Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Bollenduerfer-Bréck

D’Duerf Bollenduerferbréck zielt mat senge ronn 300 Awunner zur Gemeng Bäerdref. ‘t läit laanggezunn laanscht d’Sauer, 38 km vun der Stad an 8 vun Iechternach. Ee Präbbeli heescht do e ‘Pallberi’ an den Uertsnumm ass lokal Bollendreferbréck. D’Promenade aus dem Dall op de Bäerdrefer Plateau féiert laanscht impressionnant Fielsen. Dem E. Steyer no (deen ‘den Eck kannt huet wéi seng Täsch’) sinn dës geologesch tselwecht wéi d’Kasematten. Aus der Südeifel eriwwer erstreckt sech den Däitsch-Lëtzebuergeschen Naturpark. De Begrëff ‘Pollendrëffer Urgesteen’ war e Kompliment fir den Duerfchronist (vun der däitscher Säit) an ‘t heescht op deem engen an anere Sauer-Ufer alt emol fir en 80järegen ‘en hut der iischter fer d’zwäät 40‘! (Gusti.lu) Fir kleng soe se laanscht eis Ostgrenz klän oder kleen - a klan op der Bollendreferbréck fir d‘Noper vis-à-vis z’imitéiren! (Jongléiere mat verwandte Sproochen ass relativ amusant a kreativ.)

Beim Wiener Kongress, wéi mir bei eiser zweeter Deelung e Grand-Duché goufe, koum eisen Terrain déisäit Musel, Sauer an Our u Preußen. Säit 1815 zielt dofir de gréissten Deel vun der Uertschaft Bollendorf (mat haut ëm 1700 Leit) zum Äifelkrees Béibreg-Prüm an zur Rheinland-Pfalzer Gemeng Irrel. (An esou Fäll krut de klengsten Uertsdeel de Suffix “bréck“ ugehaangen (Beispill ‘Iechternacherbréck’.) Richteg entwéckelt hat d’Duerf hannerum Grondhaff sech no 1815 mat der Weilerbaacher Eisenindustrie. Deemols sollte franséisch an däitsch Aarbechter sech do nidderloossen. Och d‘Zuchstreck Dikrech-Iechternach huet d‘Evolutioun vum klengen Duerf influençéiert. - E kuerze Réckbléck a fréier Zäite weist, dass d‘Buerg mat réimesche Fundamenter d’Sauerduerf geprägt huet. Al Dokumenter nenne beispillsweis hirer Ritter Ministeriale vun de Landeshären. 716 fale Schenkungen op un d‘Klouschter Iechternach vum Burgunder-Herzog Arnulf (vu Gidder „in villa bollana“gelegen) a vum Karl Martell d‘‘villa que vocatur Bollunvilla sive Bollunthorp.‘ Dem Vogt Kuno von Bollenthorp seng ‘bal fürstegläich Stellung’ ass 1156 erwähnt. 1453 goung den Iechternacher Abt bei Onrouen an de Chateau St. Willibrord, d.h. an d‘Fluchtbuerg vum Klouschter (schreift d’ ‘Chronik der Burg Bollendorf‘.).Bréiwer vum Abt Bertels goufen ëm 1601 vun do aus fortgeschéckt..An an d‘Joer 1630 (ënner Philipp IV. aus der Spuenescher Habsburg-Ligne) fällt dem Iechternacher Abt säi Kaf vun der Héichgeriichtsbarkeet vu Bollendorf (ënner déi ë.a. ‘Bech, Geiershaff ,Roswinckel an Altréier gefall sinn. - Am Hank vum Buergberäich hunn am Ancien Régime Déngschtlait gewunnt, an ënnen ëm d’Bréck eng bäierlech Populatioun.

De Grondsteen vun aktueller Kierch vu Bollenduerferbréck gouf 1952 geluet nom Plang vum Architekt Gillardin vu Péiteng. Se krut 14 Fënstre mat geometreschen Ornamenter vum Charles Bradtké an hirt liicht trapezförmegt Schëff ass hanne méi breed wéi vir. Hir Chouerwand dekoréiren Zeechnungen an am separaten roudelsechen Tuerm hänken dräi Klacken. Si ass der Assomptioun vu Maria geweit an traditionell gëtt hei Léiffrawëschdag gefeiert. Bal grad sou al wéi de Kierchebau sinn d’Chorale an de Kierfech. D‘Porkierch vum ale Bollendorf ass aus dem 2. Drëttel vum 19. Jh. a steet tëscht béiden Uertsdeeler. Och nach wéi deen een däitsch war goungen d’Leit an seng Méchelskierch an d’Kanner bis 1913 duer an d’Schoul! Déi al Bollendorfer Bréck vun 1863 ass mat dräi ronne Béi iwwer hirer ‘rivière d’azur mouvant‘ am Bäerdrefer Gemengewopen intégréiert. Déi nei Dunnebréck sollt se 1951 ersetzen a verbënnt d‘lëtzebuergesch N10 mat der däitscher L1, a mat der L3. Mä ewell a Réimerzäite stoung nobäi eng Sauerbréck. D’Musel an d’Sauer, eis gréisst Waasser-Oderen, trennen Grenzräim. An dës kënnen e nëtzlechen Austausch vun handwierklechem Gescheck a Wëssen offréieren. D’Sammlung vu ‘Sitten & Bräuche‘ (P.Tousch) verréit‘ ‘wien hei fréier e Beieschwaarm fonnt huet, sollt en op de ‚Beiebick‘ stellen an am Hierscht war den Hunneg hallef fir de Fënner an hallef fir d’Herrschaft.‘

De Pierre Notting, Associé vum Stater Rousenziichter-Pionéier Jean Soupert säit 1855, war 1825 zu Bollendorf gebuer. Seng Schwëster gouf d’Madame Soupert (F. Gardini.) De Fernand Fox, dee joerzengtelaang op Lëtzebuerger Bühne stoung, hat 1934 op der Bollendreferbréck säin éischte Kreesch gedoen. Zeile vum Prof Hess beschreiwen 1939 al Berufer an donieft weist eng Photo Dilleseeër (‘scieurs de long‘) bei der Aarbecht zu Bollendreferbréck. (Dobäi stäipt en héije Bock mat zwee Féiss de Baamstamm, ‘t steet een uewendrop an een drënner, an hir laang Handsee mat zwee Grëffer erfuerdert beim Seeë laanscht de Stréch geschéckt a staark Hänn. Nach eng Raretéit: d'ofgedroend Gebai vun der Grondhaffer Gare gouf hei nees opgeriicht an als Monument klasséiert.

P.S. Sproochefuerscher leeden den Uertsnumm aus der Lag vum Häresëtz am Sauerbou of, an zwar vum keltesche Wuert „Bollen“ fir Flußkrümmung! (Vläicht gouf et hei emol speziell keltesch Drénkbolle mat Still, fir aus Eemeren ze scheffen?) Korrekt geschriwwen daucht den Numm Bollendorf 915 op an engem Akt vum Karl III. vu Westfranken. Haut kënnen Hotels-Gäscht an der restauréierter Burg Bollendorf historeschen Ambiente genéissen, ëmmerhinn existéiere nach dem Abt Peter Richard säi Renaissance-Kamäin, d’grouss al Wendeltrap, an de gotesche Ronntuerm an de Park mat exotesche Beem vun 1768 sinn erhalen. Den Iechternacher Äbt hir Summerresidenz war Deel vun eisem Patrimoine, hei bestoung ganz laang keng Grenz. Haut zielt d’Plaz zur Groussregioun, déi aus geologesch a geographescher Siicht eppes wéi e grousse Gaard duerstellt. D‘Lag bei der Sauer gëtt Bollendreferbréck e gewësse Charm, mä fir d’Awunner ëm d‘rue "Gruusswiss" ass den Iwwerschwemmungsrisque kee friemt Wuert.