awunner. D‘Gemeng Biissen bitt haut ronn 1800 Mënschen Aarbecht a säit Summer 2011 d‘No-Erhuelungsgebitt „Um Maart“ op enger Gemenge-Parzell bausst dem Duerf. D’ironesch-evasiv Äentwert op d’Fro “Wie war et... de Biissener Jann”!? wëllt soe ‘kee weess et’ a staamt aus dem Engelmann senge Wierker. Si beschreiwen och de Beruf vum onentbierleche “Cloutier“ dem Spezialist fir Neel ze man a bemierke “wien als Klautchen ufänkt.. kann als Goldschmatt stierwen!” D’Geschichtsfrënn däerft der Biisser Gemeng hire Stempel vun 1814 intresséieren, deen d’Gemengeblat „Klautjen“ Nr. 17 presentéiert an d'Info, dass neierdengs d’Biisser Gare ënner Denkmalschutz steet; hir Pläng vu 1878 sinn iwwregens identesch mat deene vun der Useldenger Gare! Am Rapport mat gallo-réimeschen Trouvaillen „an Ierwent“ gëtt d’legendärt „Schlass Honswénkel“, e bessere galloréimesche Guttshaff, ernimmt! Dëse Flouernumm ass net méi geleefeg hei, mä d‘rue des Jardins heescht nach „Honsgaass“. De Soeschaz vum Gredt zitéiert als Quell e „Möchtegern-Aristokrat“ mam extravagante Numm Louis-Charlemagne-Joseph L’Evêque de la Basse Moûturie, deen 1837 d‘ural Mauerreschter erwähnt.